Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

  1. -3 h

    Schlof an den Handy (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer de Gebrauch vum Handy an den Effekt op de Schlof. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Joris, du gesäis haut awer midd aus. Hues de schlecht geschlof?  B: Jo, leider. Ech konnt gëschter guer net aschlofen.  A: O nee. Has de e stressegen Dag?  B: Jo, och. Mee ech fäerten, den Handy ass och e Problem  A: Dat kennen ech. Ech huele mir all Owend vir, méi fréi schlofen ze goen, an da leien ech awer nach stonnelaang um Handy am Bett.  B: Genee dat geschitt mir och. Eigentlech wollt ech gëschter um 23 Auer schlofe goen, mee herno war et awer vill méi spéit…  A: Wat méchs du dann um Handy? Videoe kucken?  B: All Méigleches. Instagram, Noriichten, YouTube… heiansdo liesen ech och Kommentarer oder kucke Fussballsvideoen.   A: Bei mir ass TikTok de Problem. Déi kuerz Videoen halen einfach ni op!  B: Jo, an et seet ee sech ëmmer: ,,Just nach ee Video‘‘.  A: An eng Stonn méi spéit scrollt een awer nach.  B: Du sees et…  A : Et gëtt jo och ëmmer gesot, datt déi blo Luucht vum Handy schlecht fir de Schlof ass.  B: Stëmmt, dat hunn ech och schonn héieren. D’Gehier denkt da warscheinlech, datt et nach Dag ass.  A: Jo, an dofir fält et engem méi schwéier, anzeschlofen.  B: An esouguer wann ee schléift, schléift een och net richteg déif.  A: Interessant. Ech mierke wierklech, datt ech méi schlecht schlofen, wann ech laang um Handy sinn.  B: Ech och. Besonnesch wann ech virum schlofe goen nach eppes stresseges kucken.  A: Zum Beispill negativ Noriichten?  B: Jo, oder soss Diskussiounen um Internet. Duerno denken ech oft nach laang driwwer no.  A: Dat kennen ech. No sou eppes ass mäi Kapp och nach aktiv.  B: Genee. Fréier hunn ech virum Schlofen oft nach gelies. Haut kucken ech meeschtens op den Handy.   A: Eigentlech ass dat schued, fënns de net?  B: Dach, schonn. Liesen ass iergendwéi méi entspaanend.  A: Meng Frëndin mécht ëmmer en Handy-fräien Owend.  B: Wat ass dat da genee?  A: Ab néng Auer leet hatt säin Handy ewech a lauschtert Musek oder liest e Buch.  B: Dat kléngt gesond. Mee, éierlech gesot kéint ech dat net all Dag.  A: Ech warscheinlech och net. Et ass ee sou un den Handy gewinnt…  B: Virun allem, well et do alles gëtt: d’Noriichten, Musek, Videoen, de Kontakt mat Frënn…  A: An de Wecker!  B: Haha, jo, dat ass nach e Problem. Mäin Handy läit direkt nieft dem Bett.  A: Bei mir och. An esoubal ech nuets kuerz waakereg ginn, kucken ech automatesch drop.  B: Ech och! An da gesinn ech d’Auerzäit an denken: ,,O nee, ech muss a fënnef Stonnen opstoen!‘‘  A: Da kann ee scho guer net méi aschlofen.  B: Genee!  A: Hues du scho probéiert, den Handy an engem aneren Zëmmer leien ze loossen?  B: Nee, mee vläicht soll ech dat emol testen.  A: Mäi Brudder mécht dat zanter e puer Méint.   B: An, déngt et eppes?  A : Jo, anscheinend schonn. Hie seet, datt hie méi séier aschléift a moies méi roueg ass.  B: Interessant. Moies kucken ech nämlech ëmmer direkt op den Handy, wann ech erwächen.  A: Ech och. Et ass dat éischt, wat ech maachen…  B: An heiansdo gesinn ech dann direkt E-Mailen oder schlecht Noriichten. Dat ass kee gudde Start an den Dag!  A: Definitiv net. Fréier hunn d’Leit warscheinlech fir d’éischt a Rou Kaffi gedronk an eventuell dobäi d’Zeitung gelies.  B: Jo, bei mengen Elteren ass dat haut och nach esou. Mee eis Generatioun kuckt ëmmer direkt op den Ecran.  A: Scho geckeg, wann een esou doriwwer nodenkt.  B: Jo. Mee bon, anerersäits huet den Handy awer och vill Virdeeler.  A: Jo, zum Beispill Schlof-Apps oder Entspanungsmusek.  B: A Meditatiounen.  A: Richteg. Et muss een den Handy warscheinlech einfach méi bewosst benotzen. Vläicht solle mir zwee probéieren, owes e bësse manner online ze sinn.  B: Jo, kleng Schrëtt wiere scho gutt. Zum Beispill keng Videoe méi am Bett kucken.  A: Oder den Handy op d’mannst eng hallef Stonn virum schlofe goen ewechleeën.  B: Dat kléngt realistesch.  A: Mol kucken, ob mir dat packen.  B: Bestëmmt!

