12 episodes

Elteren an hir Kanner – ee staarkt Team – de Podcast vun der Eltereschoul, an deem där Villes gewuer gitt, iwwert d’Zesummeliewen an der Famill, d’Entwécklung vun de Kanner a wat si brauche fir stark, jonk Erwuessener ze ginn.
Kanner erzéien ass duerch d’Entwécklungen an eiser Gesellschaft ëmmer méi komplex an eng grouss Erausfuerderung fir d’Eltere ginn. Tëschent de beruffleche Flichten an dem Liewen an der Famill, jongléieren d’Elteren fir hiren Alldag sou gutt wéi méiglech ze meeschteren.
D’Eltereschoul gëtt an dësem Podcast Informatiounen ronderem déi wichtegst Aspekter vun där flotter Aufgab Elteren ze sinn.

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir Une équipe d'enfer/Le podcast de l'Ecole des Parents

    • Kids & Family

Elteren an hir Kanner – ee staarkt Team – de Podcast vun der Eltereschoul, an deem där Villes gewuer gitt, iwwert d’Zesummeliewen an der Famill, d’Entwécklung vun de Kanner a wat si brauche fir stark, jonk Erwuessener ze ginn.
Kanner erzéien ass duerch d’Entwécklungen an eiser Gesellschaft ëmmer méi komplex an eng grouss Erausfuerderung fir d’Eltere ginn. Tëschent de beruffleche Flichten an dem Liewen an der Famill, jongléieren d’Elteren fir hiren Alldag sou gutt wéi méiglech ze meeschteren.
D’Eltereschoul gëtt an dësem Podcast Informatiounen ronderem déi wichtegst Aspekter vun där flotter Aufgab Elteren ze sinn.

    Ee staarkt Team Episod 11 - et gëtt een net als Grousseltere gebuer

    Ee staarkt Team Episod 11 - et gëtt een net als Grousseltere gebuer

    An der 11. Episod vun "Ee staarkt Team, de Podcast vun der Elteschoul", dréint sech alles ëm d'Grousselteren:
    Grousseltere sinn – gëschter an haut. Wéi eng Roll spille Grousselteren haut an eiser verännerter Gesellschaft, eng Gesellschaft mat neien, anere Familljestrukturen? Wat gëtt vun hinnen erwaart? Wat sinn hir Erwaardungen u sech selwer?
    Firwat ass d’Bezéiung zu den Enkelkanner esou wäertvoll? Fir d’Grousselteren? Fir d’Enkelen?
    Doriwwer schwätzen d' Jeannine Schumann an d'Tania Hemmer vun der Eltereschoul an dësem Podcast fir Grousselteren an Elteren.

    • 40 min
    Ee staarkt Team: Episod 10 - Geschwëster

    Ee staarkt Team: Episod 10 - Geschwëster

    Nodeems et an den éischten Episode vun eisem Podcast ëm d'Entwécklung vum Kand goung, kucke mer lo op verschidden Aspekter vun de Familljekonstellatiounen. Am 10. Episod dréint sech alles ëm Geschwëster: wat ännert sech wann ee Geschwësterchen an d'Famill kënnt a wat hanno mécht d'Bezéiung ënnert de Geschwëster esou spannend?
    D'Véronique Nilles , Educatrice graduée an d'Nora van Daele, Sozialpädagogin, béid Mataarbechterinnen aus der Eltereschoul, sinn haut Invitéeën.

    • 50 min
    Ee staarkt Team Episod 9 - Manner Stress am Familljenalldag

    Ee staarkt Team Episod 9 - Manner Stress am Familljenalldag

    Manner Stress am Familljenalldag

    D’Eltereschoul erkläert an dëser Episod vum Podcast “ee staarkt Team”, wat Stress ass, wéi Stress entsteet, wéi een op Stress reagéiert, awer och wéi een dee ganz normalen Familljendag meeschtere kann, ouni dem Stress ze vill Plaz ze loossen. Ausserdeem gëtt et ee klengen Abléck an d’Methode vum MBSR an eng kuerz Klangschuelerees, fir esou mat méi Geloossenheet an den Alldag zréckzegoen.

    • 50 min
    E staarkt Team - Hors série: la méthode Janusz Korczak ?

    E staarkt Team - Hors série: la méthode Janusz Korczak ?

    La méthode éducative selon Janusz Korczak : surtout pas de méthode!
    Discussion avec Eliza Smierzchalska
    Comment ce grand pédagogue polonais a-t-il repensé l’éducation et le statut de l’enfant ?
    Comment ce responsable d’un orphelinat a-t-il organisé un internat avec l'idée directrice de rendre l’enfant autonome ?
    Basée sur l'observation et respectant l'individualité de chaque enfant, qu’est-ce qui caractérise la pédagogie chez Janusz Korczak ?

    Dans cet épisode hors-série, Eliza Smierzchalska qui a retraduit et illustré le livre-culte de Janusz Korczak 'Le roi Mathias 1er' discute de manière informelle avec l’équipe de l’Ecole des parents. Bien que les conditions de prise de son ne soient pas idéales, nous avons décidé de partager cet échange libre, spontané, parfois émouvant avec toutes celles et ceux qui s’intéressent à l’éducation.

    • 1 hr 41 min
    E staarkt Team Episod 8 - De Burn-out parental verstoen

    E staarkt Team Episod 8 - De Burn-out parental verstoen

    An dëser Episod vum Podcast beschäftege mer eis mat engem Phenomen, deen et warscheinlech scho méi laang gëtt, mee deen awer eréischt an de leschten 20 Joer besser erfuerscht ginn ass.
    Wat ass de Burn-out parental? Wéi kënnt de Burn-out zustan a wat kann ee maachen fir en ze prevenéieren oder rëm erauszekommen?
    Wat si Konsequenze vun engem Burn-out parental fir d’Elteren a fir d’Kanner.
    D’Tania Hemmer, Mataarbechterin an der Eltereschoul an Expertin am Burn-out parental ass eis Invitee

    • 44 min
    E staarkt Team Episod 7 - Schlof Këndche schlof

    E staarkt Team Episod 7 - Schlof Këndche schlof

    De Schlof vum Kand, eent vun deenen Theemen, dat villen Eltere besonnesch um Häerz läit..
    Iwwert de Schlof vum Kand gëtt vill diskutéiert an debattéiert, an am Laf vun de Joerzengten sinn do eng Rei Mythen, Wourechten an Onwourechten entstanen.
    Fir e bëssen opzeraumen an deem Sujet an eis op de neiste Stand vun der Fuerschung ze bréngen, hunn ech haut d’Tania Hemmer, eis Spezialisten zum Thema Kanner an hire Schlof, invitéiert.

    • 35 min

Top Podcasts In Kids & Family

Calm Parenting Podcast
Kirk Martin
Growing Pains
Irish Examiner
everymum
everymum
Deep Sleep Sounds
Deep Sleep Sounds
The Baby Tribe
Katie Mugan & Afif EL-Khuffash
So You Think You're an Adult
Newstalk