![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
10 episodes
![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
Am Bistro mat der woxx woxx
-
- News
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
-
Déi langweileg Ried zur Lag vun der Natioun
De Premier Luc Frieden huet den Dënschden seng éischt Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber gehalen. Déi Ried war net besonnesch spannend, huet de Joël Adami fonnt, am Podcast schwätzt hie mam Tessie Jakobs doriwwer, wourunner dat geleeën huet. Si diskutéieren och doriwwer, wéi d'Riedner*innen vun der Majoritéit an der Oppositioun an hire Reaktiounen op dem Premier säin Discours sech gemaach hunn.
-
Migratiounspolitik am EU-Walkampf
Déi eng Parteie gesi Migrant*innen als Risiko fir d'Sécherheet, déi aner wëllen se als Aarbechtskräften an Europa gesinn, a just e puer setzen sech fir eng besser a méi mënschlech Asylpolitik an. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wat an de Walprogrammer fir d'EU-Wal steet a klären doriwwer op, wat fir falsch Fakten iwwert den EU-Migratiounspakt verbreet ginn.
-
Ëmmer nach Neiland – Digitalpolitik vun de Lëtzebuerger Parteien
Digitaliséierung, Kënschtlech Intelligenz a Quantecomputer – d'Lëtzebuerger Parteie werfen an hire Walprogrammer fir d'Europawale vum 9. Juni gäre mat Schlagwierder ronderëm sech. Dacks kritt een awer d'Gefill, et wier net vill méi dohannert. Am Podcast schwätzt de Joël Adami mam Tessie Jakobs iwwert Grënn, wisou Digitaliséierung nach ëmmer esou ee schwieregt Thema fir d'Parteien ass an erkläert, wou et dach awer e puer interessant Iddie gëtt.
-
Um Canapé Mat Der Woxx #39
D'Tessie Jakobs an de Joël Adami diskutéieren Furiosa, den neisten Film aus dem "Mad Max"-Franchise. Si stellen sech d'Fro, ob et sech lount, an een IMAX-Kinosall ze goen an vergläichen den neisten Film mat Fury Road, mat deenen alen Mad Max Filmer.
-
Wéi eng Sozialpolitik wëllen d’Lëtzebuerger Parteie fir d’EU?
Bei der EU denke vill Leit un de fräie Marché, Agrarsubventiounen oder nach den Euro. Gemeinsam sozialpolitesch Reegele wéi de Mindestloun kommen engem meeschtens net direkt an de Kapp. An dëser Episod schwätze mir doriwwer, wat d'EU op sozialem Plang iwwerhaapt matschwätze kann, a wéi eng sozialpolitesch Iddien déi lëtzebuergesch Parteien am Europawalkampf präsentéieren.
-
Wéi eng Klimapolitik wëllen d'Lëtzebuerger Parteie fir d'EU?
D'Klimakris gëtt virun allem op europäeschen Niveau bekämpft: Hei ginn zesummen d'Ziler ausgemaach an och vun der EU kënnt d'Verpflichtung fir een nationalen Energie- a Klimaplang. Mä wéi gesinn déi 13 Parteien, déi zu Lëtzebuerg bei den EU-Walen untrieden, d'Klimapolitik? De Joël Adami huet sech d'Walprogrammer duerchgelies an erzielt am Podcast, wou et geféierlech Positioune ginn, wat fir Parteien eng méi systemesch Approche hunn a wou hie positiv wéi negativ iwwerrascht ginn ass.