154 afleveringen

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

Buvette - De Fussballpodcast Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

    • Sport

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

    Episod 151 - Vakanz

    Episod 151 - Vakanz

    Et assdéi allerlescht Buvette fir dës Saison, an där op d'Tabellen an d'Barragematcher vum Lëtzebuerger Fussball,sou wéi d'Final vum DFB Pokal gekuckt gëtt. Net ze vergiessen, stinn iwwert de Summer awer nach ganz wichteg Tournoien um Programm. Wéi eng genau, gëtt et an dëser Episod ze héieren.

    • 32 min.
    Episod 150 - Kroni Toos

    Episod 150 - Kroni Toos

    Et ass déi lescht Buvette fir dës Saison an d'Buvette kuckt op eng jett Abschider. Den Dylan, de Kroos, de Kloppo, de Streich a vill weider Typpe verloossen d'Fussballsbün. De Sinani huet St.Pauli an d'Bundesliga geschoss, de Barreiro wiesselt op Benfica an de Lëtzebuerger Fussball huet fir e Skandal gesuergt. Dat a nach villes mei an dëser Episod Buvette.

    • 37 min.
    Episod 149 - Entscheedungen

    Episod 149 - Entscheedungen

    An der Fussballwelt kënnt et esou lues zu Entscheedungen. Kaiserslautern huet d'Klass gehal, Kiel a Pauli sinn opgestigen, Déifferdeng ass Champion, Nidderkuer ass Coupegewënner an an an… Natierlech gëtt dann och an den Ekippen deementspriechend gefeiert a wansinneg Interviewe gehalen. Alles am Detail an dëser Episod Buvette.

    • 30 min.
    Episod 148 - De Baumgart a säin Noper

    Episod 148 - De Baumgart a säin Noper

    De Ben an den Dylan hunn sech dës Kéier nees d'Méi gemaach an hunn all déi wichtegst Saachen aus der Fussballswelt fir dech opgegraff. Rouspert suergt dofir, dass et keng Meeschterschaftsfeier fir Déifferdeng gouf, den Jamie Carragher huet gelieft wéi een aus der Buvette, De Kroos spillt weiderhin Zockerpassen, de Max Kruse gesäit aus wéi de schlechten Ailton an de Baumgart hat Streit matt sengem Noper.

    • 37 min.
    Episod 147 - Es ist mir scheißegal

    Episod 147 - Es ist mir scheißegal

    De Fussball fiddert eis rëm mat genuch Themen. Am Lëtzebuerger Fussball sti Beetebuerg a Sandweiler schonn als Opsteiger fest, zu Rouspert kommen d'Wierm aus dem Terrain an d'11Freunde schreift schéi Berichter iwwert eist Land. An der Bundesliga huet de Wurst-Uli géint den Tuchel gesténkert a Leverkusen schéisst rëm an der Nospillzäit den Ausgläich a verléiert rëm net. Themen iwwer Themen iwwer Themen nëmme fir dech an der neier Episod Buvette.

    • 31 min.
    Episod 146 - Héngerhaut

    Episod 146 - Héngerhaut

    An dëser Episod Buvette kucke ma rëm ganz detailléiert wat an der Fussballwelt lass war. D'Buvette um Dribbel gëtt vum Ben an den Himmel gelueft, den Dylan huet rëm ander Kreisliga gekickt an de Gilles huet missen erliewen, wéi Leverkusen an der 97.Minutt alt rëm net verléiert. Da kucke ma nach op d'Champions League,schwätzen iwwer dem Lücke seng Héngerhaut a froen eis firwat et an der spuenescher Liga nach keng Torlinientechnik gëtt.

    • 32 min.

Top-podcasts in Sport

In Het Wiel
DPG Media
AD Voetbal podcast
AD
Kick-off met Valentijn Driessen
De Telegraaf
KieftJansenEgmondGijp
KieftJansenEgmondGijp
Cor Potcast
FC Afkicken
Grof Geld
Dag en Nacht Media

Suggesties voor jou

RTL - Drëtt Hallschent - De Sport-Talk
RTL Radio Lëtzebuerg
AWFNR - Der Paul Ripke Podcast
Paul Ripke
Copa TS
Tommi Schmitt & Studio Bummens
Einfach mal Luppen
Toni Kroos, Felix Kroos & Studio Bummens
Basler Ballert - Der Podcast powered by Newsflash24.de
newsflash24.de x podlabel
Bayern Insider
BILD