19 Folgen

Podcast vum a mam Ben Olinger & David Winter

Hei Elei Lauschter Lo Ben Olinger / David Winter

    • Comedy

Podcast vum a mam Ben Olinger & David Winter

    #16 Lek in de Knalpot

    #16 Lek in de Knalpot

    Dës Episod ass zwar ouni de Fred Keup dofir awer mat enger gudder Portioun vu griicheschem Jughurt, Schocki vun Nestlé an engem Abschid an der lokaler Podcastzeen. Ausserdeem huet den David finalement "Das Sommerhaus der Stars" gekuckt an de Ben stellt Uni-Diplomer a Fro. Vill Spaass beim leschte Lëtzebuerger Meedercherspodcast.

    • 1 Std. 2 Min.
    #15 Wuertspillecher

    #15 Wuertspillecher

    Frësch aus dem Drock: Episod 2 vu Staffel 2. Mat schlechte Wuerstpiller, nach méi schlechte Spiller an nervösen Nippele ginn et an dëser Editioun och rëm "Onpopular Opinions" an eppes fir all Snowflake.

    • 1 Std. 17 Min.
    #14 Méi Bas

    #14 Méi Bas

    Elektriséierend. Analytesch. Buedemstänneg. Äre Liblingspodcast ass zréck aus der Summerpaus an déi 2. Staffel fänke mir méi spektakulär un wéi d'Rentréeë bei RTL, Eldo an 100,7 zesummen.
    Et ginn e puer Neierungen - duerch manner kritt dir méi - alles verpak mat Spezialeffekter an engem Verspriechen:
    Wann dir lo mengt eng schäiss Summervakanz gehat ze hunn, dem David seng war garantéiert méi schäiss!
    Wat de Jean Asselborn domadder ze dinn huet a firwat mir well Vodka Gorbatchow Maracuja drénken lauschtert dir an eiser neister Epic-sod...

    • 1 Std. 15 Min.
    #13 ft. Monica Semedo

    #13 ft. Monica Semedo

    Fir dës Episod konnte mir d'Europa-Deputéiert Monica Semedo gewannen, wat eis immens frou gemaach huet.
    Engersäits well et am Moment e gutt Stéck méi ze dinn huet wéi fréier bei RTL, anerersäits well mir eis an dëser Zäit kee bessere Gaascht konnte virstellen.

    Wéi bei engem richtege Radiosender huet d'Monica sech bei eis LIVE vu Bréissel era gemellt a mir hu mat him iwwert déi traureg Aktualitéit awer deelweis schockant Erliefnisser aus sengem Liewe geschwat. Mir warne vir: Verschidde Saache sinn nëmme schwéier ze verdauen!

    Donieft erkläert eis d'Monica awer och iwwert dat konkret Virgoe vum EU-Parlament, an och vun him als Politikerin, géint Rassismus an Diskriminatioun.

    Dës Episod weist awer och wéi schéin d'Liewe ka sinn a wéi vill Chancen een zu Lëtzebuerg kann hunn a kréien, d'Monica ass eent vun de Musterbeispiller.

    Ausserdeem hu mir ganz dringend d'Fro misste klären op et e Comeback beim Picco Bello wäert ginn oder net...

    • 1 Std. 7 Min.
    SPECIAL: Feierstorch Finall

    SPECIAL: Feierstorch Finall

    Déi grouss Finall vun der epescher Feierstorch-Saga!

    • 19 Min.
    SPECIAL Feierstorch Debriefing

    SPECIAL Feierstorch Debriefing

    Lauschtert hei eng Spezial Editioun vum Podcast, eng kleng Réckblend op dat wat bis ewell am Feierstorch geschitt ass - virun der grousser, epescher Finall.
    Mä dozou konnt et réicht vill méi spéit kommen, aus Grënn déi den David an de Ben net einfach sou konnten ignoréieren.

    • 45 Min.

Top‑Podcasts in Comedy

Zuhörer haben auch Folgendes abonniert: