92 episodes

Ee Gespréich mat engem Invité aus alle Beräicher vum Liewen zu Lëtzebuerg

RTL - Am Gespréich RTL Radio Lëtzebuerg

    • News

Ee Gespréich mat engem Invité aus alle Beräicher vum Liewen zu Lëtzebuerg

    Am Gespréich: Nicole Kuhn-Di Centa, 13/03/2020 12:10

    Am Gespréich: Nicole Kuhn-Di Centa, 13/03/2020 12:10

    D’Nicole Kuhn-Di Centa war Invitee beim Franky Hippert an der Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport. Mat der neier Presidentin vun der Lasep, hu mer tëscht 12h an 13h iwwert d’Wichtegkeet vun der Beweegung a vum Sport bei de Kanner geschwat. Wat sinn d’Erausfuerderungen vun der Ligue des Associations Sportives de l’Enseignement Primaire, an wat muss sech an Zukunft am Beräich vun der Beweegung bei de Kanner onbedéngt hei zu Lëtzebuerg veränneren respektiv verbesseren? Dat waren just e puer vun den Sujeten tëscht 12h an 13h op RTL Radio Lëtzebuerg!

    Am Gespréich: Mariette Lentz, 12/03/2020 12:10

    Am Gespréich: Mariette Lentz, 12/03/2020 12:10

    Léierin war se an engem éischte Beruffsliewen, mä dobäi huet se och de Gesank entdeckt, haut ass d’Mariette Lentz a béide Funktiounen aktiv: als Sopranistin op de Musekbünen an als Gesanksproff am Conservatoire zu Ettelbréck. Ëmmer erëm begeeschtert se sech awer och fir besonnesch Projeten. Een esou e Projet heescht „Radio Days“ a beschäftegt sech mat dem Radio a senger Musek an de Joren tëscht 1930 an 1955. Ausserdeem trëtt se mam Ensembel Kammerata Luxembourg op.

    Am Gespréich: Erny Schumacher, 11/03/2020 12:10

    Am Gespréich: Erny Schumacher, 11/03/2020 12:10

    Mam President vun de Privatwënzer schwätze mer iwwert d'Aarbecht an de Lëtzebuerger Wéngerten. Viru 40 Joer huet den Här Schumacher als Wënzer ugefaangen a vun deemools bis haut huet sech nawell vill geännert. Vum Schneide vun de Riewen, iwwer d'Sprëtzen bis hin zum Ëmgank mat den Drauwen. Wéi vill Zäit muss een am Joer investéieren, wat sinn d'Suergen vun de Privatwënzer a wéi gi si mam Klimawandel ëm? Den Expert verréit eis ausserdeem wourunner mer e gudde Wäin erkennen.

    Am Gespréich: Carole Muller a Serge Nickels, 10/03/2020 12:10

    Am Gespréich: Carole Muller a Serge Nickels, 10/03/2020 12:10

    D'Finaliste si fonnt an der Success Story op RTL Tëlee Lëtzebuerg an elo stinn d'Challengen an d'Haus. Haut schwätze mir vun der Success Story, an där Emissioun an där nees dee Kandidat gesicht gëtt mat der beschter Geschäftsiddi. Wat heescht iwwerhaapt ''bescht'' a wat alles derhannert stécht, erzielen eis d'Carole Muller CEO vum Fischer an de Serge Nickels vun der Fuse.

    Am Gespréich: Marie-Josée Jacobs, 09/03/2020 12:10

    Am Gespréich: Marie-Josée Jacobs, 09/03/2020 12:10

    20 Joer laang an der Regierung; lo benevol fir d'Caritas sozial engagéiert: d'Marie-Josée Jacobs ass och no hirem Depart als Ministesch virun 7 Joer nach ëmmer aktiv - a steet mat Häerzblutt fir "causen" an, déi Hir wichteg sinn.

    D'CSV-Politikerin ass Invitée vum Roy Grotz an der Mëttesstonn, wou mer op eng Panoplie vu SUjeten aginn, nieft der Aarbecht fir d'Caritas natirlech eng vue op d'aktuell Politik an d'Racinen vun der Mme Jacobs am Eisléck.

    D'Invitée am Gespréich um Méindeg op RTL Radio Lëtzebuerg ass d'Marie-Josée Jacobs, live an Toun a Bild natierlech och op rtl.lu

    Am Gespréich iwwer Sport: Table-ronde iwwer, wéivill Proffien pro Equipe am Lëtzebuerger Basketball?, 06/03/2020 12:10

    Am Gespréich iwwer Sport: Table-ronde iwwer, wéivill Proffien pro Equipe am Lëtzebuerger Basketball?, 06/03/2020 12:10

    Wéi all éischte Freideg am Mount, hate mer och dës Woch nees eng Table-ronde an eiser Emissioun am Gespréich iwwer Sport tëscht 12h an 13h! Sujet dës Kéier war; wéivill Amerikaner, non-jicl’en oder soll ee besser soen « Proffien » sollen kënnen am Lëtzebuerger Basketball um Terrain stoen? 5, 3, 2 oder awer just 1, wéi et nach virun e puer Joer de Fall war? D'Inviteeën waren der Meenung, datt ee Proffispiller duergeet! An wat kann een géint dat villt Austauschen vun den Amerikaner am Laf vun der Saison maachen? D'Inviteeën beim Franky Hippert waren de Frank Arendt President vun der Sparta Bartreng, de Frank Muller Spiller vum T71 Diddeleng, den Erny Gruskovnjak laang Joren Dammentrainer bei de Musel Pikes an lo Cadettrainer bei der Amicale Steesel, an den RTL Basketballexpert Guy Seyler.

Top Podcasts In News

Listeners Also Subscribed To