![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
10 集
![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
Am Bistro mat der woxx woxx
-
- 新聞
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
-
Wéi den Asylsystem zu Lëtzebuerg versot
Den Asylsystem generell an d'Dublin-Prozedur am spezielle verhënnert, dat Leit Asyl kréien, obwuel se an hirer Heemescht verfollegt ginn. No enger laanger Recherche wéist d'woxx-Journalistin María Elorza Saralegui unhand vum Fall vun der Famill Sedova, wéi Leit aus Lëtzebuerg expulséiert ginn, an si net genuch Zäit kruten, fir hir Geschicht duerzestellen an net emol eng Chance op Asyl haten. Mir schwätzen och iwwert Zoustänn, an deenen esou "Dublin-Fäll" wunne mussen, a wat déi stänneg Onsécherheet mat de Mënsche mécht.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: https://www.woxx.lu/dublin-verfahren-wohin-wenn-das-asyl-verwehrt-wird/ -
Déi langweileg Ried zur Lag vun der Natioun
De Premier Luc Frieden huet den Dënschden seng éischt Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber gehalen. Déi Ried war net besonnesch spannend, huet de Joël Adami fonnt, am Podcast schwätzt hie mam Tessie Jakobs doriwwer, wourunner dat geleeën huet. Si diskutéieren och doriwwer, wéi d'Riedner*innen vun der Majoritéit an der Oppositioun an hire Reaktiounen op dem Premier säin Discours sech gemaach hunn.
-
Migratiounspolitik am EU-Walkampf
Déi eng Parteie gesi Migrant*innen als Risiko fir d'Sécherheet, déi aner wëllen se als Aarbechtskräften an Europa gesinn, a just e puer setzen sech fir eng besser a méi mënschlech Asylpolitik an. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wat an de Walprogrammer fir d'EU-Wal steet a klären doriwwer op, wat fir falsch Fakten iwwert den EU-Migratiounspakt verbreet ginn.
-
Ëmmer nach Neiland – Digitalpolitik vun de Lëtzebuerger Parteien
Digitaliséierung, Kënschtlech Intelligenz a Quantecomputer – d'Lëtzebuerger Parteie werfen an hire Walprogrammer fir d'Europawale vum 9. Juni gäre mat Schlagwierder ronderëm sech. Dacks kritt een awer d'Gefill, et wier net vill méi dohannert. Am Podcast schwätzt de Joël Adami mam Tessie Jakobs iwwert Grënn, wisou Digitaliséierung nach ëmmer esou ee schwieregt Thema fir d'Parteien ass an erkläert, wou et dach awer e puer interessant Iddie gëtt.
-
Um Canapé Mat Der Woxx #39
D'Tessie Jakobs an de Joël Adami diskutéieren Furiosa, den neisten Film aus dem "Mad Max"-Franchise. Si stellen sech d'Fro, ob et sech lount, an een IMAX-Kinosall ze goen an vergläichen den neisten Film mat Fury Road, mat deenen alen Mad Max Filmer.
-
Wéi eng Sozialpolitik wëllen d’Lëtzebuerger Parteie fir d’EU?
Bei der EU denke vill Leit un de fräie Marché, Agrarsubventiounen oder nach den Euro. Gemeinsam sozialpolitesch Reegele wéi de Mindestloun kommen engem meeschtens net direkt an de Kapp. An dëser Episod schwätze mir doriwwer, wat d'EU op sozialem Plang iwwerhaapt matschwätze kann, a wéi eng sozialpolitesch Iddien déi lëtzebuergesch Parteien am Europawalkampf präsentéieren.