67 episodes

Lëtzebuerg ass eng Bubble, oder? A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi out of the Box denken an net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren. Lëtzebuerg huet kulturell nämlech vill ze bidden!

Ceci, Do You Love Me‪?‬ Cecilia Said Vieira

    • Society & Culture
    • 4.9 • 9 Ratings

Lëtzebuerg ass eng Bubble, oder? A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi out of the Box denken an net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren. Lëtzebuerg huet kulturell nämlech vill ze bidden!

    #49 Elisha Winckel - Aktivismus am Zuch

    #49 Elisha Winckel - Aktivismus am Zuch

    Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? 🚆

    Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen:
    ➡️ De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann.
    ➡️ Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trotzdeem geschitt dat an der Chamber.
    ➡️ Wat mécht de CELL? Wéi funktionéieren si?
    ➡️ Optimismus am Aktivismus: Wéi mëss du dat fir keng Hoffnung fir d'Zukunft ze verléieren?
    ➡️ Wat ass Petrol Masculinity? 
    ➡️ Wat kann een alles maache fir ee méi nohaltegen Environnement opzebauen?
    ➡️ Feminismus, Klimaaktivismus, Antirassismus, Antifaschismus, ... ass alles Deel vum selwechte Kampf!

    Villmools Merci fir d'Lauschteren! Schreift gäre Feedback ënnert de Kommentarer, oder direkt op der Spotify App. Fir déi déi op aner Plattforme lauschtere roden ech iech un de Video op Youtube ze kucken. https://www.youtube.com/channel/UC3djRrr6mdarLe_V1plY3jw

    Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Culture-forest Festival - Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/

    ---

    Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message

    • 34 min
    #48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem?

    #48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem?

    CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem.

    An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass.

    Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond.

    Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen?

    De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!


    ---

    Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message

    • 38 min
    #47 CHAiLD - Wéi geet et dir WIERKLECH?

    #47 CHAiLD - Wéi geet et dir WIERKLECH?

    Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech?

    De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren.

    An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert. 

    Lauschtert eran and stay tuned for more!



     




    ---

    Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message

    • 34 min
    #46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg!

    #46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg!

    An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀 

    Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fäerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natierlech och wat sou d'Highlighte a senger Carrière waren. Mir schwätzen och driwwer, wat et bedeit ze diskutéieren an Akzeptanz ze weisen.



    Vill Spaass beim Lauschteren a mir gesinn eis nächst Joer! 


    ---

    Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message

    • 35 min
    #45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur

    #45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur

    De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this. Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt och’Geleijenheet zwee Tickets fir d’Nuit des Musées ze gewannen! Méi Infoe fannt dir op Instagram @cecidoyoulove.me


    ---

    Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message

    • 23 min
    #44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!

    #44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!

    - De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. -



    An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z!

    🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat?

    🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo?

    🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner?

    🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt?

    🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun?

    🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un?

    🌿 Wat brauch een alles, wat sinn déi perfekt Konditiounen asw.? 



    Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!



     




    ---

    Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message

    • 48 min

Customer Reviews

4.9 out of 5
9 Ratings

9 Ratings

Top Podcasts In Society & Culture

Paarspektiven
Ischtar und Tommy
Smarter leben
DER SPIEGEL
1000deeg
Maxi Pesch
Affaires sensibles
France Inter
PAUSE - le podcast d’Alexandre Mars
Alexandre Mars
RTL - Kloertext fir ze lauschteren
RTL Télé Lëtzebuerg

You Might Also Like

Gëlle Fro
Gëlle Fro
REPORTER On the Record
Reporter.lu
HAM, FRITTEN & ZALDOT
Pierre Jans, Matthias Kirsch
Méi wéi Sex
Méi wéi Sex