De Walpodcast Luxemburger Wort
-
- News
-
D'Ines an d'Liz, zwou Journalistinne vum "Lëtzebuerger Wort", begleeden am "Walpodcast" d'Campagne fir d'Chamberwalen bis den 8. Oktober 2023. Si diskutéiere mat Experten iwwer d'Spëtzekandidaturen, kucken, wéi eng Campagne opgebaut ass a wéi eise Walsystem fonctionnéiert a maachen de Bilan vu "Gambia 1" a "Gambia 2". Als Nolauschterer a Lieser kënnt Dir matmaachen! Schéckt eis Är Froen un d'Spëtzekandidaten a mir stellen se de Politiker bei eise véier Diskussiounsronnen am September!
Schéckt eis eng E-Mail un: walen@wort.lu oder sot Är Sproochnoriicht iwwer Whatsapp un den +352 691 487 303.
Abonnéiert „De Walpodcast“ elo a sidd mat dobäi, wann et den 29. August mat der éischter Folleg lass geet.
Dieser Podcast ist eine Produktion des "Luxemburger Wort"
Redaktion & Hosting: Ines Kurschat und Liz Mikos
Produktion: Marc Blasius
Musik: Christian Mertes
Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes
-
Episode 14: Wéi geet Regierungsbildung a wat mécht déi nei Chamber?
Gambia ass ofgewielt: An der véierzéngter a leschter Folleg vun "De Walpodcast" hunn d’Moderatorinne Liz Mikos an Ines Kurschat de Generalsekretär vun der Chamber, Laurent Scheeck, zu Gaascht. Hie kennt de Maschinneraum vun der Demokratie, d’Chamber um Krautmaart wéi keen zweeten. Mat him schwätze mir fir d’éischt doriwwer, wéi eng Regierung gebilt gëtt: De Formateur Luc Frieden huet jo schonn zu Gespriecher agelueden. Dono geet et ëm d’Chamber an ënner anerem ëm dës Froen: Wat mécht se an der éischter Sëtzung den 24. Oktober? A wat fir een Ënnerschidd mécht et eigentlech, ob eng Partei elo Fraktiounsstäerkt huet wéi d’ADR oder se net méi huet wéi Déi Gréng?
Dat war déi lescht Folleg vun De Walpodcast, deen elo bis Mëtt November eng Paus aleet.
All Episode vum De Walpodcast fannt Dir ënner https://www.wort.lu/podcast/. All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/
_____________________________________
Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort
_____________________________________
Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos
Produktioun: Marc Blasius
Musek: Christian Mertes
Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes
____________________________________
Folgt eis:
www.wort.lu
X: @Wort_LU
Facebook: @wort.lu.de
Instagram: @luxemburger_wort
See omnystudio.com/listener for privacy information. -
Episode 13: Lëtzebuerg wielt de Wiessel
Gambia ass ofgewielt: An der dräizengter an virleschter Folleg vun "De Walpodcast" diskutéieren d’Modertorinnen Liz Mikos an Ines Kurschat mam „Wort“-Politikchef Marc Schlammes firwat Blo-Rout-Gréng d’Wielerinnen a Wieler net méi iwwerzeeege konnten, wat et mat der Niederlach vun Déi Gröng op sech huet an op Lëtzebuerg an d’Chamber elo méi wäit no riets rutschen.
Den Donnschden den 12. Oktober erschengt De Walpodcast déi lescht Kéier fir dann eng Paus anzeleeën.
All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/
_____________________________________
Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort
_____________________________________
Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos
Produktioun: Marc Blasius
Musek: Christian Mertes
Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes
____________________________________
Folgt eis:
www.wort.lu
X: @Wort_LU
Facebook: @wort.lu.de
Instagram: @luxemburger_wort
See omnystudio.com/listener for privacy information. -
Episode 12: "Kanner zielen net, well se kee Kräiz maachen."
An der zwielefter Folleg vun De Walpodcast hunn d’Moderatorinne Liz Mikos an Ines Kurschat rëm Gäscht an de Studio invitéiert, fir iwwer zwee Sujeten ze schwätzen, déi an der Walcampagne bal net virkomm sinn: d’Aarmut an d’Kanner.
Mam Carole Reckinger, Sozialexpertin vun der Caritas, an dem Paul Heber, Chef vun der Kommunikatioun vun der Kannerorganisatioun Unicef Lëtzebuerg, diskutéiere mir, firwat dës Sujete kaum wouergeholl ginn, fir wat se fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg awer wichteg sinn – a wéi een dës Gruppe besser an d’Politik abanne kéint.
