36 episodes

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.
All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Poterkëscht vum INLL Poterkëscht

    • Education

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.
All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

    De Charakter: Stärenzeechen

    De Charakter: Stärenzeechen

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer d'Stärenzeechen an déi verschidde Charaktereegenschafte vun de Stärenzeechen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Laura: So, Julie, weess du zoufälleg, wat de Max am Horoskop ass? Du kenns dech jo esou gutt domat aus. 

    Julie: Jo, hien huet den 10. Februar Gebuertsdag, dofir ass hie Waassermann. An dat passt gutt bei hien: hien ass éischter onkonventionell, an ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt. 

    Laura: Dat stëmmt! Hien ass wierklech originell an huet déi verrécktsten Iddien. A wat ass mat denger Frëndin, dem Anouk? Wat fir e Stärenzeechen huet hatt? 

    Julie: D’Anouk ass e Stéier. De Stéier ass ganz gedëlleg a buedestänneg. Ech fannen, datt dat gutt zoutrefft. Wat mengs du? 

    Laura: O jo, total! D’Anouk ass ëmmer immens roueg an entspaant, esouguer a stressege Momenter. Hatt ass wierklech en typesche Stéier. A wat ass mam Tom, eise Matbewunner?   

    Julie: Den Tom ass en Zwilling. Hien ass ganz gespréicheg an huet vill verschidden Interessien. Ech fannen, dat passt och gutt bei hien. 

    Laura: Jo, definitiv. Den Tom ka mat jidderengem schwätzen an interesséiert sech fir esou vill Saachen: Vëlo fueren, Schach spillen, baken, Dokumentarfilmer … Et ass wierklech interessant, wéi d’Stärenzeechen heiansdo total bei d’Leit passen, fënns de net? 

    Julie: Op alle Fall! Mee et stëmmt awer net ëmmer. Kuck emol meng Schwëster, d’Lisa. Hatt ass Skorpioun. De Skorpioun ass leidenschaftlech an intensiv. Fënns du, datt dat bei hatt passt? 

    Laura: Nee, éischter net. Ech hätt net geduecht, datt d’Lisa e Skorpioun ass. Hatt ass jo éischter méi roueg an zeréckhalend. Mee bei mengem Brudder ass et och esou. Hien ass Léiw, mee hien ass alles anescht wéi dominant an extrovertéiert. Hien ass éischter de Géigendeel dovun : schei an introvertéiert ! 

    Julie: Wat beweist eis dat? Stärenzeeche sinn zwar interessant, mee ob se wierklech stëmmen, dat ass eng aner Saach. 

    Laura : Do hues de Recht. 

    • 3 min
    Eng schlecht Vakanz

    Eng schlecht Vakanz

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt gelauschtert. Deng Vakanz kléngt jo wonnerbar! Ech si frou, dass de dech erhuele konnts! 

    Eis Vakanz war bis elo leider net esou flott… Als alleréischt gouf eise Fluch annuléiert, well de Fliger eng technesch Pann hat. Mir hunn du missen 8 Stonnen zu Frankfurt um Fluchhafe waarden. Wéi mir zu Punta Cana ukoumen, hu mir immens laang op eist Gepäck gewaart, mee et ass net komm. Si haten eis Wallissen net verluer, mee se waren nach zu Frankfurt. Du si mir ouni Gepäck an den Hotel geféiert ginn.  Mir hunn eis direkt eng nei Tenue, Ënnerwäsch, e Pyjama, an e Maillot an eng Schwammbox an engem Buttek am Hotel kaf. Den Hotel ass flott, mee leider si mir direkt den zweeten Dag krank ginn. Mir hunn d’Iessen net verdroen. Ech hat glécklecherweis Medikamenter a mengem Handgepäck, mee mir louchen trotzdeem zwee Deeg krank am Bett.  Wéi mir nees gesond waren, wollte mir en Auto lounen, fir d’Insel kucken ze goen, mee eis Visaskaarten hunn net fonctionéiert a mir hunn nees missen zréck an den Hotel goen. Dunn ass mer deen Dag nach eppes Blödes geschitt! Ech si bei der Piscine ausgerutscht an hu mer de Fouss verstaucht! De Philippe féiert mech elo iwwerall mam Rollstull wéi eng Kinnigin. Ech kann zwar elo keen Tourismus méi maachen, mee Haaptsaach ech kann nach an der Piscine leien, et sinn nämlech all Dag ëm déi 37 Grad! Eis Bagagë si gëschter ukomm. Ech hoffen, et geschitt déi nächst Deeg näischt méi a mir kënnen eis Vakanz nach e bësse genéissen. Sou, dat war et! Bis d’nächst Woch! Ech freeë mech schonn dech erëmzegesinn! Kussiii 