    6 min
  2. 2 juin

    Transportmëttel a Fürerschäin (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Transportmëttel an hire Fürerschäinsexame schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Transportmëttel a Fürerschäin (A2)  A: Salut Pol! So, wéi bass du haut op d’Aarbecht komm ?  B: Moie Mia! Haut sinn ech mam Bus gefuer, well mäin Auto futti ass.  A: O nee! Wat ass da geschitt?  B: Ma, gëschter huet mäin Auto op eemol komesch Geräischer gemaach. An haut de Moien ass en du guer net méi ugesprongen.  A : Dat ass awer nerveg ! Wéi laang hues du däin Auto da schonn?  B: Zanter ongeféier dräi Joer. Virdru sinn ech ëmmer mam Vëlo oder mam Bus gefuer.  A: Ech fueren och oft dacks mam Vëlo, besonnesch am Summer. Mee wann et reent, huelen ech léiwer de Bus oder den Tram.  B: Dat verstinn ech. Hues du eigentlech de Fürerschäin?  A: Jo, mee ech hunn e réischt d’lescht Joer gemaach.  B: Seriö? An, war den Exame schwéier?  A: Den theoreeteschen Deel war einfach, mee am prakteschen Exame sinn ech fir d’éischt derchgefall.  B: Wierklech? Firwat, wann ech froen däerf?  A: Ech war ganz opgereegt an war dofir net immens konzentréiert. An ech hunn eng Rechtsvirfaart ze spéit gesinn.  B: O dat ka geschéieren. Vill Leit falen déi éischt Kéier duerch.  A: Jo, dat huet mäi Farlehrer och gesot. Zwou Woche méi spéit hunn ech den Exame widderholl, an dunn hunn ech en och ganz gutt gepackt.  B: Super! Da waars de bestëmmt frou.  A: Jo, total. Ech hunn direkt menger Mamm ugeruff, an owes sinn ech mat mengem Frënd an de Restaurant gaang, fir dat ze feieren.  B: Flott! Ech ka mech och nach u mäi Fürerschainsexamen erënneren. Ech hu mech deemools immens virbereet.  A: Hues du et direkt gepackt?  B : Jo, zum Gléck. Mee ech war och immens nervös.  A: A fiers du elo gär Auto?  B: Jo, besonnesch fir laang Strecken. De leschte Summer sinn ech mat Frënn an Italie gefuer. Mir hu bal zéng Stonne gebraucht.  A: Wow, dat ass laang. Ech sinn d’lescht Joer mam Zuch op Berlin gefuer. Dat war och relax, well ech ënnerwee liesen a Musek kucke konnt.  B: Dat ass richteg, mam Zuch fuere kann och relax sinn. Mee leider hunn d’Zich oft Retard.  A: O jo! D’lescht Woch hunn ech bal eng Stonn op der Gare gewaart, well mäin Zuch Verspéidung hat.  B: Dat ass typesch. Dofir huelen ech fir kuerz Strecke léiwer de Vëlo. Esou kommen ech dacks méi schnell un an ech hu mech an engems e bësse beweegt.  A: An et ass gutt fir d’Ëmwelt!  B: Genee. Mee am Wanter fueren ech guer net gär Vëlo. Dann ass et vill ze kal.  A: Dat verstinn ech. Am Wanter huelen ech meeschtens den Tram oder de Bus fir op d’Aarbecht ze fueren.  B: Eigentlech ass et gutt, verschidden Transportmëttelen ze hunn. Da kann ee méi flexibel sinn.  A: Jo, dat stëmmt. Mee et ass awer praktesch, de Fürerschäin ze hunn.  B: Op alle Fall. Et ass ee méi onofhängeg.  A : Genee. Vläicht kafen ech mir d’nächst Joer och e klengen Auto.

    4 min
  3. 27 mai

    E Studentenjob (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwee Studenten iwwer en Niewenjob schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: E Studentenjob (A2) A: Hey! Wéi geet et dir?  B: Hallo! Et geet mir gutt, merci. An dir?  A: Jo, och gutt. Wat méchs du elo no de Coursen?  B: Ech sichen nach en Niewenjob. Ech wëll e bësse Sue verdéngen. An du, hues du e Studentenjob?  A: Jo, ech hu schonn en Niewenjob. Ech schaffe samschdes a sonndes an engem Café an der Stad.  B: A, wierklech? Dat kléngt interessant! Wat méchs du do genee?  A: Ech huelen d’Commanden, ech zerwéieren d’Clienten, ech spullen d’Glieser an heiansdo maachen ech den Inventaire.  B: Ass et dann net ze schwéier Uni an Aarbecht ze kombinéieren?  A: Et hänkt dovun of. Wann ech vill Hausaarbechten hunn oder fir en Test léiere muss, dann ass et e bësse stresseg, mee ech schaffe just 10 Stonne pro Woch, also geet et nach.  B: Jo, ech verstinn. Wéi sinn deng Aarbechtskolleegen dann?  A: Topp! Meng Cheffin ass och ganz léif a verständnisvoll.  B: Dat ass wichteg. A wéi vill verdéngs du?  A: Ech verdéngen ongeféier 14 Euro pro Stonn. Fir e Student ass dat net schlecht.  B: Nee, dat ass wierklech gutt.   A: Hues du schonn e CV geschriwwen?  B: Jo, ech hu mäi CV fäerdeg, mee ech weess net genee wou ech ufänke soll.  A: Du kanns online kucken oder direkt a verschiddene Geschäfter a Caféë froen. Vill Plaze siche Studenten. D’Uni huet normalerweis och e Site, wou reegelméisseg Studentenjobs gepostginn.  B: A ok, dat wosst ech net. Ech wollt vläicht Nohëllef ginn, well ech gutt an der Mathé, Physik a Chimie sinn.  A: Dat ass perfekt! Vill Eltere sichen Nohëllef fir hir Kanner am Lycée.  B: Jo, an ech kann da meng Zäit besser organiséieren.  A: Genau. Dat ass de Virdeel vun esou engem Job.  B: Firwat hues du dann eigentlech en Niewenjob gesicht?  A: Ech wollt méi onofhängeg sinn a meng eege Saache bezuelen, wéi Bicher, Kleeder oder Reesen.  B: Dat verstinn ech. Ech wëll och Sue spuere fir meng Vakanz am Summer.  A: Wou wëlls du hifueren?  B: Ech wëll mat Frënn a Spuenie goen, vläicht op Barcelona.  A: O, dat ass eng flott Stad! Do war ech d’lescht Joer.  B: Da muss ech séier e Job fannen!  A: Dat wäert scho goen. Wann s de wëlls, kann ech meng Cheffin froen ob si nach ee sicht.  B: Hmm, ech probéieren et als éischt emol mat der Nohëllef a wann net, da mellen ech mech nach eng Kéier bei dir.  A: Ok, kee Problem.  B: Merci awer fir deng Hëllef.  A: ‘t ass gär geschitt. Ech hoffen, du fënns séier eppes, dat dir gefält.  B: Ech och!

    4 min
  4. 21 mai

    Vakanz um Mier oder an der Stad (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen diskutéieren, wou si hir Vakanz verbrénge wëllen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) A: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du an der grousser Vakanz maache wëlls?  B: Nee, nach net genau. Ech schwanken tëscht enger Rees an eng Stad an enger Vakanz um Mier. An du?  A: Ech géif léiwer op d’Mier fueren. No deene leschte stressege Méint brauch ech e bësse Rou.  B: Ech verstinn. Mee, éierlech gesot fannen ech e Citytrip méi interessant. Et kann een esou vill kucke goen an erliewen!  A: Dat ass wouer. Mee um Mier kann ee sech am beschten entspanen. Ausserdeem ass d’Wieder do meeschtens besser.  B: Hm, dat kënnt dorop un, wuer ee fiert. A Südeuropa ass et am Summer oft immens waarm. Dat ass mir heiansdo ze vill.  A: Also, ech si frou mat der Hëtzt. Ech leie léiwer an der Sonn, wéi de ganzen Dag duerch eng Stad ze trëppelen.  B: Ech ginn dogéint léiwer ronderëm an entdecken nei Plazen. An enger Stad gëtt et einfach méi Ofwiesslung: Muséeën, Resturanten, Butteker…  A: Mee, ass dat net och ustrengend? An der Vakanz wëll ech eigentlech net esou vill plangen.  B: E bësse plange gehéiert dozou, mee dat mécht mir och Spaass. Ech si léiwer méi aktiv wéi just op der Plage ze leien an ze faulenzen.  A: Nëmmen op der Plage leie géif ech och net. Et kann ee jo och Ausflich maachen. Mee insgesamt ass eng Vakanz um Mier méi relax fir mech.  B: Vläicht wier e Mix am Beschten. Eng Stad um Mier, zum Beispill.  A: Dat ass eng gutt Iddi. Esou huet ee béid Saachen: Kultur an Erhuelung.  B: Genee. Da kéint ee moies d’Stad kucke goen an nomëttes op d’Plage goen.  A: Dat kléngt ideal. Mee esou Plaze sinn oft méi deier, oder?  B: Jo, leider schon. Eng reng Rees an eng Stad ass oft méi bëlleg wéi eng Vakanz op enger beléifter Destinatioun um Mier.  A: Fir mech ass et awer wichteg, datt ech mech gutt erhuele kann. Dofir géif ech och léiwer e bësse méi Suen ausginn.  B: Ech verstinn däi Punkt. Fir mech ass de Präis méi wichteg. Ech géif léiwer méi bëlleg reesen an dofir méi gesinn.  A: Also, ech fannen eng schéi Plage méi wichteg wéi vill Aktivitéiten.  B: An ech fannen Aktivitéite méi wichteg wéi Erhuelung. Mir hu wierklech ënnerschiddlech Prioritéiten.  A: Haha, dat ass wouer. Mee genau dofir ass eng Kombinatioun vläicht déi bescht Léisung.  B: Jo, ech denken och. Wou kéint een dann esou eppes maachen?  A: Vläicht an Italien oder a Spuenien. Do ginn et vill Stied direkt um Mier.  B: Spuenie géif mir méi zousoen. D’Stied sinn do oft méi lieweg, fannen ech.  A: Mir gefält Italie besser, virun allem wéinst dem Iessen.  B: Do hues de Recht, ech fannen italieenescht Iessen och wierklech besser.  A: Also, Italien oder Spuenien?  B: Hmm… schwiereg. Vläicht musse mir vergläichen, wat méi bëlleg ass.  A: Gutt Iddi. A vläicht kucke mir och, wou d’Wieder am Beschten ass.  B: Genee. A wou net ze vill lass ass – dat ass mir och wichteg.  A: Mir och. Ech géif léiwer op eng roueg Plaz goen.  B: Da siche mir am beschten zesummen eppes eraus.  A: Jo, komm, mir kucken den Owend zesummen a vergläichen e puer Präisser.  B: Perfekt, ech freeë mech schonn!  A: Ech mech och! Egal, wuer mir fueren – Haaptsaach Vakanz an am wichtegsten zesummen!

    5 min
  5. 19 mai

    Den Dagesoflaf am Passé (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen erzielen, wat si gëschter gemaach hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Den Dagesoflaf am Passé  A: Salut Luc! Wéi war däin Dag gëschter?  B: Hallo Marie. Mäin Dag war an der Rei, mee och e bësse stresseg. An däin?  A: Mäin Dag war ganz gutt. Ech si fréi opgestanen, um 6 Auer. An du?  B: Ech si méi spéit opgestanen, géint hallwer aacht. Ech hu mäi Wecker net direkt héieren, dofir hunn ech mech du getommelt.  A: O, dat kennen ech! Ech hu mech fir d’éischt am Bett gestreckt an dunn hunn ech mech ugedoen. Duerno hunn ech d’Kaffismaschinn ugemaach an e Kaffi gedronk.  B: Ech hunn och direkt en Téi gedronk, mee ganz séier. Ech hu mir de Mond esouguer verbrannt. Dunn hunn ech mech am Buedzëmmer gewäsch a mech ugedoen, an du sinn ech direkt mam Auto opd’Aarbecht gefuer.  A: Hues du kee Kaffi gedronk ?  B : Nee, leider net. Ech hat keng Zäit. Ech hu just e Müüslirigel an en Apel matgeholl. An du?  A: Ech hu gemittlech doheem Kaffi gedronk. Ech hunn eng Schmier mat Gebeess an e Jughurt giess. Duerno hunn ech mech prett gemaach a sinn op de Busarrêt gaangen. Ech hat Chance an de Bus war pünktlech.   B: Däi Moie kléngt vill méi relax wéi mäin! Wat hues du dann alles op der Aarbecht gemaach?  A: Ech hunn op vill E-Maile geäntwert a mat Aarbechtskolleege geschwat. Mëttes hunn ech mech mat enger Frëndin getraff a mir hunn zesumme giess.  B: Flott! Ech hunn de ganzen Dag am Büro geschafft. Ech hat vill Reuniounen an hu mech fir eng aner Reunioun mat mengem Chef virbereet.  A: O, dat kléngt ustrengend. Wéi ass d’Presentatioun gelaf?  B: Gutt. Ech war e bëssen nervös, mee mäi Chef war zefridden.  A: Super! No der Aarbecht hunn ech e bësse gerascht. Ech hu mech op de Kannapee geluecht an hunn e bëssen d’Tëlee gekuckt.  B: Ech hunn no der Aarbecht Sport gemaach. Ech sinn an de Fitness gefuer an hunn eng Stonn trainéiert.  A: Dat ass eng gutt Iddi. Hues du dech duerno besser gefillt?  B: Jo, definitiv. Doheem hunn ech mech geduscht an eppes fir z’iesse preparéiert.  A: Wat hues du gekacht?  B: Nuddele mat Geméis a Poulet. An du?  A: Ech hu just eng Zalot giess. Ech war net immens hongereg.  B: A wat hues du owes gemaach?  A: Ech hunn e bësse Lëtzebuergesch geléiert. Duerno hunn ech mech an d’Bett geluecht an hunn e Buch gelies.  B: Ech hunn nach e bësse Playstation gespillt, mee um 22 Auer sinn ech schlofe gaangen. An du, um wéi vill Auer hues du geschlof?  A: Ech hu géint 23 Auer d’Luucht ausgemaach a si séier ageschlof.  B: Dat kléngt jo no engem gudden Dag. Muer stinn ech méi fréi op, fir datt ech net erëm esou midd a gestresst sinn.  A: Gutt Iddi! Ech probéieren och, mäin Dag lues unzefänken.

    4 min

Notes et avis

4,9
sur 5
67 notes

À propos

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Vous aimeriez peut‑être aussi