An dëser Episod schwätze mir mat der Pikler-Pädagogin Claudia Goudemond iwwer d’Kraaft vum fräie Spill an den éischten 1000 Deeg. Als Pikler-Pädagogin konzentréiert Si sech op dat fräit Entfale vun de Kanner an hirer eegener Zäit an eegener Manéier. Wéi wichteg ass et, de Kanner Fräiheet beim Spill ze loossen? Firwat kéint et besser sinn, manner ze kontrolléieren? Wéi beaflosst d’Bindung tëscht Elteren a Kand hiert Vertrauen an hir Entwécklung? A brauch e Kand wierklech vill Spillsaache fir ze léieren? Dës an aaner’Äntwerten kritt dir an dëser spannender Episod.
Dës Episod gëtt vun der UpFoundation ënnerstëtzt.
Gaascht: Claudia Goudemond
Host: Maxi Pesch
Postprod: Alexandre Tavares
Information
- Show
- FrequencyUpdated weekly
- Published14 September 2024 at 22:00 UTC
- Season1
- Episode25