    • 3 min
    De Summer an Nationalfeierdag

    De Summer an Nationalfeierdag

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer de Summer. Duerno héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi iwwer Nationalfeierdag schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    De Summer

    Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten oder Fester, déi et zu Lëtzebuerg am Summer ginn. Vläicht inspiréiert Iech dat, dat eent oder dat anert auszeprobéieren. Am Summer ass et meeschtens waarm an et kënne bis zu 35 Grad ginn. Wann et esou waarm ass, da gi ganz vill Leit op de Stauséi, d’Baggerweieren oder den Iechternacher Séi. Op dëse Plaze kann een net nëmme schwamme goen, mee et kann een och Stand-Up Paddle maachen, mam Kayak oder mam Kanu fueren, an natierlech och just chillen. Et kann een och picknicke goen oder eventuell grillen, mee da muss een oppassen, dass et net verbueden ass. Wann een an der Stad bleiwe wëll, da kann een och relax an d’Uewerstad eppes drénke goen. Do gëtt et eng Rei vu Caféë mat Terrassen, déi bis owes spéit op sinn. Wärend dem Dag, a wann et net alt ze waarm ass, kann een och op de Kierchbierg bei d’Coque goen, Petanque spillen an eppes Guddes, Kales drénken. 

    Eng flott Plaz fir d’Kanner ass den Escher Déierepark. Hei kann ee verschidden Déiere gesinn an och fidderen. Do gëtt et souguer Bamhaiser, an deenen ee schlofe kann. Dat ass e flott Erliefnes fir d’Kanner.  

    An da gëtt et natierlech och nach d’Schueberfouer am August, wou ee lëtzebuergesch Spezialitéiten,  wéi Gromperekichelcher oder Eisekuchen, iessen oder op déi verschidde Spiller goe kann. Dat ass och ëmmer eng gutt Occasioun, fir no der Aarbecht Kolleegen ze gesinn. 



    Nationalfeierdag

    A: Salut Chiara. Wéi geet et dir? 

    B: O alt esou... Wéi s du héiers, hunn ech mech erkaalt. 

    A: Dann hoffen ech, dass de fir de Weeekend erëm fit bass. Et ass esou vill lass an ech ka mech net entscheeden. Wat hues du da fir de Weekend geplangt? 

    B: Ech maachen näischt Extraes. 

    A: A sou? E Sonndeg, also den 23. Juni ass zu Lëtzebuerg Nationalfeierdag, mee mir feiere schonn den Owend virdrun, also den 22. Juni. 

    B: Ass Nationalfeierdag ëmmer sonndes am Juni?  

    A: Nee, et ass ëmmer den 23. Juni. Dëst Joer fält et op e Sonndeg. 

    B: A firwat ass Nationalfeierdag den 23. Juni? Wat feieren d’Lëtzebuergerinnen an d’Lëtzebuerger dann? 

    A: Haha, jo, dat ass eng witzeg Geschicht. Mir feieren offiziell Groussherzogsgebuertsdag, also de Gebuertsdag vum Groussherzog, vum Grand-Duc. 

    B: Wat ass dann do witzeg? 

    A: De Grand-Duc Henri huet net den 23. Juni Gebuertsdag, mee de 16. Abrëll. 

    B: Dat heescht, den Datum vun Nationalfeierdag ännert net mat all Grand-Duc oder Grande-Duchesse? 

    A: Genee! Mee, et ass och witzeg, well et hat nach ni e Grand-Duc oder eng Grande-Duchesse den 23. Juni Gebuertsdag! 

    B: Wat gelift? Elo verstinn ech guer näischt méi! 

