Europa Aktuell radio 100,7
-
- News
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
-
Europaparlament: Éischt Reunioune vun de Fraktiounen
Am Europaparlament forméiere sech no den Europawalen déi politesch Gruppen an d’Gespréicher iwwer méiglech Koalitioune fänken esou lues un. D’Europäesch Vollekspartei erhieft dee kloren Usproch, datt hir Spëtzekandidatin, d’Ursula von der Leyen un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun bleift.
Éischt Reunioune vun de politesche Fraktioune weisen, datt d’Majoritéit am Parlament nach net prett ass, sech hanner déi däitsch CDU-Politikerin ze stellen. Eng zentral Fuerderung ass, d’EVP misst fir d’éischt méi kloer no riets ofgrenzen. D’EVP awer seet, déi aner wieren elo um Zuch. D’Fro ass, wéi dee Knuet elo kann opgeléist ginn. D’Danièle Weber huet ënner anerem bei de Lëtzebuerger Europadeputéiert, déi lues a lues zu Bréissel ukommen, nogefrot. -
G7-Sommet
Vun haut Donneschdeg un treffe sech an der Regioun Apulien a Süditalien d'Staats- a Regierungscheffe vum G7, de Grupp vu siwe vun de räichste westleche Länner, plus d'Europäesch Unioun.
An engem Luxushotel gëtt ënner anerem iwwer Kricher geschwat, an der Gazasträif an an der Ukrain. Vu Kiew kennt och de President Wolodymyr Selenskyj.
Vill vun de Representante vum G7 kommen op hir eegen Aart a Weis geschwächt op de Sommet. D'Ausnam ass déi italieenesch Premierministerin Georgia Meloni, déi an Apulien hir gestäerkte Positioun no den Europawale weise kann.
Aus Apulien, an der Stad Bari, eise Korrespondent Philip Crowther -
Spëtzekandidatin op der Sich no Majoritéiten
D’Ursula von der Leyen huet gutt Chancë fir eng zweete Kéier Cheffin vun der Kommissioun ze ginn. Si muss dofir vun de Staats- a Regierungscheffe fir dee Posten nominéiert ginn, a si brauch eng Majoritéit am Europaparlament. Do huet sech gëschter eng Majoritéit vun de Fraktiounscheffen hanner de Prinzip vum Spëtzekandidat gestallt an ass deemno dofir, datt d’CDU-Politikerin un der Spëtzt vun der nächster Kommissioun steet. Mee inhaltlech schéngt ee sech nach net onbedéngt eens ze sinn. Aus dem Europaparlament de Reportage vum Danièle Weber
-
Frankräich: De President setzt op Risiko
A Frankräich setzt de Schock nach déif - zwee Deeg no der historescher Victoire vum franséische Rassemblement National bei der Europawal an den Neiwalen, déi de President Emmanuel Macron als Konsequenz annoncéiert huet. Wat ass d'Strategie vum Emmanuel Macron géint den RN a wat kann ee vun de Legislativwalen an dräi Wochen erwaarden? Doriwwer gëtt elo vill diskutéiert. De Max Tholl mat enger Aschätzung zur politescher Kris a Frankräich no dësen Europawalen.
-
Tendenz no riets
Bei den Europawalen huet sech an de groussen Tendenzen dat confirméiert, wat an de Sondagë virausgesot gouf. Nämlech ee Rietsruck. Am dramateschsten huet sech dat a Frankräich manifestéiert, wou de President Emmanuel Macron Neiwalen annoncéiert huet. Hei zu Lëtzebuerg huet déi rietskonservativ Partei ADR et fir d’éischte Kéier an d’Europaparlament gepackt.
-
D-Day an Europa
D'Europawale si méi wéi jee determinant fir d'Zukunft vun der EU - dovun ass den Olivier Hanrion vun der RTBF iwwerzeegt. De Grond: de Rietsruck, dee méiglecherweis bevirsteet. Grad déi jonk Wielerinnen a Wieler a Frankräich an an Däitschland wieren interesséiert un de Positioune vun de rietsextreeme Parteien. Firwat? De Journalist vum belsche Radio sicht no Äntwerten.