Gudden Noper Chris & Klot
-
- Leisure
Podcast by Chris & Klot
-
#23 // Live aus der City Concorde
De Chris an de Klot waren dës Kéier live op der Bün vun der City Concorde. Ob e Centre Commercial wirklech déi richteg Plattform ass, a wisou ëmmer nach vill Leit shoppe ginn, alles dat héiert dir an dësem Podcast.
P.S. Entschëllegt datt mir dës Kéier e bëssen ofgelenkt waren, mir hunn eis och missen ëm eist Live-Publikum këmmeren -
#22 // Let's get loud
Dës Kéier geet et em de wëlle Westen vun den USA, Fitness an Italien, eng kal Nues am Boot, en neien Mindset duerch d'Jennifer Lopez a Real Talk fir all Geschlechter.
-
#21 // Neies aus der Noperschaft
An dëser Folleg goufen de Chris an de Klot zu 100% duerch Artificial Intelligence ersat. Net wierklech, awer bal. Lauschtert era wa mir erëm eist geféierlecht Hallefwësse präisginn.
-
#20 // De grousse Joresréckbléck (not)
De Chris an de Klot kucke kuerz zréck op 2022, a woen och en Ausbléck op 2023. Den ideale Start an d'Joer, inklusiv dem engen oder aneren Tipp fir och am neie Joer e gudden Noper ze sinn.
-
#19 // Telefonterror bei de Lëtzebuerger Promien
De Chris an de Klot hunn de Lëtzebuerger Hip Hopper a Produzent Tun Tonnar ugeruff fir mat him iwwert d'Lag vun der Natioun ze schwätzen. Niewent Theme wéi d'Fussball WM an däischter Zäiten hu mir awer och e Virgrëff op d'Wiel vun der Sportlerin vum Joer gemaach an och scho fläisseg gratuléiert.
-
#18 // Äis, Pink Grapefruit an Gin
Mobilité douce gëtt grouss geschriwwe beim Gudden Noper. Mir hunn an dëser Folleg nach eemol op dem Yannick Lieners säi Plooschterprojet opmierksam gemaach, hunn awer och den een oder aner Ausflug an d'Musekswelt gewot.
En True Crime mam Chris, wéi och d'Jugendwuert vum Joer mam Klot.