24 episódios

E Podcast vum Fonds National de la Recherche an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

Mäin Element FNR | Lëtzebuerger Journal

    • Ciência

E Podcast vum Fonds National de la Recherche an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

    Mäin Element - Emmanuel Defay

    Mäin Element - Emmanuel Defay

    Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“?

    De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay. Vum Lektiounen aus den Zivildéngscht bis hin zu de franséische Red Hot Chili Peppers geet et an dëser Episode hin an hier!

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
    https://www.fnr.lu

    • 29 min
    Mäin Element - Ines Chihi

    Mäin Element - Ines Chihi

    Hätt dir léiwer een Nobelpräis, oder géingt Dir léiwer anere Leit dozou verhëllefen een ze kréien? Fir d'Invitée vun dësem Episod ass d'Äntwert op alle Fall kloer!

    D'Inès Chihi erzielt dem Max vu sengem Beruff als Ingenieure an taucht mat eis an d'Welt vu senger Konscht an. Mä net nëmmen dat: Si schwätzen och iwwert d'Virurteeler vun nordafrikaneschen Universitéiten an d'Ënnerscheeder par Rapport zu de Student*innen aus Lëtzebuerg.

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
    https://www.fnr.lu⁣

    • 32 min
    Mäin Element - Gilbert Fridgen

    Mäin Element - Gilbert Fridgen

    NFT, Blockchain a Bitcoin : keng Angscht, aus „Mäin Element“ gëtt elo kee Crypto-Bro Podcast, mä dat sinn d'Theme vun eisem Invité vun haut, dem Gilbert Fridgen.

    De Gilbert ass eng Korypheeë a sengem Beräich, deen sech em näischt aneschters dréint wéi, ganz einfach, d‘Zukunft. Hien erkläert eis, firwat Blockchain esouwuel fir Geldtransfers ewéi fir Mountroboter kënne gebraucht ginn, erzielt eis wéi heen zu sengem Beruffschoix komm ass a mir tauchen an eng Zäit vu sengem Liewen an, an der heen eemol alles iwwerduecht huet.

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
    https://www.fnr.lu⁣

    • 31 min
    Mäin Element - Constanze Weth

    Mäin Element - Constanze Weth

    An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik?

    Dës Froe beäntwerte mir zesumme mam Constanze Weth. D'Constanze erfuerscht d'Méisproochegkeet vu Kanner zu Lëtzebuerg. Dobäi huet hatt viru sengem Studium eigentlech ee ganz anere Wee ageschloen : Dee vun enger Léier als Huttmaacherin.

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
    https://www.fnr.lu⁣

    • 28 min
    Mäin Element - Maria Rita Palattella

    Mäin Element - Maria Rita Palattella

    Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent dem "Internet of things" an dem "Internet of… people"? An dësem Episod erzielt d'Maria Rita Palattella dem Max, wéi hat mat senger Fuerschung d'Landwirtschaft prett fir d'Zukunft mécht. Dat mécht et awer net mat neie Mädrescher oder Trakteren, mee mat dem Internet of Things a Sensorik. Esou fënnt hatt ganz genee eraus, wéi een d'Aarbecht op de Felder optiméiere kann, fir de Maximum u Resultat eraushuelen ze kënnen. D'Maria Rita kläert eis op, ob dat alt Spréchwuert: "Wat de Bauer net kennt" nach aktuell ass, oder ob déi lëtzebuergesch Landwirtschaft schonn esou wäit ass, fir sech mat Zukunftstechnik auserneen ze setzen.

    Mee net nëmmen dat: Hatt gëtt eis een Abléck a seng Kichen a gëtt eis Tipps, wat een am beschte fir een éischt Date kacht.

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
    https://www.fnr.lu⁣

    • 29 min
    Mäin Element - Emma Schymanski

    Mäin Element - Emma Schymanski

    An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt: Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt.

    Mam Emma schwätze mir iwwert Chemikalien an der Natur, Publikatiounen an der Schivakanz an iwwert de Jean-Claude Juncker als Dirigent.

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
    https://www.fnr.lu⁣

    • 31 min

Top de podcasts em Ciência

StarTalk Radio
Neil deGrasse Tyson
Ciência Pop
Rádio Observador
Mais lento do que a luz
David Marçal e Carlos Fiolhais
Crash Course Pods: The Universe
Crash Course Pods, Complexly
The Infinite Monkey Cage
BBC Radio 4
Universo Perpendicular
Fábio Silva