RTL - 5vir12 RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Comedy
-
Eng Table-Ronde mat Prominenz a Perséinlechkeeten déi mat vill Witz a bëssegem Humor d'Aktualitéit kommentéieren
-
5 vir 12: mam Speedmarathon an d'Oktav, 21/04/2024
Déi 5, déi elo kommen, sinn net bekannt fir hier Seeërcher, Spiichten oder Anekdoten. Si pechen un der Aktualitéit a bleiwen bei de Fakten. 'Fakenews' sinn hinnen en Dar am A. Si kucken awer manner no vir mee éischter zréck, an de Réckspigel a beliichten dat wat war.
Beim Marie Gales gëtt et bestëmmt nees méi wéi een Geeschtesblëtz vum Al Ginter, Tony Tintinger, David Winter an Gérard Valerius. -
5 vir 12: Den Hacker Brian, 24/03/2024
2 Woche leien tëscht der Analyse vun der Aktualitéit vun eiser Ekipp vum 5 vir 12, ma bannent deenen Deeg huet sech nees vill Fudder ugesammelt fir driwwer ze debattéieren an dat mol an en anescht Liicht ze setzen, och wann een do mol ka verblennt ginn. No Ellesonndeg, haut op Pällemsonndeg um Wee fir bei Ouschtersonndeg hunn sech ëm d'Marie Gales den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius versammelt.
-
5 vir 12: Vun Hénger, an anere Skandaler, 10/03/2024
Am japaneschen heescht et 'mizaru, kikazaru, iwazaru', dat ass d'Spréchwuert vun den 3 Afen déi näischt héieren, näischt gesinn a näischt soen'. Bei hinnen ass dat just de Contraire, se gesinn alles, héiere souguer Saachen déi soss kee weess, an de Mond hale kënne se schonn guer net. Déi lescht 14 Deeg huet et Skandaler gereent an dovunner kënnen si zieren. Beim Marie Gales sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
-
5 vir 12: mam Camper op den Overshoot-Day, 25/02/2024
Si halen näischt vu Rumeuren a Couloires- oder Béierdeckelsgespréicher. Si hunn hir Informatiounen aus éischter Hand oder bal. Soss gouf ëmmer gesot 'béis Zong behaapten', an elo hunn se e Numm. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
-
5 vir 12: Fuesent, 11/02/2024
Wou dréckt de Schong dann am Moment? Wéi ass et mam Stëmmungsbarometer, wou gëtt et e neie Skandal a wou just e Stuerm am Waasserglas? Si analyséieren a kommentéieren déi lescht 14 Deeg a sinn normalerweis gutt informéiert. Si hunn Aen an an Oueren nees opgespaant fir och nëmmen alles matzekréien. Beim Marie Gales sinn et haut den Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
-
5 vir 12 LSC, 28/01/2024
Op verschidde Saachen do freet ee sech laang, an da sinn se séier eriwwer, an dann gëtt et aner Geschichten, déi een emol net erwaart hat an dann gëtt ee se net méi lass. Vu béidem gouf et och déi lescht 2 Wochen, déi elo nees op eng ganz speziell Fassong resuméiert a kritiséiert ginn. Beim Christiane Kremer, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker a Gérard Valerius weess een ganz séier wat hinnen géint de Stréch gaangen ass, wou hinnen den Hutt héich goung oder wou si sech driwwer gefreet hunn, och ouni eng Zeechnung ze maachen.