RTL - Automag RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Sport
Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto
-
Automag: Citroën Ami, 20/06/2024
Kleng an handlech ass e jo mol, de Citroën Ami. Wéi sech de klenge Fransous am Alldag schléit, an ob se da Kolleege gi sinn, dat verréit eis den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp. Well du has d’Éier den Ami an Ami Buggy ze probéieren.
-
Toyota Yaris Cross Hybrid (Facelift an Update), 10/06/2024
Ëm den Toyota Yaris Cross geet et haut am Automag. Dee gouf iwwerschafft fir dass di positiv Verkafszuelen och weiderhi Bestand hunn. De Christian Schmit war op der Presentatioun mat dobäi.
-
Automag: Mercedes-Benz GLB Facelift, 03/06/2024
Am Automag vun haut steet mam Mercedes-Benz GLB en éischter kompakten SUV am Mëttelpunkt. Ob de 7-Sëtzer als Familljenauto iwwerzeege kann, huet den Akim Schmit aus der Automag Ekipp probéiert erauszefannen.
-
Mercedes-Benz CLE, 27/05/2024
Haut am Automag eppes aus der Kategorie Dramauto. E chice neie Cabriolet gouf bei summerlechen Temperaturen op Teneriffa presentéiert. Dat war de Mercedes-Benz CLE, an de Christian Schmit wosst dat ze genéissen.
-
Opel Frontera, 20/05/2024
D'Mark mam Blëtz am Logo, Opel feiert 2024 125 Joer, an erfreet sech am Moment grousser Beléiftheet. A fir dass dat och esou bleift kommme permanent nei Modeller an de Showroom.Elo ass et da geschwënn um Frontera. Wéi e Profil dee wuel huet a genee positionnéiert soll ginn?
Alles dat gouf de Christian Schmit op enger Avant-Première zu Rüsselsheim gewuer. -
Opel Grandland, 25/04/2024
Haut am Automag eng Avant Première. Dat mam Opel Grandland vun der zweeter Generatioun. Een aus der Kategorie SUV. Dat bleift esou, mee soss ass et dach e komplett neie Modell.Fir eis war de Christian Schmit dobäi wéi de Voile eng éischte Kéier gelëft gouf.
Salut Christian.