![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
49 episodes
![](/assets/artwork/1x1-42817eea7ade52607a760cbee00d1495.gif)
Invité:e vum Dag radio 100,7
-
- News
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
-
Stéphanie Obertin
Manner Paperassen a manner Zäitverloscht bei administrativen Demarchen: Et klengt no enger villverspriechender Zukunftsvisioun. Mee kann dee Once only-Prinzip a senger Ëmsetzung den Erwaardungen och gerecht ginn? Dorëms geet am Interview vum Christiane Kleer mat der Ministesch fir Digitalisatioun.
-
Léon Gloden
Mir froen den Inneminister, wéi hien d'Gemenge wëllt fit maache fir déi geplangte Prozedurevereinfachung am Bausecteur ëmzesetzen, wéi et mat de Policekontrollen op der Grenz mat Däitschland weidergeet, an ob hie mengt, datt déi vill Kriticken an de leschte Méint him geschuet hunn. Duerch d'Gespréich féiert d'Christiane Kleer.
-
Liz Braz
Do wou si untrëtt kann ee mat engem Succès rechnen: esou liesen sech jiddefalls d’Walresultater vun der Liz Braz. Déi jonk Politikerin vun Esch huet d’lescht Joer aus dem Stand fir d’LSAP ee Mandat bei de Gemengewale kritt an e puer Méint méi spéit och eent an der Chamber. Bei den Europawale virun zwou Woche gouf si Zweet op der LSAP-Lëscht virun engem Mars di Bartolomeo, zum Beispill. Wéi mécht si dat, a wat mécht si domat? Dat freet d'Christiane Kleer d'Liz Braz.
-
Claudia Monti
Ëmmer méi Leit bekloe sech beim Ombudsman, well si vun enger staatlecher Verwaltung, enger Gemeng oder och engem Etablissement public net adäquat behandelt goufen. D’Claudia Monti an hir Ekipp waren d’lescht Joer mat enger Rekordzuel u Reklamatioune befaasst. Gëtt den Déngscht um Bierger ëmmer méi schlecht oder ass d’Ombudsman souzesoen Affer vun hirem Succès? Dat freet d'Christiane Kleer d'Claudia Monti.
-
Romain Wolff
Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP op dem Premier seng Ukënnegungen am Etat de la Nation.
-
Philippe Poirier
De Maurice Molitor schwätzt mam Politolog vun der uni.lu iwwer d’Neiwalen a Frankräich an d’Resultater vun 2024er (Lëtzebuerger) POLINDEX-Étude.