Fiasko Fest radio 100,7
-
- Notícias
Wat ass alles net esou gutt gaangen? Wéini huet et wéigedoen? Wéi war däi lescht Scheiteren?
-
S01E10: Yaya an Nicool
De Yannick Schumacher aka Yaya ass en Influencer. Hie gesäit sech awer virun allem als Entertainer. Als Entertainer, den och Grafiker ass a stänneg scheitert. An d’Nicool waart och schonn emol stonnelaang op engem Feldwee op den ACL, brauch vill Opmierksamkeet a seet iwwert sech selwer, datt et ustrengend ka sinn. An och Trash Tv kann (oder muss?) e wichtegen Deel vum kreative Prozess sinn. E Gespréich tëscht Chaos a Scheitere mam Luc Spada.
-
S01E09: Sacha Bachim a Kimberly Nelting
De Sacha Bachim hat Corona an huet sech gelangweilt. Also huet hien einfach mol e Bestseller geschriwwen. De Psycholog a Buchauteur wëll säi Wësse weiderginn an sou Leit hëllefen, wann se d’Gefill hunn, si géife scheiteren. D'Kimberly Nelting oder neierdéngs Kimberly Darcy-Mae war Europa- a Weltmeeschterinam Karate an huet um Héichpunkt vun hirer Karriär opgehal an decidéiert Schauspillerin ze ginn. Eng vun hire gréissten Erausfuerderungen? Verletzlechkeet zouloossen. En intensiivt Gespréich mam Luc Spada iwwert Erwaardungen an de Wëllen, sech ëmmer erëm nei ze erfannen.
-
S01E08: Karel Lambert a Marlène Kreins
De Karel Lambert wëllt e gudde Mënsch sinn an huet d’Zil, datt a fënnef Joer all eenzel Persoun zu Lëtzebuerg mindestens ee Kleedungsstéck am Schaf huet, wat fairtrade ass.
D’Marlène Kreins curatéiert d’Centres d’Arts zu Diddeleng an ass sech hirer Responsabilitéit iwwer de Choix, wéi eng Kënschtler:innen ausgestallt ginn oder net, ganz bewosst.
De Luc Spada mécht sech mat sengen Invitéen op eng Rees, déi an d’Welt vun der Konscht a vun der Moud andaucht. -
S01E07: Sandra Lieners a Georges Goerens
D'Sandra Lieners ass Sportlerin a Molerin an de Georges Goerens (Bartleby Delicate) ass de Frontsänger vu Seed To Tree, eng Hallschent vum Musekerduo Englbert a Programmateur vun der Kufa. D'Sandra an de Georges philosophéiere mam Luc Spada iwwer al ginn, den Drive hanner der Kreativitéit a siche verzweifelt no leschte Wierder.
-
S01E06: Josée Hansen an Alex Monteiro
Als Journalistin war d'Josée Hansen richteg frech. Bereit si et? Vläicht. E bëssi. Mëttlerweil ass si méi roueg ginn, wat awer och sécher mat deem neien Job am Kulturministère zesummenhänkt. Wat sech awer ni ännere wäert, ass d'Angscht eppes ze verpassen. Net méi kënnen "dobäi" ze sinn. Dat gesäit de Comedien a Psycholog Alex Monteiro ganz änlech. Um Ball bleiwen, sech net einfach zefridde ginn. Hie schafft vill, éierlech, an Zynismus schéngt him e Friemwuert ze sinn. Wou bleift do nach Plaz fir ze scheiteren, wëllt de Moderator vu Fiasko Fest, de Luc Spada, wëssen.
-
S01E05: Yannick Lieners a Fabienne Dimmer
De Yannick Lieners ass de Grënner vum Plooschterprojet, Sportler, Schoulmeeschter an och u Leukemie erkrankt. De Yannick bezeechent sech selwer als e Kämpfer. An d'Fabienne Dimmer ass Venue Managerin vum Atelier, fir "Catch a smile" aktiv a sëtzt am Gemengerot zu Diddeleng. Heiansdo mécht si och guer näischt. Wéini dat ass, entscheet d'Fabienne awer am léifste selwer. Wéi mat Situatiounen ëmgoen, déi net einfach sinn? Eng Fro, déi sech wéi e roude Fuedem duerch déi fënneft Episod vu Fiasko Fest zitt.