RTL - HitStory RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Music
Bal all Song, deen um Radio leeft, zielt net nëmmen, mä huet och eng Geschicht.
Hannergrënn, Momentopnamen, Kuriositéiten, Zoufäll:
Lauschtert d'Klassiker mol mat aneren Oueren!
-
HitStory - MAMBO NO. 5
München, Kalifornien a Kuba. De Papp huet sengem Fils um Stierfbett de Welthit virausgesot.
-
HitStory - DOWN UNDER
Eng Flütt, e Kannerlidd an e Vull fir d'Kaz. Men at Work hu viru 40 Joer déi heemlech australesch Nationalhymn erausbruecht.
-
HitStory - ENJOY THE SILENCE
Vun enger Harmonium-Versioun bis bei de Visittekaart-Song: Depeche Mode brauchen net vill Wierder ze verléieren.
-
HitStory - ONE NIGHT IN BANGKOK
E Russ an en Amerikaner um schwaarz-wäisse Schachbriet, zwee Schwede mat musikaleschen Andréck aus enger faarweger Metropol an en Englänner, dee just geschwat huet.
-
HitStory - IN THE YEAR 2525
2 jonk Männer aus dem Nebraska déi an engem klengen Tounstudio am Texas mat engem pessimistesche Bléck an d'Zukunft Millioune Placke verkafe hunn.
-
HitStory - SONDERZUG NACH PANKOW
Vum Glenn Miller bis bei den Erich Honecker - eréischt 1990 ass den Udo Lindenberg mam Zuch ukomm a säin Dram vun enger DDR-Tournée an Erfëllung gaangen.