Kaméidi - Lucembourg's Finest Metal Podcast Kameidi
-
- Music
Wat ass Kaméidi? Kaméidi sinn de Gilles an de Pit, zwee passionéiert Musek Nerds, di vill ze vill ze zielen hunn. Dofir presentéieren mer iech hei den éischte Metal Podcast zu Lëtzebuerg!!!
-
110.EN Coffeebreak Special: HAND OF KALLIACH
All the Way from Edinburgh, behold, the mighty Hand of Kalliach has joined the Team and what an absolute Pleasure having been able to chat with John and Sophie about the Band's History, the Mysteries of Scotland and the beauty of Music itself.
Have a Listen and make sure to check out HAND OF KALLIACH and their fantastic Portrayal of modern Folk Metal.
Episode in English! -
109. EN Post Concert Depression
A Feeling we are all familiar with. Your favorite Band is playing, the endorphins are flowing, the last Song comes to an end and then.... Nothing. Post Concert Depression is real and can leave some scars. I was not too familiar with the term, but I am well aware of the feeling. Want to know more? Give us a listen!
-
108. Kaffi's Paus: INHUMAN RAMPAGE
De Patrick vun INHUMAN RAMPAGE war bei ons an huet ons eng wichteg Lextioun geléiert.
Wei ee mat puerem Haass a brutalem Sound sengem Frust einfach nogëtt an et an d'Welt eraus jäizt. Mir schwätzen natierlech och iwwert hir lëscht Release "Savage" déi nach viru kuerzem verëffentlecht ginn ass an och iwwert Zukunftspläng a wou et mat INHUMAN RAMPAGE nach esou hi geet -
107. Uncovered: BORKNAGAR
Borknagar gehéiert zu deene ganz groussen aus dem Progressive Black Metal Genre a mat bal 30 Joer Band Geschicht bréngen d'Norweger et ëmmer erëm fäerdeg néi Meeschterwierker ze releasen sou wéi z.b. hire leschten Epos "Fall" deen alt nees nëmmen Top Noute konnt asammelen.
-
106. Metal Battle 2024
Eng fest Institutioun déi säit Joren ee feste Programm zu Lëtzebuerg ass, de Metal Battle ass nees do!
Dëst Joer mat dobäi: AEONIK, PARITY, ARDUINNA'S DAWN, SHADOWHISPERS, MINDPATROL, BLAME THE OTHERS
Dir wëllt méi wëssen? Da lauschtert bis eran! -
105. Kaffi's Paus: PARITY
Eng wäiss Leinwand ouni vill drop? Een neie Schrëftzuch an eng fett Portioun Emotiounen? Déi neitsten EP vun PARITY huet alt nees ofgeliwwert u Modernitéit an engem Musical Knowhow wéi een sech weiderentwéckelt an sech néi erfënnt. De Message ass kloer, Limite ginn et Keng! Mir haten d'Sandra an de Ben op Besuch an hunn verschidde Geheimnisser iwwer PARITY gelëft, de kommende Metal Battle diskutéiert a kucke gemeinsam op eng néi gëllen Era vu Lëtzebuerger Metal Acts.