48 episodes

De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen RTL Radio Lëtzebuerg

    • Society & Culture
    • 5.0 • 2 Ratings

De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.

    Episod 48 - Dat neit Accessibilitéitsgesetz, 30/01/2023 11:24

    Episod 48 - Dat neit Accessibilitéitsgesetz, 30/01/2023 11:24

    E Meilesteen zu Lëtzebuerg



    Am Juni 2023 trëtt dat neit Accessibilitéitsgesetz zu Lëtzebuerg a Kraaft. Alles am ëffentleche Raum a Privatwunnengen muss da barrièrefräi gebaut oder barrièrefräi ugepasst ginn.

    Eng aner nei Funktioun vun dësem Gesetz ass, datt privat Immobilien-Bauträger verflicht sinn barrièrefräi Wunnengen ze schafen, wann se Residenze bauen.

    D‘Adapth ass zënter iwwer 25 Joer amgaang fir ee barrièrefräit Bauen ze sensibiliséieren. Dëst Gesetz hieft d'Aarbecht vum Adapth op en neien Niveau.

    Mam Fabiano Munisso, Direkter vun ADAPTH, geet et ëm d'Aarbecht, d'Entwécklung, awer virun allem iwwer d'Auswierkunge vum neie Gesetz.

    Episod 47 - Aktiounsplang 2.0 iwwert d'Inklusioun, 21/12/2022 20:30

    Episod 47 - Aktiounsplang 2.0 iwwert d'Inklusioun, 21/12/2022 20:30

    Et war virgesinn, dass eng extern Etude gemaach gëtt, wou den Actionsplang an der Emsetzung drun ass.



    Zesummen mat den 14 Ministèren, den 8 Aarbechtsgruppen, dem Steering Group an dem CSPH gouf dës Evaluatioun, déi vu KPMG duerchgefouert gouf, opgebaut. Den 21.12.2022 gouf se offiziell presentéiert.

    Episod 46 - Sport an Inklusioun, 10/11/2022 10:42

    Episod 46 - Sport an Inklusioun, 10/11/2022 10:42

    Vum Breede- bis zum Leeschtungssport



    Wa mir iwwer Inklusioun schwätzen, da sinn Fräizäit a Sport grad esou en Deel dovun, wéi d’sozial a schoulesch Inclusioun. Wéi aas et mat der Inklusioun am Sport zu Lëtzebuerg? Wou ass de Paralympesche Sport am Joer 1 no de Paralympics an no der Ära Tom Habscheid? Wat sinn d'Erausfuerderunge fir den LPC, besonnesch well de Comité momentan fir Kompetitioun a populäre Sport verantwortlech ass?

    D'Martine Kirsch vun ZEFI (zesumme fir Inklusioun) beschreift als Presidentin a betraffe Mamm déi aktuell Situatioun am Zesummenhang mat der Inklusioun. De Marc Kiefer, Sportsdirekter vum LPC, geet et ausserdeem ëm den aktuellen Zoustand vum Paralympesche Sport, d'Paradays an natierlech och Inklusioun.

    Episod 45 -Perséinlech Assistenz a firwat se wichteg ass, 31/10/2022 07:00

    Episod 45 -Perséinlech Assistenz a firwat se wichteg ass, 31/10/2022 07:00

    Eent vun de wichtegsten Instrumenter fir Selbstbestëmmung aus der UNO-Konventioun iwwer d'Rechter vu Persoune mat enger Behënnerung



    Sie erlaabt Leit mat enger Behënnerung Verantwortung fir hiert Liewen ze huelen. Esou Méiglechkeete ginn et schonn an eisen Nopeschlänner. Lëtzebuerg deet sech offiziell schwéier, mä huet zanter méi ewéi 10 Joer e Modell vun der ASBL "Wäertvollt Liewen" toleréiert.



    Mam Jean-Marc Scheer vun därr ASBL kläre mir firwat Lëtzebuerg mat dem Thema kämpft, wéi d'Associatioun hire Patienten d'Méiglechkeet schaaft fir e wäertvollt Liewen ze garantéieren, a wéi et hei am Land ëmgesat ka ginn.



    De Sascha Lang schwätzt och mam Elena Merslikin vun der Däitscher ASBL "ASL" vun Berlin doriwwer wat d'Budgetshëllef mécht, a wat d'Selbstbestëmmung duerch Perséinlech Assistenz fir déi Betraffen geännert huet.

    Episod 44 - Wëll ech wierklech nees gesinn?, 26/10/2022 16:07

    Episod 44 - Wëll ech wierklech nees gesinn?, 26/10/2022 16:07

    Et gëtt dacks Neiegkeeten iwwer Weeër wéi blann Leit erëm kéinte gesinn. Kënschtlech Intelligenz mécht et méiglech.



    Medezinesch ass eng Aen-Transplantatioun néideg, mä déi geet nach net.

    De Sascha Lang ass zanter sengem 3. Liewensjoer blann. Eng vun den heefegste Froen, déi hie gestallt kritt ass: Géifs du gär gesinn?

    Firwat seng Äntwert iwwerrascht, an wat hien doriwwer denkt, héiert Dir an dësem Episod.

    Episod 43 - Post Group, soziaalt Engagement an Inclusioun, 04/10/2022 14:27

    Episod 43 - Post Group, soziaalt Engagement an Inclusioun, 04/10/2022 14:27

    De Post Group ass ee vun de gréisste Patronen zu Lëtzebuerg. Mat de Beräicher Finanzen, Telekom a Courier ass et och e grousse Player an der Gesellschaft



    Am Fréijoer stellt de Post Group ëmmer säi Bilan vir. Ee vun den Aspekter ass och ëmmer déi sozial Verantwortung vun enger Firma. D'Inclusioun spillt net nëmmen eng Roll an der Entreprise intern, wat d'Beschäftegung vu Leit mat enger Behënnerung ugeet, mee och par rapport zu den Servicer, déi ugebuede ginn.

    De Generaldirekter Claude Strasser, d'Directrice fir de Beräich Ressource Humaine Isabelle Faber an de Pascal Recchia, Psycholog an éischte Kontaktpunkt fir sozial Themen bei der Post, hunn dem Sascha Lang seng Froen beäntwert.

Customer Reviews

5.0 out of 5
2 Ratings

2 Ratings

HurPa151 ,

Excellente Podcast

Dëse PodCast thematiséiert Aspekter zum Thema Behënnerung an zu eiser Gesellschaft déi e soss a lëtzebuerger Medie praktesch nët fënnt: spannend Invitéën, relativ onbekannten Themen, kritesch Froën!

Tabaluga ,

Thema

Sehr interessant hun den film gesin an gin elo mol gewuer dat et eng richtigen hannergrond ass! Mecht interessi fir mei gewuer ze gin!

Top Podcasts In Society & Culture

France Inter
Wondery
MyBetterSelf
ZEIT ONLINE
France Culture
France Télévisions