100 episodes

Konscht, Theater, Bicher, Musek, Liesungen, Filmer - mir schwätze Kultur a ginn eisen Invité vun der Woch duer besichen, wou en eis ëmfänke wëlt.

RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur‪!‬ RTL Radio Lëtzebuerg

    • Society & Culture
    • 5.0 • 3 Ratings

Konscht, Theater, Bicher, Musek, Liesungen, Filmer - mir schwätze Kultur a ginn eisen Invité vun der Woch duer besichen, wou en eis ëmfänke wëlt.

    Podpurri Episod 106 Jan Josef Liefers, 14/03/2023 14:31

    Podpurri Episod 106 Jan Josef Liefers, 14/03/2023 14:31

    Den 10. Februar war den däitsche Schauspiller a Museker Jan Josef Liefers fir eng Liesung am Cube 521 zu Maarnech.



    Virun ausverkaaftem Haus huet hien aus dem Roman "Über Menschen" vum Juli Zeh gelies. De Jan Josef Liefers ass vrun allem ganz populär ass duerch seng Roll vum exzentresche Professer Börne an der Tatort-Serie, déi zu Münster spillt. Säin éischte grousse Succès hat en am Film "Knockin on heaven's door" nieft dem Til Schweiger an dem Thierry Van Wervecke.

    Podpurri Episod 105 mam TNL-Direkter Frank Hoffmann, 07/03/2023 10:00

    Podpurri Episod 105 mam TNL-Direkter Frank Hoffmann, 07/03/2023 10:00

    1996 war hien den Initiator vum Théâtre National a bis haut säin Direkter.



    Fir d'Produktioun "Café Terminus", déi eng dystopesch Vue op Lëtzebuerg 2039 soll sinn a sech um Stéck "Der Eismann kommt" vum Eugene O'Neil inspriréiert, huet de Frank Hoffmann net nëmmen als Regisseur, mee och als Auteur geschafft. Gewise gëtt eng Gesellschaft an der Kris, mat Personnagen, déi sech an engem Café zesummeverschanzen.

    Podpurri Episod 104 mam Alexis Juncosa, 28/02/2023 10:00

    Podpurri Episod 104 mam Alexis Juncosa, 28/02/2023 10:00

    Zënter der éischter Editioun 2011 ass hien den artisteschen Direkter vum Luxfilmfest.



    Ënner iwwer 900 Filmer huet hie mat sengen Ekippen a Comité de sélection decidéiert, wéi eng Filmer gewise gi bei der 13. Editioun vum LuxFilmFest: Competitiounen - Fiktioun, Dokumentär, Kannerfilmer - eng Rei grouss Nimm Hors-Concours, awer vrun allem och eng ëmmer méi wichteg Plaz fir d'Lëtzebuerger Filmproduktioun.

    Podpurri Episod 103: D'Kënschtlerin Chiara Dahlem, 21/02/2023 10:00

    Podpurri Episod 103: D'Kënschtlerin Chiara Dahlem, 21/02/2023 10:00

    Molerei, Graffiti, Installatiounen a grouss a faarweg Wierker, dofir ass d'Multimedia-Kënschtlerin bekannt.



    D'Chiara Dahlem huet dëst Joer direkt zwou Solo-Ausstellungen. S(P)LASH-NO MATTER WHAT ass déi éischt Ausstellung, déi vun dëser Woch un an der Galerie vun der BIL ze gesinn ass. D'Kënschtlerin huet d'Claudia Kollwelter an hiren Atelier op der Schläifmillen invitéiert.

    Podpurri Episod 102 D'Directrice vum Cube Christine Keipes, 14/02/2023 10:00

    Podpurri Episod 102 D'Directrice vum Cube Christine Keipes, 14/02/2023 10:00

    Zënter Juni 2022 ass d'Christine Keipes d'Directrice vum Cube 521 zu Maarnech



    Ganz nei ass d'Haus dem Christine Keipes, déi en Éislecker Meedchen ass, net. Ëmmerhi war si vun Ufank un derbäi an huet an der Communicatioun an an der Administratioun hir éischt Schrëtt am Aarbechtsliewe gemaach.

    Podpurri Episod 101: D'Kënschtlerin Chantal Maquet, 07/02/2023 12:06

    Podpurri Episod 101: D'Kënschtlerin Chantal Maquet, 07/02/2023 12:06

    Zejoert gouf d'Kënschtlerin mam Prix Pierre Werner ausgezeechent, an och wann hire Schwéierpunkt op der Molerei läit, schafft si ganz multidisziplinär.



    Esou och an hirer aktueller Expo an der Galerie Reuter Bausch. D'Chantal Maquet huet mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert hir Portraite vu Planze geschwat, iwwert hiert Liewen zu Hamburg an hiren treie Begleeder op véier Patten.

Customer Reviews

5.0 out of 5
3 Ratings

3 Ratings

Top Podcasts In Society & Culture

Reporter.lu
Crooked Media
SWR3, rbb24 Inforadio, Eva-Maria Lemke
Esther Perel Global Media
The Free Press
Clémentine Galey

You Might Also Like

radio 100,7
Reporter.lu
ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht
radio 100,7