Hannerzeg No Vir Hannerzeg No Vir
-
- Leisure
Den net ganz eescht ze huelenden Woche Réck- an Ausbléck mam Rik a mam Pit
-
Comeback
De Rik an de Pit sinn aus hirer kurzer Paus zeréck. Wisou ware mir fort an wisou sinn mir iwwerhapt rem zréck? Dat alles gidd der an deser Episod gewuer. An dann schwätze mer och nach iwwert d'Chamberwalen. Sorry fir den Echo den dran ass, dat ass dem Pit säi Feeler. Hien deet nächst Kéier rem Kopfhörer un. Mir wenschen iech trotzdem Vill Spaass mat der Episod, an sinn ganz frou neess zréck ze sinn. Bis nächst Woch!
-
Dem Steve Jobs säi Jünger
Nom enger politesch geprägter Episod lescht Woch, schwätzen de Rik an de Pit haut ënner anerem iwwert d'Iessen an den Uni Kantinen, d'Chance 4 Sproochen ze schwätzen an den terriblen Feelschoss vum Gerson Rodrigues an Island. Vill Spaass mat der Episod an bis nächst Woch!
-
goofy Tuner
Des Woch mierken de Rik an de Pit, dass si vläicht guer net méi zur Jugend gehéieren. Donieft geet et och ëm d'Zaitëmstellung an d'verpasste Chance vun de Roude Léiwen. Ganz zum Schluss gruewen de Rik an de Pit nach eng fréier Liiblingskategorie aus. All dëst an nach vill méi an dëser Episod. Vill Spaass a bis nächst Woch!
-
Grand Prix vu Lëtzebuerg
D'Petitiounen sinn zréck! De Rik an de Pit geheien e klenge Bléck op d'Petitiounen déi an de leschte Méint esou agereecht goufen an diskutéieren e puer spannend Themen. Sollt zu Lëtzebuerg eng Rennstreck opgoen a sollt Tiktok gebannt ginn? Lauschtert eran a fannt raus wat de Rik an de Pit dovun halen a wat si soss nach ze beschwätzen hunn. Vill Spaass bei der Episode an bis nächst Woch!
-
Vu moies bis 10
Dës Woch deelt de Pit puer Alldaagsobservatiounen mam Rik a mat Iech. Dobäi geet et besonnesch ëm ee ganz spezifesche Rucksaack. Dann schwätzen de Rik an de Pit awer och nach iwwert de Ballon d'Or, Halloween an iwwert de Wahnsinnsoptrëtt vun engem special guest. Vill Spaass mat der Episode an bis nächst Woch!
-
Reise nach Pristina
Wëllkomm bei der Episode vun den Fligeren an den Fluchhäfen. Dës Woch geet et ëm e quasi geplatzten Plang vum Pit an dono ganz vill ëm reesen. Ma mir geheien och schon e Bléck op Neiegkeeten déi nächst Woch vläicht nach méi aktuell sinn. Mir wënschen Iech vill Spaass beim nolauschteren a bis nächst Woch!