![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
6 episodes
![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
RTL - FLSE-Magasinn RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Sport
De Magasinn vun der Lëtzebuerger Reitsportfederatioun
-
De Magasinn vun der Reitsport Federatioun, 02/06/2024
All éischte Sonndeg am Mount ass dës Platz reservéiert fir de Reitsport Magasinn vun der Lëtzebuerger Federatioun. Dee gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert, an do geet et virun allem ëm den Natioune Präis, bei deem déi Lëtzebuerger Reider no enger Paus nees mat dobäi sinn.
-
De Magasinn, vun der Reitsport Federatioun, 05/05/2024
All éischte Sonndeg am Mount ass op dëser Platz de Rendezvous vun der Reitsport Federatioun. Haut dréit sech alles ëm den Natioune Präis, wou déi Lëtzebuerger Ekipp dëst Joer nees mat dobäi ass. De Reitsport Magasinn, gëtt iech vum Rich Simon presentéiert...
-
FLSE Magasinn, 07/04/2024
D'Olympesch Spiller réckelen ëmmer méi no. Mam Nicolas Wagner an der Dressur an dem Victor Bettendorf am Sprangen hunn zwee Lëtzebuerger d'Qualifikatioun fir Paräis an der Täsch. Am Magasinn vun der Reitsport Federatioun kuckt de Rich Simon wéi sech d'Situatioun fir déi zwee den Ament duerstellt...
-
FLSE Magasinn, 03/03/2024
Op dëser Plaz ass ee Mol de Mount de Rendezvous fir de Magasinn vun der Lëtzebuerger Reitsport Federatioun. Esou lues awer sécher geet d'Wantersaison op een Enn an d'Olympesch Spiller zu Paräis réckelen ëmmer méi no. Dat sinn Themen haut am Reitsport-Magasinn deen Iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
-
FLSE Magasinn, 03/09/2023
Op dëser Plaz ass 1 Mol de Mount de Magasinn vun der Reitsport Federatioun. Haut dréit sech am deem alles ëm Dressurreiden. Dës Woch ass nämlech d'Europameeschterschaft, an do ass Lëtzebuerg gutt vertrueden. De Magasinn vun der FLSE, gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.
-
FLSE Magasinn, 06/08/2023
All éischte Sonndeg am Mount, ass dës Plaz reservéiert fir de Magasinn vun der Reitsportfederatioun. Haut huele mir de Cowboys Hutt eraus. Et geet nämlech rieds iwwer Westernreiden. Eng jonk Lëtzebuerger Delegatioun war nämlech de leschte Mount beim Youth World Cup an Texas mat dobäi. De Reitmagasinn vun haut gëtt iech vum Rich Simon presentéiert