_____________________________________
All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/
_____________________________________
Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort
_____________________________________
Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos
Produktioun: Marc Blasius
Musek: Christian Mertes
Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes
____________________________________
Folgt eis:
www.wort.lu
X: @Wort_LU
Facebook: @wort.lu.de
Instagram: @luxemburger_wort
See omnystudio.com/listener for privacy information. -
Episode 11: Vum Trickle-down bei d’Voodoo-Ekonomie: Politiker streiden iwwert Steierpolitik
An der eelefter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi véiert a lescht Debatteronn: déi am Zentrum, dem zweetgréissten Walbezierk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:inne Franz Fayot vun der LSAP, Yuriko Backes vun der DP, François Bausch vun Déi Gréng, Luc Frieden vun der CSV, David Wagner vun Déi Lénk, Alex Penning vun der ADR an de Jerry Weyer vun der Piratepartei.
Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Steierpolitik, vu datt verschidde Finanzexpert:innen um Dësch souzen. Awer och d’Wuesstemsfro schielt sech ëmmer méi als eng reell Suerg eraus, och wann déi meescht Parteien op déi eng oder aner Weis de Wuesstem grondsätzlech befirwuerten. Se ënnerscheede sech nëmmen doran, wéi vill a wat fir e Wuesstem se wëllen.
Mir hunn dës Kéier d’Konzept geännert a ginn Iech elo de Best of vun den Zitater – plus d’Argumenter vun de jeeweilege Kandidat:innen.
Dir kënnt dësen an déi aner Debatten am Video nokucken op wort.lu
_____________________________________
All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/
_____________________________________
Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort
_____________________________________
Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos
Produktioun: Marc Blasius
Musek: Christian Mertes
Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes
____________________________________
Folgt eis:
www.wort.lu
X: @Wort_LU
Facebook: @wort.lu.de
Instagram: @luxemburger_wort
See omnystudio.com/listener for privacy information. -
Episode 10: “D’Steierfro spléckt weider"
An der zéngter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi drëtt vu véier Debatteronnen: déi am Osten, am klengste Walbezirk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:inne Paulette Lenert vun der LSAP, Lex Delles vun der DP, Henri Kox vun Déi Gréng, Léon Gloden vun der CSV, Laurent Fisch vun Déi Lénk, Alexandra Schoos vun der ADR an den Dr. Ted Schmit vun der Piratepartei.
Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Fro, ob den Osten, wéi d’Gesondheetsversuergung am Osten, déi vill Lacunnen opweist, wéi den Transportproblem an der Grenzregioun ka geléist an awer den Tourismus verbessert ginn. Interessant: Offensichtlech ginn et awer relativ kloer Divergenze bei der Steierpolitik tëschent de Regierungsparteien DP, LSAP an Déi Gréng.
Mir hunn dës Kéier d’Konzept geännert a ginn Iech elo de Best of vun den Zitater – plus d’Argumenter vun de jeeweilege Kandidat:innen.
De véierten a leschten Debat ass Donneschdesowes ëm 19.30 Auer am Zentrum an der Abtei Neimënster.
Wie sech nach fir déi Debatt wëll umellen, hei ass de Link: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0
_____________________________________
All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/
_____________________________________
Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort
_____________________________________
Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos
Produktioun: Marc Blasius
Musek: Christian Mertes
Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes
____________________________________
Folgt eis:
www.wort.lu
X: @Wort_LU
Facebook: @wort.lu.de
Instagram: @luxemburger_wort
See omnystudio.com/listener for privacy information. -
Episode 9: Elefanteronn am Südbezirk: “Wëlle mir a Bëton-Wüste liewen?”
An der néngter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi zweet vu véier Debatteronnen: déi am Süden, am gréisste Walbezirk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:innen Taina Bofferding vun der LSAP, Claude Meisch vun der DP, Joëlle Welfring vun Déi Gréng, Gilles Roth vun der CSV, Marc Baum vun Déi Lénk, Fernand Kartheiser vun der ADR a Marc Goergen vun der Piratepartei.
Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Fro, ob de Süden, deen all Moies am Stau erstéckt, dem Wuesstum nach gewuess ass, wat vun der nationaler Politik an deene Gemenge muss gemaach ginn, datt de Süden liewenswäert bleift a wat fir eng Roll d’Dezentraliséierung dobäi spillt.
Den nächsten Debat ass Dënschdesowes ëm 19.30 am Osten am Trifolion ze Iechernach.
_____________________________________
Umeldung Elefanteronn: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0
_____________________________________
All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/
_____________________________________
Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort
_____________________________________
Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos
Produktioun: Marc Blasius
Musek: Christian Mertes
Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes
____________________________________
Folgt eis:
www.wort.lu
X: @Wort_LU
Facebook: @wort.lu.de
Instagram: @luxemburger_wort
See omnystudio.com/listener for privacy information.