108 avsnitt

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee dofir eemol d'Woch.
Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

Erklär&Laach Baschti, Philippe & Joe

    • Komedi

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee dofir eemol d'Woch.
Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

    Ep.102: Léiert eppes - wat dir ni méi braucht

    Ep.102: Léiert eppes - wat dir ni méi braucht

    Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!!



    Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hëtzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwäerteg Aussoen.New year, old habits. An domadder hu mir eisen Neijoersvirsaz schonn direkt futti gemaach. 

    • 52 min
    Ep.101: De Grousse 'Féck Dech 2023' Joresréckbléck

    Ep.101: De Grousse 'Féck Dech 2023' Joresréckbléck

    Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hänke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis Präisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112 unzeruffe vum Joer' (presentéiert vum CGDIS). Kee vun den Nominéierte wollt sech op eiser Gala blécke loossen, mee dat verwonnert lo och net wierklech, oder?

    Merry XMAS léif Fësch.

    • 1 tim. 17 min
    Ep.99: Et ass ENDLECH riwwer

    Ep.99: Et ass ENDLECH riwwer

    Enthält: Sträitgespréicher, domm Wuertwitzer, Falschinformatiounen.

    Grad wanns de mengs, dass de et gepackt hues fir wärend 6 Méint politescher Dauer-Kommunikatioun net verréckt ze ginn, komme mir 3 fréipensionnéiert Radiosgesiichter em den Eck a ginn dir de Gnodestouss.

    Spéitstens an dëser Folg beweise mir endgülteg, dass eis Mammen an der Schwangerschaft Crack gefëmmt hunn a kommentéiere mat enger Mëschung aus Autismus a geeschteger Absence non-excusée d'Resultater vun den Nationalwalen.

    • 1 tim. 11 min
    Ep.98: Dem Joe seng Boma ass dem Pippo seng Mamm...

    Ep.98: Dem Joe seng Boma ass dem Pippo seng Mamm...

    Wéi all gudde Porno kënnt och dëse Summer iergendwann op en Enn. An dat bedeit, dass mir dräi aus eisen Ecker gekroch kommen (De Joe aus der VIP-Vakanz a Griechenland, de Philippe aus engem geheime Mönch-Meeting an de Kasematten an Baschti vun ënnert engem grousse Steen).

    A fir iech nees ënnerduerchschnëttleche Content liwweren, mat Léift op der Hand gemaach, wéi bei der italienescher Nonna. Haut am Mix: Eise Familiestammbam ass anscheinend e Krees, de Joe huet komesch Begéignungen am Bus a mir probéieren eis un der Welt vu muer - Kënschtlech Intelligenz huet et an d'Erklär&Laach gepackt.

    • 1 tim. 2 min
    Ep.97: Belsch Loving um Walsonndeg

    Ep.97: Belsch Loving um Walsonndeg

    Mir haten et leider, leider versprach: Nodeems eis belsch Noperen an der leschter Folg kritt hunn, wat hinnen historesch an ethesch zousteet (Frechheeten a Mobbing) wëlle mir an dëser Folg dann eis journalistesch Grondausbildung éieren, an de Sujet och vun der anerer Säit beliichten. Der Belsch also...Komplimenter maachen. Mir sinn sou anescht ginn.

    • 1 tim. 3 min
    Ep.96: Belsch Bashing um Europadag

    Ep.96: Belsch Bashing um Europadag

    Wéi gewinnt leien an eisem klenge Kuschelpodcast Normalitéit a komplette Chaos ganz no beieneen.

    Sou hu mer och um Europadag eng Folg opgeholl déi tëscht Léift an Haass balancéiert - bëssi wéi de Fred Keup um Drotseel vun der Existenz als Neonazi.

    Niewebäi diskutéiere mir natierlech och iwwer d'Kréinung vum Charles III., d'al Praxis vum Duelléieren an de Baschti schwätzt iwwert säin däischtert Geheimnis...

    • 50 min

Mest populära poddar inom Komedi

Stor & Liten
Emilio Araya & Sanna Dollan
Alex & Sigges podcast
Perfect Day Media
ursäkta
Perfect Day Media
Maja & Amalia - The Podcast
Perfect Day Media
Allt vi inte lärt oss om kärlek
Martin Persson & Peter Magnusson
Filip & Fredrik podcast
filipandfredrik.com

Du kanske också gillar