35 episodes

De Serrig an den David hunn elo hiren eegene Podcast an zerwéieren iech hiert Gebraddels elo reegelméisseg, fir deen, deen et wëll, gëtt et schéin. Fir déi et net wëllen, a 25 Minutte si mer duerch... esou an elo maacht iech labber a lass... Juuubel !!!!

Juuubel Jules Serrig, David Kayser, Eldoradio

    • Society & Culture

De Serrig an den David hunn elo hiren eegene Podcast an zerwéieren iech hiert Gebraddels elo reegelméisseg, fir deen, deen et wëll, gëtt et schéin. Fir déi et net wëllen, a 25 Minutte si mer duerch... esou an elo maacht iech labber a lass... Juuubel !!!!

    Episod 34: Bobycar or Bobylegend?

    Episod 34: Bobycar or Bobylegend?

    E Mëttwoch, wou d’Wieder nach gutt war an d’Welt nach an der Rei war hunn de Serrig an den David de Bobycar zelebréiert, engem Mann seng Zänn no 11 Joer erëm fonnt a si schwätzen iwwert d’Vir- an Nodeeler vun enger 4. Schaffdeeg-Woch. Gutt Laun gëtt et och dës Woch erëm am Juubel Podcast mat 2. Härren, déi och um leschte Streihallem eppes Guddes fannen.

    • 23 min
    Episod 33: Vitaminn D

    Episod 33: Vitaminn D

    De Serrig an den David verstreeën an hierer neier Episod Juuubel immens vill Vitaminn D. Doniewent gitt dir gewuer wie vu béide Bluttspender ass a wéi eng Motivatioun dohannert stécht. Vläicht revolutionéiert jo och eng Iddi aus Schweden d’Bluttspenden op der ganzer Welt? De Serrig an David gleewen emol drun. Och erënneren déi zwee sech drun, datt et virun e puer Joer ëm dës Zäit gutt geschneit hat, a si hallef plakeg dobausse souzen. Och gréifen si d’Theema aus der leschter Juuubel Episod op a knaen dëst gutt duerch.

    • 26 min
    Episod 32: Ma da kna dach!

    Episod 32: Ma da kna dach!

    De Serrig an den David gréifen an der éischter Sendung d’Radio Comeback vum Joer 2021 op. Si schwätzen iwwerdeems iwwert d’Schéinheet vu Lëtzebuerg, déi de Lëtzebuerger oft net gesäit a si verbesseren Ärt Iessverhalen. Manner Verdauungsproblemer mam Doc. Serrig, gëtt et an der neier Episod Juuubel.

    • 27 min
    Episod 31: a-sozial

    Episod 31: a-sozial

    De Serrig an David loossen an dëser Episod si kee gutt Hoer um Mount November, deen näischt Guddes huet, oder awer dach? Dir wäert an dëser Episod awer och a Chrëschtdagsstëmmung kommen, dir gitt gewuer, ob si e gréngen Daum hunn an dir léiert dem Serrig säi ganz spezielle grénge Bäifuerer kennen.

    • 25 min
    Episod 30: Vum Soen héieren

    Episod 30: Vum Soen héieren

    De Serrig an den David hunn d’Vakanz an déi kulinaresch Lännerspezialitéiten thematiséiert. Op Lëtzebuerg bezunn ass et ëm d’Kniddele a seng vill Facette gaangen. Doniewent ass et ëm den éischte Glüwäin vum Joer gaangen an den David wënscht sech eng Bullisbox fir de Wanter.

    • 24 min
    Episod 29: D’Ee Prozent Episod

    Episod 29: D’Ee Prozent Episod

    Wat kéint et mat der Ee Prozent Episod vum Serrig an David opsech hunn? Gi geschwënn d’Luuchte vum Handy aus, hu si eng nei Partei gegrënnt a striewen 2023 ee Prozent un oder geet et ëm e Buch? Gitt dëst a villes méi an der neier Episod Juuubel gewuer. Doniewent geet et awer och ëm eng Pizza, e Béier an e Kondom deen ewéi eng Schwammkap ass.

    • 24 min

Top Podcasts In Society & Culture

Inconceivable Truth
Wavland
Soul Boom
Rainn Wilson
Stuff You Should Know
iHeartPodcasts
This American Life
This American Life
Call It What It Is
iHeartPodcasts
Unlocking Us with Brené Brown
Vox Media Podcast Network