105 episodes

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

Méi wéi Sex Méi wéi Sex

    • Health & Fitness
    • 4.7 • 15 Ratings

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

    Méi wéi just eng Zuel – Altersënnerscheeder a Bezéiungen

    Méi wéi just eng Zuel – Altersënnerscheeder a Bezéiungen

    Wat huet de Leonardo Di Caprio mat Équatiounen ze dinn? De Joël, d’Lynn an d*e Robin diskutéieren an dëser Episod iwwer hir Erfarungen mat Age Gaps. Wat hunn Age Gaps mat Queerness ze dinn, wat sinn d Risiken vun Age Gaps a wéi kann een*t mat dëse Risiken ëmgoen a sech selwer an aner Leit schützen?

    • 44 min
    #110 Dump them? Wéini trennen ech mech (net)

    #110 Dump them? Wéini trennen ech mech (net)

    An dëser Folge beschwätzen de Joël an Kelly wéini een sech trennen sollt, wéini een net Schlussmachen sollt – an alles do datescht. Et geet em Kodépendenz, Zukunftsvirstellungen, Sech-net-méi-richen-kennen, Bindungsmusteren an nach vill méi.



    Liesetipps– “Polysecure” vum Jessica Fern (Sëcher Bezéiungen zu Aaneren an zu sech Selwer opbauen)– “Attached” (Bindungstheorie, Bindungtypen, Bindungsmusteren)– “In the dream house” vum Carmen Maria Machado (Roman iwwert eng absuiv Bezéiung)



    Ulafplatzen fir gewaltvoll Bezéiungen – Femmes en détresse – VISAVI: Informatioun a Berodung fir Fraen, déi vu Gewalt duerch Partner*in betraff sinn – LOG-iN: Berodung fir Fraen, déi an enger Noutsituatioun sinn oder vu Gewalt betraff – weider Ulafstellen fannt der héi: https://cid-fg.lu/en/news/liste-mit-anlaufstellen-fuer-opfer-und-taeterinnen-haeuslicher-gewalt/

    • 54 min
    Wann et einfach net geet – Vaginismus

    Wann et einfach net geet – Vaginismus

    Content Note: An dëser Episod ginn Trauma an Erfarunge mat sexueller Gewalt ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng.



    Vaginismus – vill Leit wäerten nach ni eppes dovun héieren hunn. Dobäi si vill méi Leit vu Vaginismus betraff, wéi een*t denkt, an si sinn oft mat ville Virurteeler an Onverständnis konfrontéiert. Eis Illustratorin Lynn huet Vaginismus, a schwätzt an dëser Episod mam Robin doriwwer, wat fir en Afloss dës Konditioun op seng Bezéiungen a säi Liewen huet.



    An der Rubrik kläert d’Kelly doriwwer op, wéi een*t am beschte mat Jugendlecher iwwer Sex schwätzt.



    Hei kanns du Hëllef zu Lëtzebuerg fannen, wann s du vu Vaginismus betraff bass:profamilia.lusexpert.luphysiopelvic.luplanning familial

    • 39 min
    Ech si Schalter, an du? – Top/Switch/Bottom

    Ech si Schalter, an du? – Top/Switch/Bottom

    Bottom, top, up, down, charm oder strange? Wat huet Quantephysik mat Sex ze dinn? A wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëscht Top/Switch/Bottom an Dom/Switch/Sub? Haut geet et ëm genau dës Kategoriséierungen a wat eent amfong mat deenen ufänke kann. De Joël an de Robin schwätzen ausserdeem iwwer typesch Virurteeler a laachen iwwer Autoswäschen.



    An der Rubrik kläert den Elie iwwer gender affirming care op.

    • 33 min
    Vu Superhelden a Liebesgeschichten – Aromantik

    Vu Superhelden a Liebesgeschichten – Aromantik

    Wat hu Superhelden mat Verléiftheet ze dinn? Dëst a nach vill méi verzielt eis d Beatà aus eiser Community. Hat ass aromantesch an asexuell a gëtt eis en Abléck a säi Liewen.



    Kelly schwätzt an der Rubrik iwwer nëtzlech Life Hacks an Selfcare Strategien ronderëm Menstruatioun

    • 46 min
    Nom Sex ass virum Sex – Kommunikatioun virum, während a nom Sex

    Nom Sex ass virum Sex – Kommunikatioun virum, während a nom Sex

    Just go with the flow – oder awer besser virbeschwätzen, wat geschéie soll? Doriwwer diskutéieren de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An deene nächsten 48 Minutten gëss du gewuer, wat si gäre virum Sex ofklären, firwat Sex och philosophesch si kann an dass nom Sex virum Sex ass.

    • 46 min

Customer Reviews

4.7 out of 5
15 Ratings

15 Ratings

Top Podcasts In Health & Fitness

Jay Shetty
Scicomm Media
Ten Percent Happier
NDR
Nathalie Stüben
Max Lugavere

You Might Also Like