    A: D’Grande-Duchesse Charlotte, dem Grand-Duc Henri seng Groussmamm, hat den 23. Januar Gebuertsdag. Si war bis 1964 Grande-Duchesse.  Hire Jong, de Grand-Duc Jean, hat de 5. Januar Gebuertsdag. Duerfir hu si 1961 aus klimatesche Grënn decidéiert, datt mir den 23. Juni Feierdag hunn. Mee mir feiere schonn den 22. Juni a mir feieren an den 23. Juni eran. 

    B: Interessant! Awer wierklech och witzeg! Wat méchs du dann den 22.? 

    A: Mir ginn an d’Stad. Mir ginn de Fakelzuch kucken, well eist Lina mat de Scoute matgeet. Duerno gi mir eppes iessen a kucken d’Animatiounen an der Stad. Et kann een och op ville Plaze Concerte lauschteren. Um 23.00 ass dann d’Freedefeier bei der Gëlle Fra. 

    B: Dat heescht, et ass just an der Stad eppes lass? 

    A: Nee nee, et gëtt am ganze Land Evenementer. Du fënns bestëmmt online Infortmatiounen doriwwer, wat bei dir an der Géigend lass ass. 

    B: A wat méchs du den 23. Juni?  

    A: Moies kucke mir d’Zeremonie an der Philharmonie an d’Militärparad an der Stad op der Tëlee. Duerno komme meng Eltere bei eis

    • 6 min
    Aussprooch: ei - éi

    Aussprooch: ei - éi

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut trainéiere mir d'Aussprooch a konzentréieren eis op ,,ei'' an ,,éi''.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “d,e,i,e,r” an “D, é (e Accent aigu), i, e r”? 

    B: “deier” ass de Géigendeel vu “bëlleg”, z.B. en Haus ass deier, eng Ketten aus Gold ass deier. 

    A: Ok. 

    B: Mir schreiwen “deier” mat  d, e, i , e, r   a mir prononcéieren et: deier. D’Aussprooch vum Diphthong “e,i”  ass [ɑɪ]. Denk un en “a” an en “i”: [ɑɪ]. Probéier du et elo! [ɑɪ] 

    A: [ɑɪ] 

    B: [ɑɪ] 

    A: [ɑɪ] 

    B: Gutt! So elo: “deier”! 

    A: deier 

    B: deier 

    A: deier 

    B: Tipptopp! En “Déier” ass eppes Aneres. En Hond ass en Déier, en Elefant ass en Déier, e Fësch ass en Déier, a sou weider. Mir schreiwen et och anescht wéi “deier” an d’Aussprooch ass anescht. Mir schreiwen et grouss a mat Accent aigu: D, e Accent aigu, i, e, r. D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey” oder “Ey”. So eng Kéier: [ɜɪ]. 

    A: [ɜɪ] 

    B: [ɜɪ] 

    A: [ɜɪ] 

    B: An elo: “Déier”. 

    A: Déier 

    B: Déier 

    A: Déier 

    B: Lauschter den Ënnerscheed:     deier     Déier     deier     Déier     deier  B: So “deier”.  A: deier  B: So “Déier”  A: Déier

    A: Elo héieren ech den Ënnerscheed. 

    B: Hei sinn nach Wierder mat [ɑɪ]: Leit, hei, bei, eis, nei, Gei, schreiwen, leider, eidel, einfach, fein, Feier, Feierdag, feieren, heiheem, weiblech, zeideg, Zeil, a sou weider. An hei sinn nach Wierder mat [ɜɪ]: wéi, véier, éischt, éischter, Méindeg, schéin, Kéier, léieren, kombinéieren, notéieren, buschtawéieren, féieren, géint, héieren, séier, a sou weider 

    A: Ok! Merci fir deng Hëllef! 

    B: ‘t ass gär geschitt! 

    • 4 min
    Am Kleederbuttek an d'Wallis paken

    Am Kleederbuttek an d'Wallis paken

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Kleeder. Fir d'éischt héiere mir en Dialog am Kleederbuttek. Duerno lauschtere mir enger Koppel no, déi hir Wallis fir d'Vakanz péckt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Am Kleederbuttek

    Verkeeferin : Gudde Moien ! Wéi kann ech Iech hëllefen ? 

    Cliente: Moien! Ech sichen e Rack fir op eng Hochzäit. 

    Verkeeferin: Wat fir eng Faarf soll et sinn? 

    Cliente: Am léifste blo. Natierlech elegant, a vläicht aus Seid. 

