7 avsnitt

Héichwaasser zu Lëtzebuerg, Polen di schmëlzen, Bränn am Süde vun Europa, Temperature vu bal 50 Grad Celsius a Kanada. Och ouni 6. Rapport vum Weltklimarot ass kloer: d Wiederextremer huelen zou. Virun allem sinn sech awer d'Experten eens a sécher, dass et eng mënschegemaachte Kris ass. Sou akut, dass d'Wuert Klimawandel net méi passt, awer Klima-Urgence. Am Podcast 1Komma5Grad diskutéieren d' Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch iwwert eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d' Politik an de kommende Joren.

1Komma5Grad RTL Radio Lëtzebuerg

    • Nyheter

    Episod 6 : “Lëtzebuerg war eng Insel”, 10/12/2021

    Episod 6 : “Lëtzebuerg war eng Insel”, 10/12/2021

    Wat huet Paleontologie mat Klimawandel ze dinn? De Bléck an d’ Vergaangenheet hëlleft eis ze verstoe wat haut geschitt, esou de Wëssenschaftler Ben Thuy.

    Am Naturmusée ass den Ament d’ Ausstellung “Lost Ocean”. D’ Ausstellung weist wei Lëtzebuerg virun 183 Millioune Joren ausgesinn huet. De Norde vum Land war Deel vun enger Insel. De Süde war Mier. Mir hu mam Paleontolog Ben Thuy iwwert d’ Welt vu virun 183 Millioune Joer geschwat a gekuckt wat een aus deem Wëssen notze ka, fir Phenomener vun haut besser ze verstoen.

    Hutt Dir Froen oder Ureegungen, maacht ee Mail op 1komma5grad@rtl.lu

    • 31 min
    Episod 5 : Wandenergie aus de Mierer, 26/11/2021

    Episod 5 : Wandenergie aus de Mierer, 26/11/2021

    Wéi ee Potential huet d’ Wandenergie an der Ostséi fir Lëtzebuerg?

    An der Ostséi well sech d’ Lëtzebuerger Regierung un engem grousse Wandpark bedeelegen, fir dëse Projet, misst eng kënschtlech Insel matten an d’ Mier gebaut ginn an do sinn eng Partie Lëtzebuerger Betriber interesséiert matzeschaffen.

    Hutt Dir Froen oder Ureegungen, maacht ee Mail op 1komma5grad@rtl.lu

    • 28 min
    Episod 4 : Grouss Erwaardungen u Glasgow, 11/11/2021

    Episod 4 : Grouss Erwaardungen u Glasgow, 11/11/2021

    Den Ament ass di 26. Weltklimakonferenz. D’ Erwaardungen un den Ofschlossrapport si grouss.

    Wei verlafen aktuell Verhandlungen? Wat ass ze erwaarde vun der COP26? A wou léien d’ Schwieregkeeten als Weltgemeinschaft ee globale Problem ze léisen?

    Hutt Dir Froen oder Ureegungen, maacht ee Mail op 1komma5grad@rtl.lu

    • 38 min
    Episod 3 : Biodiversitéitsverloscht och zu Lëtzebuerg, 29/10/2021

    Episod 3 : Biodiversitéitsverloscht och zu Lëtzebuerg, 29/10/2021

    D’ Biodiversitéit geet iwwerall op der Welt zréck, och zu Lëtzebuerg riskéieren ëmmer méi Déieren a Planzen auszestierwen.

    An eisem Podcast 1komma5grad geet et dës Woch iwwert d’ Aartevillfalt an iwwert d’ Fro wat gemaach gëtt fir dëser Entwécklung entgéint ze wierken.

    1komma5grad@rtl.lu

    • 35 min
    Episod 2 : En Haus energetesch renovéieren, 15/10/2021

    Episod 2 : En Haus energetesch renovéieren, 15/10/2021

    Wéi kann ech en Haus energetesch renovéieren? A wat gëtt et u Primmen ?

    Am zweeten Episod diskutéieren d’ Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch zesumme mam Sarah Juchems a Gilbert Théato vu myenergy doriwwer, wei ee Gebaier energetesch ka renovéieren, esou Sue spuere kann a seng Emissiounen erofsetzt.

    • 38 min
    Episod 1 : Firwat dëse Podcast?, 01/10/2021

    Episod 1 : Firwat dëse Podcast?, 01/10/2021

    Froen an Ureegunge kennt Dir op 1komma5grad@rtl.lu schécken.

    D’ Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch diskutéieren iwwert d’ Iddi hannert 1Komm5Grad, de Parallellen tëscht der Corona- an der Klimakris an enger Table Ronde vum Institut Pierre Werner.

    • 27 min

Mest populära poddar inom Nyheter

SvD Ledarredaktionen
Svenska Dagbladet
Expressen Dok
Expressen
Söndagsintervjun
Sveriges Radio
USApodden
Sveriges Radio
Fokuspodden
Fokus Redaktion
Eftermiddag i P3
Sveriges Radio