50 episódios

Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus

Europa Aktuell radio 100,7

    • Notícias

Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus

    Ungarn blockéiert Ukrain-Hëllef

    Ungarn blockéiert Ukrain-Hëllef

    D’EU huet wëlles, der Ukrain weider Militär- an Infrastrukturhëllef a Milliardenhéicht zoukommen ze loossen. Déi Fongen awer stieche fest, well ee Land blockéiert: Et ass Ungarn, wat permanent Nee seet. Déi aner 26 EU-Länner hunn net ganz vill Moyene fir dogéint virzegoen.

    • 3 min
    EU an Unerkennung vun engem palästinensesche Staat

    EU an Unerkennung vun engem palästinensesche Staat

    D’Situatioun am Noen Oste war op en Neits ee vun de Sujeten gëschter bei der Reunioun vun den Ausseministere vun de 27 EU-Länner.
    Wéi soll d’EU domat ëmgoen, datt den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag, de leschte Freideg ordonéiert hat, Israel misst seng Offensiv am Süde vun der Gazasträif stoppen? Dat war eng vun de Froen, iwwer déi diskutéiert gouf - eng eenheetlech Äntwert ass do vun de 27 net ze erwaarden - och net, wat d’Unerkenne vun engem onofhängege palästinensesche Staat ugeet. D’Danièle Weber huet déi Diskussioune fir eis suivéiert.

    • 3 min
    Frankräich: Wat mécht den Rassemblement National a Frankräich esou staark?

    Frankräich: Wat mécht den Rassemblement National a Frankräich esou staark?

    Zwou Woche virun den Europawale läit de rietspopulistesche Rassemblement National a Frankräich mat 31 Prozentpunkten an de Sondagë wäit vir an huet bal duebel souvill Support wéi d’Regierungspartei. Leschten Donneschdeg stounge sech den RN-Spëtzekandidat Jordan Bardella an de Premierminister Gabriel Attal an engem Televisiounsdebat géigeniwwer an hunn hir Visioune fir Europa verdeedegt. Wat mécht den RN esou staark, a wéi eng Sujete kéinte fir d’Wielerschaft a Frankräich entscheedend sinn? De Max Tholl mat enger Analys

    • 3 min
    EU - net nëmmen eng Saach vun der Definitioun

    EU - net nëmmen eng Saach vun der Definitioun

    Déi verschidden Debatten mat Spëtzekandidaten uechter d’Unioun sinn dës Woch och vu ville Bierger net wierklech wouergeholl ginn, stellt den Olivier Hanrion haut a senger Europachronik fest – a proposéiert en éischter ongewéinlech Beschreiwung vun der EU.

    • 4 min
    Wéi hu Schüler:innen den Debat vun de Spëtzekandidaten erlieft?

    Wéi hu Schüler:innen den Debat vun de Spëtzekandidaten erlieft?

    Déi fënnef Spëtzekandidate fir d’Europawalen hunn zu Bréissel mateneen debattéiert. Dësen Debat war live ze suivéieren, net nëmmen am Parlament selwer, mee och a 26 anere Stied queesch duerch d’EU. Den Erliefniszenter Europa um Kierchbierg war eng vun deene Plazen, wou interesséiert Bierger d’Diskussioun matverfollege konnten. D’Sophie Schroeder war op der Plaz an huet do och e puer jonk Spectatricë begéint.

    • 4 min
    Rietsruck am Europaparlament: Wat ass ze erwaarden?

    Rietsruck am Europaparlament: Wat ass ze erwaarden?

    Ëmfroe soen extreem rietse Parteie grouss Gewënner fir d'Europawale viraus - wat deen aktuelle Rapport de Force am Europaparlament kéint gehéiereg duerchernee bréngen. Déi etabléiert Parteie reagéieren dorop ganz ënnerschiddlech. Déi Europäesch Vollekspartei, déi den Ament déi gréisste Fraktioun am Parlament stellt, signaliséiert Ouverturen no riets - wärend Sozialisten, Liberal a Gréng eng Zesummenaarbecht mam rietse Bord ganz demonstrativ ausschléissen.

    • 5 min

Top podcasts em Notícias

O Assunto
G1
Petit Journal
Petit Journal
the news ☕️
waffle 🧇
Foro de Teresina
piauí
Medo e Delírio em Brasília
Central 3 Podcasts
Xadrez Verbal
Central 3 Podcasts

Você Também Pode Gostar de

Den Hallwer Néng
radio 100,7
Presserevue
radio 100,7
Invité:e vum Dag
radio 100,7
Panorama
radio 100,7
RTL - Invité vun der Redaktioun
RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Background
RTL Radio Lëtzebuerg