Loscht op Mord Charel Krier, Julie Gerard
-
- True Crime
"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.
De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.
-
Episod 87 - Krankhaft Obsessioun um Danielle Jones
Den 1. Juni 2001 verschwent d'Danielle Sarah Jones moies um Wee fir an d'Schoul. Zeie gesinn nach wéi hat mat engem Mann an engem bloe Van streit, mee vun deem Punkt u ass d'Danielle ni méi gesi ginn.
Ee bestëmmte Mann mat enger krankhafter Obsessioun fir d'Danielle sollt fir alles verantwortlech sinn. Wien dat ass, wat geschitt ass an all weider Informatioune gitt dir an dëser Episod gewuer. -
folge #86 - De Fall Hannah Graham
2014 gëtt dat 18-järegt Hannah Graham no enger Party vermësst. Seng lescht Noricht un seng Kolleege war, dass et sech verlaf hätt. Kuerz Zäit drop ginn Hiweiser zum Hannah sengem Verbleiwe fonnt an och schnell dann dem Hannah seng stierflech Iwwerreschter. Mee och en Täter ka schnell fonnt ginn. Hei kënnt dann dat schlëmmst un d'Luucht: et handelt sech ëm e Serientäter. Vill ongekläerte Fäll kenne lo ofgeschloss ginn. Wien et war a wat geschitt ass gitt dir an dëser Episod gewuer.
-
Episod 85 - D'Entféierungvum Maria Börgerl
Am Mee 2010 gëtt d'Maria Börgerl, d'Fra vum Virstands-Virsëtzende vun enger Spuerkeess, aus hirem eegenen Haus entfouert. Et kennt och en Uruff mat enger Léisegeld- Fuerderung. Mee hei soll et schif lafen, wat dem Maria säin Doud zur Follge huet.
Wat genau geschitt ass an ob d'Täter gefaasst goufen, gitt dir an dëser Episod gewuer. -
Episod 84 - De Fall Aileen Wuornos
D'Aileen Wuornos huet eng immens traumatesch Kandheet a Jugend duerchlieft a wat esou eppes mat engem Mënsch ka maache wéisst dëse Fall ganz gutt. Well d'Aileen gëtt zu enger Seeriemäerderin. Mee wat ass alles geschitt, fir dass et esou wäit konnt kommen a wéi ass alles ofgelaf? Dat alles gitt dir an dëser Episod gewuer.
-
Episod 83 - De Bréif aus dem Graf
Wéi de Kent Leppink eng Bezéiung mam Mechele Linehan ageet, denkt hie bei weitem net drun, dass dës Bezéiung den Ufank vu sengem Doud ass. Kuerz viru sengem Doud schreift hien awer e Bréif un seng Eltere mat 3 méiglechen Täter falls him eppes sollt zoustoussen.
-
Episod 82 - De Mord um Yangjie Li
Den 11. Mee geet d'Yangjie Li zu Dessau joggen, wéi et dat esou oft mécht. Mee dës Kéier sollt et net méi a senger WG ukommen. De Sebastian Flech an d'Xenia Lang hunn e perfide Plang, deen se ëmsetze wëllen. Dësem Plang fält d'Yangjie zum Opfer a sollt dat Ganzt net iwwerlierwen. Wat genau geschitt ass, erziele mir an dëser Episod.