9 episodes

De Magasinn vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun

RTL - Spin RTL Radio Lëtzebuerg

    • Sports

De Magasinn vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 11/06/2020 18:15

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 11/06/2020 18:15

    An eisem Magazin "Spin" iwwer Dëschtennis kucke mir haut op d‘Iwwerraschungsekipp vun der Saison. Wéi si d‘Saison erlieft hunn, wéi si mam Coronavirus ëmgaange sinn a wéi et an Zukunft weidergoe soll. Dofir huet de Yannick Zuidberg am Virfeld mam Francis Schmit, dem President vum DT Berbuerg, geschwat.

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 14/05/2020 18:15

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 14/05/2020 18:15

    An eisem Magazin Spin iwwer Dëschtennis kucke mir déi Kéier op den Impakt vun der Corona-Kris op den nationalen Dëschtennis a wéi d’Federatioun domat ëmgeet an ëmgaangen ass. An deem Kontext huet de Yannick Zuidberg am Virfeld mam President vun der FLTT, dem André Hartmann, geschwat.

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 09/04/2020 18:15

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 09/04/2020 18:15

    An eisem Magazin Spin iwwer Dëschtennis maache mir eis haut méi e geneet Bild, wéi eis zwee Championen am Eenzel sech an Zäite vum Coronavirus fit halen a wat dat Ganzt fir Repercussiounen op hiren Alldag an hir sportlech Ziler huet. An deem Kontext huet de Yannick Zuidberg am Viraus mam Sarah de Nutte a mam Luka Mladenovic geschwat.

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 12/03/2020 18:15

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 12/03/2020 18:15

    Am Spin, dem Magasinn vun der Dëschtennis-Federatioun, huele mir haut den aktuelle Champion- a Coupe-Gewënner Diddeleng méi genee ënnert d'Lupp. An deem Kontext huet de Rich Simon am Viraus mam Luc Koehler geschwat, deen elo schonns iwwer 20 Joer am Comité bei deenen Diddelenger dobäi ass.

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 13/02/2020 18:15

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 13/02/2020 18:15

    An eisem Magazin Spin kucke mir haut schonns no vir op de Weekend. Do ginn an der Coque nämlech d’Landesmeeschterschaften am Dëschtennis gespillt. D’lescht Joer konnt sech bei den Hären de Christian Kill vum DT Lénger duerchsetzen, bei den Damme war op en Neits kee Kraut géint d’Sarah de Nutte gewuess. De Yannick Zuidberg huet am Virfeld mat béiden Titelverdeedeger geschwat.

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 09/01/2020 18:15

    Spin: De Magazin vun der Dëschtennis-Federatioun, 09/01/2020 18:15

    An eisem Magazin Spin kucke mir dës Kéier no vir op d’Coupe de Luxembourg bei den Hären a bei den Dammen. Do ginn de Weekend nämlech d’Halleffinallen an d’Finalle gespillt. D’lescht Joer konnt sech bei den Hären op en Neits Diddeleng duerchsetzen a bei den Dammen den DT Rued. De Yannick Zuidberg huet am Viraus mat den Titelverdeedeger geschwat.

Top Podcasts In Sports