Den Hallwer Néng radio 100,7
-
- Nyheter
Bei allem, wat een esou mécht, stellt ee sech Froen. Ob um Kaffisdësch, am Auto oder op der Schaff - um hallwer 9 gi mir op d’Sich no Äntwerten. Mat Invitéen, déi aus eegener Erfarung schwätzen.
-
Haislech Gewalt: Wie sinn d’Täter?
De Service Riicht eraus vun der Croix-Rouge betreit Männer a Fraen, déi doheem gewalttäteg sinn. Firwat hu si sech net am Grëff? A wéi kritt een d’Gewalt gestoppt? D’Christiane Kleer schwätzt mat zwou Psychologinne vum Service.
-
Enn vun der Diktatur a Portugal: 50 Joer Nelkerevolutioun
Déi sougenannt Nelkerevolutioun huet viru 50 Joer d’Diktatur a Portugal op en Enn bruecht. Wéi et dozou koum, gëtt am Moment am Musée um Fëschmaart beliicht. De Maurice Molitor war sech d’Ausstellung ukucken.
-
Posttraumatesche Stress: Och Lëtzebuerger Zaldote si betraff
Lëtzebuerger Zaldote leiden no Asätz am Ausland heiansdo nach jorelaang ënner deem, wat si erlieft hunn. Wéi kënne si gehollef kréien? De Rick Mertens freet de Psycholog René Meneghetti an de Sylvain Eberhardt, dee selwer betraff ass.
-
Save Urban Birds: Firwat soll een d’Vullen an der Stad schützen?
E Projet vun natur&ëmwelt huet sech als Zil gesat méiglechst vill Vullenzorten an de Stied ze erhalen. Mir froen déi Responsabel vum Projet, firwat dat wichteg ass. Moderatioun: Maurice Molitor (Rediffusioun vum 29. Abrëll)
-
Zu Wolz gëtt et en neie Kannermusée
Zu Wolz huet viru Kuerzem deen éischte Musée just fir Kanner hei am Land seng Dieren opgemaach. De Maurice Molitor war dohi kucken. (Rediffusioun vum 26. Abrëll)
-
Léiw vun der Resistenz
Eng nei Biographie verzielt d’Liewe vum Camille Sutor, engem vun de grousse Lëtzebuerger Resistenzler. De Maurice Molitor schwätzt mam Auteur, dem Historiker André Grosbusch, a mat der Nathalie Brachmond-Sutor, déi den Impuls fir d’Buch ginn huet.