25 episodes

"DNA" déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.

DNA RTL Télé Lëtzebuerg

    • News

"DNA" déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.

    • video
    Affaire Jos Nickts: 500 Affer an e Milliouneschued (2017)

    Affaire Jos Nickts: 500 Affer an e Milliouneschued (2017)

    Am Januar 2002 brécht fir eng 500 Bréifdréier eng Welt zesummen. De Jos Nickts huet mat hire Sue spekuléiert a sech selwer fir privat Zwecker zerwéiert.



    De Mann, ëm deen et geet, heescht Jos Nickts. Hie war vun 1986 bis ugangs 2002 President vun der Bréifdréiesch-Gewerkschaft an huet an deem Zäitraum och e Fong geréiert, an deem d’Bréifdréier abezuelt hunn.

    • 54 min
    • video
    Erschoss a verbrannt (2016)

    Erschoss a verbrannt (2016)

    En ausgebrannten Auto an enger verloossener Strooss am franséische Grenzgebitt, den Ausgangspunkt vun enger ongewéinlecher Kriminalgeschicht am Summer 2006.



    An der Mall vum Auto läit eng verkuelte Läich, an eng Kugel aus enger Pistoul.

    D’Gefier huet Lëtzebuerger Placken an de Proprietaire vum Auto ass e Mann vu Miersch.

    Déi verkuelte Läich am Auto gëtt zu Nanzeg obduzéiert. Mä eréischt eng Analys vum Gebëss bréngt Gewëssheet ...

    • 56 min
    • video
    Sexuell Mëssbraucht! (2016)

    Sexuell Mëssbraucht! (2016)

    D’Bianca, de Steve, den "Dave" an "d’Nicole" deelen e gemeinsaamt Schicksal. Si sinn an hirer Kandheet vun Respektspersoune sexuell mëssbraucht ginn.



    Se waren tëscht 5 an 12 Joer al, ewéi de Mëssbrauch ugefaangen huet. De Mëssbrauch huet sech iwwert Méint, heiansdo Jore gezunn.

    • 57 min
    • video
    Cali-Kartell - Wäisswäsche vun Drogesuen (2016)

    Cali-Kartell - Wäisswäsche vun Drogesuen (2016)

    Dräi kolumbianesch Statsbierger musse sech am Oktober 1991 wéinst Wäisswäsche vun Drogesue viru Geriicht veräntweren.



    Am Hierscht 1989 melle sech 7 Banke bei der Lëtzebuerger Sûreté, well hinne Konte vun kolumbianesche Cliente suspekt erschéngt hunn. Am Fréijoer 1990 mécht eng Bank zu Monaco Faillite. Der franséischer an der amerikanescher Douane waren déi selwecht kolumbianesch Nimm ewéi zu Lëtzebuerg verdächteg virkomm. Et ass den Ufank vun enger breet ugeluechter Enquête.

    • 1 hr 9 min
    • video
    Affaire «Panama Charly» (2015)

    Affaire «Panama Charly» (2015)

    Eng Affaire iwwert e brutalen Iwwerfall, eng revolutionär Pistoul a riseg Geldzommen.



    Dëst ass d’Geschicht vun engem Mann vu Veianen. Zënter sengem 50. Gebuertsdag sëtzt hien zu Schraasseg am Prisong. Säin Numm: Charles Ewert. Säi Spëtznumm : « Panama Charly ».

    • 1 hr 21 min
    • video
    DNA-Spezial Prisong - 3 Deeg zu Schraasseg (2015)

    DNA-Spezial Prisong - 3 Deeg zu Schraasseg (2015)

    Prisonnéier erzielen iwwert hire kriminellen Akt, hiren Alldag hannert Maueren a pickegem Drot an hir Visioun vum Liewen nom Prisong.



    Am DNA “Spezial Prisong” erklären och dräi fréier Prisonnéier, ewéi schwiereg de Wee zeréck an d’Gesellschaft ass. D’Sich no enger Wunneng an d’Sich no enger Aarbecht bestëmmen hiren Alldag.

    • 1 hr 21 min

Top Podcasts In News

Global News Podcast
BBC World Service
The Global Story
BBC World Service
Al Jazeera News Updates
Al Jazeera
Serial
Serial Productions & The New York Times
The Daily
The New York Times
The Take
Al Jazeera

More by RTL Lëtzebuerg

RTL - Goal
RTL Télé Lëtzebuerg
RTL - Pisa, de Wëssensmagazin
RTL Télé Lëtzebuerg
RTL - De Magazin
RTL Télé Lëtzebuerg
RTL - De Journal
RTL Télé Lëtzebuerg
RTL - De Magazin
RTL Télé Lëtzebuerg
RTL - Goal
RTL Télé Lëtzebuerg