Invité:e vum Dag radio 100,7
-
- Новости
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
-
Cécilia Gondard
Dräi Deeg virum 1. Tour vun de Parlamentswalen a Frankräich: D’Benelux-Kandidatin vum Nouveau Front Populaire äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
-
François Bausch
De grénge Politiker zitt no 35 Joer e Schlussstréch ënner seng politesch Karriär. De Maurice Molitor freet hien no de Grënn an zitt mat him e Bilan.
-
Simone Asselborn-Bintz
Am Gespréich mam Maurice Molitor kritiséiert d’Presidentin vum LSAP-Gemengeforum a Buergermeeschtesch vu Suessem eng geplangten Ännerung vum kommunale Finanzéierungsschlëssel, bei där eng Majoritéit vu Gemenge méi schlecht ewechkéim.
-
Luc Heuschling
De Grand-Duc iwwerdréit dem Ierfgroussherzog d'Lieutenance: wat seet déi nei Constitutioun? De Verfassungsrechtler vun der uni.lu äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
-
Stéphanie Obertin
Manner Paperassen a manner Zäitverloscht bei administrativen Demarchen: Et klengt no enger villverspriechender Zukunftsvisioun. Mee kann dee Once only-Prinzip a senger Ëmsetzung den Erwaardungen och gerecht ginn? Dorëms geet am Interview vum Christiane Kleer mat der Ministesch fir Digitalisatioun.
-
Léon Gloden
Mir froen den Inneminister, wéi hien d'Gemenge wëllt fit maache fir déi geplangte Prozedurevereinfachung am Bausecteur ëmzesetzen, wéi et mat de Policekontrollen op der Grenz mat Däitschland weidergeet, an ob hie mengt, datt déi vill Kriticken an de leschte Méint him geschuet hunn. Duerch d'Gespréich féiert d'Christiane Kleer.