30 episodes

Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani Sarah Cattani

    • Health & Fitness

Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...

    Episode 29: Hypnobalance

    Episode 29: Hypnobalance

    D'Cindy Gouden ass Hiewan an Hypnotherapeutin an sëtzt sech virun allem mat den Themen Schwangerschaft, Gebuert, Kannerwonsch mee och traumatesch Gebuerten, Fehlgebuerten, Staerenkanner auseneen an seet selwer : egal wei haart d’Ëmstänn sinn et gëtt ëmmer en Mëttel an Wee fir des ze verschaffen. Et geet drëms den Mënschen ze hëllefen nees an den Aklang mat sech selwer ze kommen duerch d’Hypnose an domat dann och hier eegen Balance zreckzefannen. Lauschtert eran, et ass faszinant wat een alles duerch hynpobalance kann verschaffen léieren.

    • 27 min
    Episode 28: Medical Tattoo

    Episode 28: Medical Tattoo

    An dësem Episode schwätzen mir mat der Tattoo-artistin Sandra Biewers iwwert medizinesch Tättowéierungen. Zanter gudd 25 Joër gëtt et des Spezialisatioun op “3D Areola/Nipple Restorative and Scar tattooing”. D’Patienten kreien heiduerch en ganzt nait Narbenbild an et kann hinnen och hellefen nee zu sech selwer an zu hirem Kierper ze fannen. En faszinant Thema wat dei aktif Kënschtlerin elo och hei am Land ënnert dem Numm “Moldokter” ugefaangen huet.

    • 37 min
    Episode 27: Energy Healing

    Episode 27: Energy Healing

    Schamanismus bezeechent un sech eng Traditioun déi aus SIBIRIEN kennt an gëtt dohier och Sibireschen Animismus genannt. D’Heelritualer vun esou Schamanen ginn dobäi net just mam Moment selwer em mee kennen och an d’Vergaangenheet vun der Persoun goen déi bei si geet. Et ass weder eng Relioun nach just eng spirituell Praxis, mee Energieheelen oorientéiert sech awer un dësen Saachen an schafft wei den Numm et schonn seet mat Energien. Klengt vlait op den éischten Bléck bëssi skurril, mee mir wäerten gläich vill méi zu dësem Theme gewuer ginn. Bei mer ass den Frank W. Healer deen aus enger Famill vun Energieheeler kennt awer reicht rezent no enger Carrière am Finanzberaich selwer praktizéiert.

    • 26 min
    Episode 26: Schwangerschaft

    Episode 26: Schwangerschaft

    Bei Be Well geet et haut em eng ganz besonnesch Zäit an enger Fra (an och engem Mann) hirem Liewen, nämlech wann en neien klengen Mënsch decidéiert huet op des Welt ze kommen. Schwangerschaft, déi eng hunn eng oder méi hannert sech, aner dreemen dovun oder wëllen guer näischt dovun wëssen. D’Schwangerschaft den Ufank vun all Liewen hei op dësem Planéit, an dat an egal wei engem Familiären oder sozialen Kontext. Et ass den Ufank vun engem ganz neien Kapitel, fir den Puppelchen, fir d’Mamm, den Papp ma och fir all déi ronderem. Fir mat mir iwwert dëst schéint an Thema voller Léift ze schwätzen, an wat fir eng Optiounen een wärend dëser extraer Zäit zu Lëtzebuerg ass haut d’Hiewan Danielle Federspiel bei mir am Studio. 



    Uschléissend schätzen mir mam Stéphanie Fabbri dann och doriwwer wat eng Doula ass an wisou ëmmer méi Fraen och esou eng Berooderin an Begleederin wärend an no der Schwangerschaft huelen.

    • 38 min
    Episode 25: Emweltmedizin

    Episode 25: Emweltmedizin

    Mir sinn äis all bewosst dass äis Ëmwelt an eist Ëmfeld en Afloss kenne hunn op äis Gesondheet an awer faellt et eis dacks schwéier ze gesinn wat iwwerhaapt en Impakt op eis huet an wat vlait net. Weien Elementer vun eisem alldeeglechen Ëmfeld sinn deelweis direkt am Zesummenhang mat eisem Wuel oder eben Onwuelbefannen, oder esouguer eisen Krankheetsbiller oder eiser Péng am Kierper? D’EmweltMedizin, och nach Ursaachen Medezin genannt setzt sech genee domat ausenaner. An fir haut mat mir doriwwer ze schwätzen begréissen ech den Dr Joe Diederich bei mir am Studio. Hien ass Generalist an huet awer och eng Hellewull un aneren Formatiounen.

    • 39 min
    Episode 24: Wassersport

    Episode 24: Wassersport

    D’Element Waasser ass net aus dem Liewen net ewechzedenken, an an dësem Podcast beschäftegen mer äis mat Aktivitéiten déi een an oder um Waasser maachen kann. Waassersport ass grad am Summer och hei am Land op villen Platzen ugesot. Wat gëtt et iwwerhaapt fir Waassersportaarten? An wiefern ass et anescht um Waasser wei un Land an weieng Beneficer hunn Aktivitéiten an an ronderëm d’Waasser?  Fir doriwwer ze schwätzen ass den Vincent Villain haut mäin Invité. Hien huet eng Formatioun als Sozialpedagog an säit 11 Joer ass hien Coordinateur an Responsabel vun den Aktivitéiten op der Base Nautique vu Lëlz beim SNJ an kënnt sech mat allen Waassersportaarten aus.

    • 21 min

Top Podcasts In Health & Fitness

Scicomm Media
Jay Shetty
Cameron Hanes
Ten Percent Happier
Aubrey Gordon & Michael Hobbes
Dr. Mark Hyman

You Might Also Like