RTL - Automag RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Sport
-
Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto
-
Test Hyundai Kona EV, 18/04/2024
Zanter 2017 gëtt et an der Gamme vun Hyundai, de Kona. Relativ fréi hat de koreanesche Konstrukteur, nieft de reng thermesche Motoren och eng Hybrid- an och eng Elektroversioun, a sengem Portfolio. Am Automag vun haut schwätze mir iwwer deen neien Kona dee reng elektresch ënnerwee ass. De Rich Simon huet den Auto getest. Rich de Kona am elektreschen ass schonns een alen Hues...
-
Automag: VW Tiguan, 11/03/2024
7,6 Millioune mol huet en sech verkaf, de VW Tiguan! Zu Recht kann een do vun engem, grousse Succès schwätzen. Elo start déi drëtt Generatioun vum kompakten SUV an de Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun zu Nice dobäi.
-
Volvo C40 mat Range Extender, 29/02/2024
Elektro Autoen erbléckst e jo elo ëmmer méi dacks am deegleche Stroosse Verkéier.
Kann e sech och elo op d’Rees an d’Ausland mat hinnen trauen, a klappt dat mam Oplueden ënnerwee.
Dat fanne mir haut eraus, wëll de Christian Schmit war mam Testauto, dem Volvo C40, op den Tour.
Salut Christian. Wou goung d’Rees dann hin? -
Op Besuch bei Rolf Hartge, Edeltuner aus dem Saarland, 15/02/2024
« Im Kleinen entsteht Grosses » dat ass de Slogan vun eise Noperen am Saarland. A genee dohi geet d’Rees elo am Automag.
Beckingen an Überherrn sinn eis Destinatiounen. Well do ass de Rolf Hartge Edel Tuner doheem.
De Christian Schmit war dohin invitéiert. -
House of Innovation 2024 mam Stellantis Grupp, 08/02/2024
Wëll jo zu Bréissel dëst Joer keen Auto Salon organiséiert gouf, hat de Grupp Stellantis decidéiert seng Nouveautéiten, an den Ausbléck op 2024 op enger anerer Plaz ze weisen.
An hat um Brussels Gate Expo Space a säin "House of Innovations" invitéiert. De Christian Schmit war bis dorober kucke gefuer. -
Test Peugeot E 308, 01/02/2024
Am Automag ginn d´Krallen eraus gefuer. Nämlech déi vum Peugeot Léiw. An deem heiten Fall sinn et elektresch Krallen, vum 308. Fir iwwer deen Auto ze schwätzen ass de Rich Simon bei mir. Deen Auto gouf et bis elo net an enger Elktroversioun....