De Podcast vun der UGDA Museksschoul École de musique de l'UGDA
-
- Musica
Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun kennen mir als UGDA-Museksschoul net ons „normal“ Instrumentevirstellungen maachen wéi mir dat gewinnt sinn. Mir lancéieren dofiren reegelméissegen Podcast fir d’Kanner awer och di Erwuessen iwwert déi verschidden Instrumenter an awer och Museker do hanner ze informéieren.
-
Eng Lauschtergeschicht: Beel an d'Beien (Kanner aus der Museksschoul Niederanven)
Informatiounen:
No der Geschicht: "Le Lièvre et les Lapins", Timothé Le Veel, ed. Kaléidoscope
Adaptatioun, Réalisatioun, (Enregistrement a Montage) : Rainier Radelet
Iwwersetzung : Isabelle Kayser a Jean-Luc Blasius
Interpreten : Ensembel Instrumental a Jugendfanfare Niederanven (Schouljoer : 2020-2021)
Participants :
Erzielerin : Sophie Schaefer-Wagner
Beel 1 : Léonie Bayer
Beel 2 : Sofija Du
Bei : Mattia Depalma
Beien : Mattia Depalma, Eve Van Der Schilden, Marcus Tantar, Noah Colas
Flütten : Léonie Bayer, Amalia Huss, Emma Koob Clarinettes : Noah Colas, Laura Gush, Ilvana Omerovic, Linda Rock, Sophie Schaefer Wagner, Eve Van Der Schilden, Julia Ventura, Jeff Kugener-Francois, Amy Salmon
Saxophone : Amy Birgen, Mattia Depalma, Sofija Du, Max Fourny, Georges Kugener, Carl Opitz, Dominik Rock
Trompetten : Lynn Reisch, Clara Weier, Maelon Gush, Sarah Muller, Denis Heneaux
Cor : Lex Reuter Trombone : Luca Birgen, Ben Reuter, Paul Lietz
Piano : Louis Daman, Anatole Bouillot
Percussion : Yann Lietz, Marcus Tantar, Yannis Depalma, Lou Sergonne -
14. Episod: Paul Scholer: Museksschoul vun der UGDA
De Paul Scholer schléisst ons Serie of iwwert d'Instrumenter. Als Direkter erzielt ons e bëssen iwwert "seng" Museksschoul an mir léieren de Paul Scholer awer och privat kennen.
-
13. Episod: André Mergenthaler: Cello
Den André Mergenthaler verreit ons wéi hien op den Cello komm ass, wéi et ass vir de Grand-Duc ze spillen, op hien nach ëmmer nervös virum Concert ass mécht an op et Cellis oder Cellos an der Mehrzahl heescht!
-
12. Episod: Jean-Jacques Watgen: Gittar
Onse Podcast iwwert Gittar. De Jean-Jacques erzielt ons vun sengen Bands. Vun sengen Studien a wéi hien bei der Gittar gelant ass. Och iwwert Manikür vun den Neel bei engem Gittarist ginn mir méi gewuer.
-
11. Episod: Jean Muller: Piano
Haut am Podcast geet et em Instrument Piano. Präsentéiert geet d'Instrument vum Pianist Jean Muller. De Jean Muller war scho op bal all Kontinent vir e Concert ze spillen, huet och vill Schach gespillt an haut awer och gären Lotti Karotti.
-
10. Episod: Serge Schonckert: Gesank
De Serge erzielt vun sengem Instrument: Seng Stemm! Wéi huet en rausfonnt dat hien wéilt Sänger ginn? Wéi trainéiert hien seng Stemm a wat mécht hien bei der Philharmonie als Senior Manager Artistic Planning Systems? All dat verréit hien ons an onsem 10. Podcast!