    Verkeeferin: Ech mengen, esou eppes hu mir. Wat fir eng Gréisst hutt dir? 

    Cliente: 38. 

    Verkeeferin: Kommt mat Madamm, ech weisen Iech e puer Räck. 

    Cliente: Merci. 

    Verkeeferin: Voilà, hei hunn ech dräi Räck am Bloen. Deen een ass och aus Seid a geet bis un d’Knéien. Wëllt dir e gär en umoossen? 

    Cliente: Jo, deen do gefält mir. Wat denks du, Marc? 

    Mann: Jo, deen ass schéin. Mooss e mol un. 

    Cliente: Wou sinn d’Kabinnen? 

    Verkeeferin: Do hannen. Braucht dir soss nach eppes? 

    Cliente: Nee, merci, ech kucke fir d’éischt just dee Rack hei. 

    Verkeeferin: An? Wéi sëtzt de Rack? 

    Cliente: Perfekt! Marc, kuck emol ! 

    Marc : Jo, e geet dir wierklech gutt. Ech géif en huelen. 

    Cliente: Wéi vill kascht e, wgl? 

    Verkeeferin: 120 €. Mee en ass an de Solden, dofir kritt dir nach  20 % drop. 

    Cliente: Super! Ech huelen en.  

    Verkeeferin: Braucht dir soss nach eppes? 

    Cliente: Nee, dat ass alles. 

    Mann: Moment, ech brauch och nach en neie Kostüm fir d’Hochzäit!  

    Verkeeferin: Ok, Monsieur, kommt mat, ech weisen Iech eis Kostümer. Soll et eng bestëmmt Faarf sinn? 

    Mann: Ech mengen, donkelblo wier flott. Dat passt gutt bei menger Fra hiren neie Rack. Deen hei gefält mir ganz gutt. Hutt dir deen och am 52? 

    Verkeeferin: Ee Moment, ech gi kucken … Jo, hei ass en am 52!  

    Mann: Merci, ech ginn en umoossen. 

    Verkeeferin: An? Ass e Mooss? 

    Mann: Jo. Claire, kuck emol! 

    Cliente: Jo, en ass net ellen. An e passt gutt bei mäi Rack. Mee ech weess net, ob d’Faarf dir esou gutt geet … 

    Mann: Hmm … Wéi vill kascht en, wgl.? 

    Verkeeferin : 250 €. 

    Mann : Sinn do och nach Prozenter drop? 

    Verkeeferin: Nee, leider net. D’Kostümer sinn net an de Solden. 

    Mann: Hmm, ok … Ech mengen, dann iwwerleeën ech mir et nach eng Kéier. Vläicht fannen ech eppes aneres, wat mir besser gefält. 



    D'Wallis paken

    Lara: Ech freeë mech schonn op eis Vakanz! 

    Mike: Jo ech och! Endlech fort aus dem Reen! 

    Lara: Ech weess net wierklech, wat ech apake soll.  

    Mike: Also ech hunn d’Wiederprevisioune gekuckt an et gëtt sonneg an immens waarm. Ech hu liicht a bequeem Kleeder agepak. 

    Lara: Mega, ech brauch definitiv e bësse Sonn! Wat hues du da genau agepak? 

    Mike: Ma ech hu mäi bloen a mäi bronge Short agepak. Ech huelen och véier wäiss T-Shirten mat, du weess, ech schweesse vill. Fir owes hunn ech nach mäi gréngt a schwaarzt Hiem agepak. Wat d’Schong ugeet, huelen ech just meng bequeem rout Turnschlappe mat. 

    Lara: Ok. Ech mengen, ech paken da mäi faarwegt Kleed a meng giel Blus an. Dann huelen ech och nach meng blo kuerz Box, mäi grénge Short, meng geblummelegt Jupe, mäi rouden T-Shirt, meng gëlle Sandalen, meng schwaarz Tallekeschong...  

    Mike: Ehm... Maach mol lues, mir bleiwe jo just véier Deeg do. 

    Lara: Jo, mee ech huele léiwer méi mat, dann hunn ech méi Choix. 

    Mike: An der Rei, sou laang alles an däin Handgepäck passt, ass dat ok. 

    Lara: Maach dir do keng Suergen. 

