32 episodes

Podcast vum a mam Ben Olinger & David Winter

Hei Elei Lauschter Lo Ben Olinger / David Winter

    • Comedy

Podcast vum a mam Ben Olinger & David Winter

    #29 The Last Dance

    #29 The Last Dance

    "That's it" wéi de Fransous seet. "Au Revoir" fir et mat de Wierder vum Tim Bendzko ze soen. Episod 29 ass déi leschten Episod, passend bei der ronner Zuel...
    Jo, et stëmmt wierklech, den Daniel an de Bob halen op a geheien nach eng Kéier alles wat se hunn an dës Finall. Mat dobäi: Knallhaart Analysen, witzeg Spréch vun A-Z, wat da lo mam Chris an Eva ass, an natierlech och...
    Haha, dat schreiwe mir lo net - lauschtert!
    Eddi mat Metti

    • 1 hr 2 min
    #28 ft. Cliffhanger de la Muerte

    #28 ft. Cliffhanger de la Muerte

    Ass d'Episod 28 déi richteg Episod fir opzehalen? Jiddefalls mol dës Saison...
    Wat nom Summer geschitt musse mer kucken. Oder wat wëll eis soss dee Cliffhanger soen déi méi dramatesch ass wéi de Cliffhanger am Film Cliffhanger mam Sylvester Stallone.
    Wat ass soss geschitt? De Ben zielt der Welt dass en endlech Parks&Rec fäerdeg gekuckt huet, den David weist eis seng seng exklusiv Kap vu Supreme an déi 2 loosse sech bedauere wéinst hierer Impfreaktioun. Dat si lo mol déi ganz wichteg Saachen. Soss ass et awer och nach ëm Cancel Culture gaangen, de Noostkonflikt gouf liischt ugerass an de Ben huet nach zum Schluss e wichtege Message (Statement: mir schwätzen an engem Punkt iwwer "Schwuler", mengen awer u sech "LGBTQI+"...et war relativ spontan, an et geet wa mer éierlech sinn eigentlech och méi ëm den Inhalt vum Message).

    • 1 hr 9 min
    #27 ft. Frank Engel

    #27 ft. Frank Engel

    Et gëtt net vill méi dozou ze soen, ausser:
    Den David mécht e Schnelltest, de Ben gëtt een aus an de Frank schwätzt Tacheles!

    • 1 hr 29 min
    #26 100,7 Grënn fir eng Wuerzelbehandlung

    #26 100,7 Grënn fir eng Wuerzelbehandlung

    Mir krute vun engem gewëssene Frëndeskrees ugeruff a Geld ugebuede fir eng nei Episod erauszebréngen. De Rubel ass gerollt, hei si mer! D'Top Thema vun dëser Episod ass net fir mat pinken Händschen unzepaken: dem David seng Wuerzelbehandlung. Donieft hu mir eng nei Rubrik mat eise beschten Nolauschterer zesummen, den David probéiert d'Britney e bëssen ze "entframen" an de Ben probéiert de Jeannot Waringo bei de radio 100komma7 ze schécken.

    • 1 hr 4 min
    #25 Hei Elive No. 1

    #25 Hei Elive No. 1

    Fir déi 25. Editioun vun eisem weltwäit gefeierte Podcast hunn de Ben an David sech eppes Extraes afale gelooss: net nëmmen dass de Ben alt erëm säi Recording-Material vergiess huet, nee déi 2 hunn eng Episod als Insta Live opgeholl. Geet net? Geet wuel! Lauschtert lo eng Editioun mat Internetproblemer, zwee-an-engem-hallwe spontane Livegaascht, vill Film, e bësse Musek, a verschiddene Saachen déi mir scho rëm vergiess hunn. Kee Problem, kommt mir lauschteren dës Episod nach eng Kéier alleguer zesummen. Prost!

    • 1 hr 41 min
    #24 Empathescht Aarschlach

    #24 Empathescht Aarschlach

    Dës Episod ass eng Zort Ventil fir alleguer déi Leit déi net wësse wou se kënnen Damp ofloossen:

    Op elo d'Generation Z, den LOD, Internet, dem Fausti säin Ierwen, d'Casting Agence vu Capitani 2 oder d'Beyoncé - dës Sendung ass eng eenzeg "Unpopular Opinion", jidderee kritt säi Fett ewech.
    Den Eenzegen deen alles gesond a monter iwwersteet ass dem Billie Eilish säi Papp.

    • 1 hr 4 min

Top Podcasts In Comedy

Hype-Cast Podcast
Hype-Cast
Chumelenice
Lucie Petráková a Markéta Lukášková
BROCAST
Brocast
Nikolásky
Nikola Čechová
Chill Out Podcast
@svetpodlekatky @kvappa
LOVE IS ON THE AIR
Nikita a Vítězlove

You Might Also Like