    Mike: Vergiess och net deng Sonnecrème an däi Sonnebrëll matzehuelen. 

    Lara: A jo, stëmmt! A mäi gesträifte Bikini a mäi liichte Pyjama däerf ech och net vergiessen. Hmm, vläicht muss ech awer manner Saachen apaken. 

    Mike: Ech mengen och. Ech loossen dech elo a Rou deng Wallis paken.  

    Lara: An der Rei. 

    • 4 min
    Iwwer Veräiner schwätzen

    Iwwer Veräiner schwätzen

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Mir maachen en Interview mat zwou Persounen, déi eis iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Speakerin : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Bei eis am Studio sinn haut d’Lisa an de Markus, déi eis e bëssen iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. 

    Lisa : Moien ! 

    Markus : Moien ! 

    Speakerin : Lisa, erziel eis emol fir d’éischt vun dengem Veräin. A wat fir engem Veräin bass du aktiv, a wat maacht dir do alles? 

    Lisa: Ech si Member an engem Turnveräin. Mir treffen eis zwee Mol d’Woch an der Sportshal vun eisem Lycée. Do maache mir verschidden Turnübungen an danzen zesummen.  

    Speakerin: Dat kléngt spannend. Wéini trefft dir iech dann ëmmer? 

    Lisa: Mir treffen eis méindes an donneschdes vu 16 bis 18 Auer, no der Schoul. 

    Speakerin : Wat gefält dir da besonnesch gutt un dengem Veräin? 

    Lisa: Villes! Ech fannen et flott, datt ech mech no der Schoul e bësse bewegen an nei Leit aus anere Klasse besser kenneléiere kann. Et mécht mir och Spaass, nei Turnübungen ze léieren an u Competitiounen deelzehuelen. 

    Speakerin: Ginn et och Nodeeler? 

    Lisa: Jo, heiansdo ass et ustrengend, no der Schoul nach op den Training ze goen, virun allem, wann ech och nach fir eng Prüfung léiere muss. 

    Speakerin: Merci, Lisa! Elo zu dir, Markus. A wat fir engem Veräin bass du? 

    Markus: Ech sinn an engem Schachveräin. Mir treffen eis eemol d’Woch an engem klenge Café. Do spille mir Schach a léieren nei Strategien. 

    Speakerin: Wéini maacht dir dat? 

    Markus: Mir treffen eis ëmmer mëttwochs um siwen Auer owes. Heiansdo bleiwe mir esouguer bis zéng Auer do, wann et eng besonnesch spannend Partie ass! 

    Speakerin: A wat gefällt dir extra un dengem Veräin? 

    Markus: Mir gefält déi roueg Atmosphär an den Challenge, fir sech am Schachspill ze verbesseren. Ausserdeem hunn ech och vill nei Leit kennegeléiert. 

    Speakerin: Ginn et och Saachen, déi dir manner gutt gefalen? 

    Markus: Heiansdo dauert eng Partie ganz laang, an dat ass ustrengend, wann ee schonn de ganzen Dag geschafft huet. An natierlech, wann ee verléiert. 

    Speakerin: Dat kann ech verstoen. Merci, Markus a Lisa. Et war interessant, vun äre Veräiner ze héieren. Vläicht hutt dir jo eis Nolauschterer motivéiert, sech och iwwer Veräiner an hirer Gemeng z’informéieren. Nach e schéinen Dag! 

    Lisa: Äddi! 

    Markus: Äddi! 

    • 2 min

Top Podcasts In Education

📚 Apprendre l'Anglais | Réviser pour le Bac, Université, TOEIC, IELTS, TOEFL 🎧
Cours d'Anglais | Révisions Lycée, Université, TOEIC, IELTS, TOEFL
Psychologie Positive Et Hypersensibilité
Coup de Booost (Par Laurie Zed)
Parler anglais
Choses à Savoir
Accélérateur d'apprentissage de l'anglais
Language Learning Accelerator
The Daily Motivation
Lewis Howes
Jardin soSecret
Socharmante

You Might Also Like

RTL - Sproochmates
RTL Radio Lëtzebuerg
Easy Luxembourgish
Anne Beffort
Luxembourgish with Anne PODCAST
Luxembourgish with Anne
La science, CQFD
France Culture
Géopolitique
France Inter
Global News Podcast
BBC World Service