15 episodes

De Camille Ney stellt e bësse méi confidentiel Vakanzendestinatioune vir, am Gespréich mat Leit, déi schonn do waren, do liewen, do schaffen... Ganz objektiv ginn hei déi positiv, wéi och vläicht déi méi negativ Säite vun all Destinatioun beliicht – e prakteschen Audio-Reesguide fir Touristen, déi des Plaz wëllen entdecken...

Viva Vakanz - de Podcast RTL Radio Lëtzebuerg

    • Leisure

De Camille Ney stellt e bësse méi confidentiel Vakanzendestinatioune vir, am Gespréich mat Leit, déi schonn do waren, do liewen, do schaffen... Ganz objektiv ginn hei déi positiv, wéi och vläicht déi méi negativ Säite vun all Destinatioun beliicht – e prakteschen Audio-Reesguide fir Touristen, déi des Plaz wëllen entdecken...

    Episod 14: Istanbul, Ankara a Kappadokien

    Episod 14: Istanbul, Ankara a Kappadokien

    De Camille Ney am Gespréich mam Lydia Heinisch vun der ULT a mat hirem Incoming-Partner Ekrem Dișçi



    2025 proposéiert d'ULT eng ganz Rëtsch vu flotte Reesen an d'Türkei, e.a. an déi herrlech Regioun Kappadokien an Anatolien.

    • 34 min
    Episod 13: Bordeaux

    Episod 13: Bordeaux

    "Et kënnt ee fir de Wäin, et bleift ee wéinst der Stad!"



    De Kevin Charpentier vu Bäerdref studéiert Droit op der Université de Bordeaux a stellt dem Camille Ney seng zweet Heemecht vir. Am Podcast kritt Dir och vill praktesch Informatiounen an Andréck aus der schéiner Stad un der Gironde...

    Episod 12: Gstaad

    Episod 12: Gstaad

    D'Christine Kaysen vu Fenteng, Schräinerin zu Gstaad



    Déi geléiert Educatrice a Léierin lieft a schafft elo zanter bal 12 Joer am Schwäizer Berner Oberland. Duerch hir Léift zur Natur an zum Holz huet si de Beruff vum Schräiner geléiert a wëll elo all hir Skills matenee verbannen. De Camille Ney huet sech zu Gstaad mat hir ënnerhal...

    • 35 min
    Episod 11: Langkawi

    Episod 11: Langkawi

    Den Thierry Phal a senger 2. Heemecht a Malaysia!



    De fréiere Chef aus dem 2-Stäre-Michelin-Restaurant "La Bergerie" um Geyeschhaff bei Iechternach ass viru 17 Joer ausgewandert an huet op der Plage vun der malaysescher Insel Langkawi d'Yellow Beach-Bar opgemaach. Am Podcast stellt hien dem Camille Ney seng sonneg Destinatioun vir...

    • 22 min
    Episod 10: Singapur

    Episod 10: Singapur

    Déi wibbeleg asiatesch Mega-Metropol, beschriwwe vun 2 Lëtzebuerger!



    Am Podcast zielen d'Isabel Galiano an de Kim-Kevin De Dood dem Camille Ney, wat si dohi verschloen huet, wéi et hinnen do gefält, wat een als Tourist muss gesinn hunn a gi praktësch Rotschléi fir Är Rees op Singapur ze plangen...

    • 32 min
    Episod 9: Pescara an d'Abruzzen

    Episod 9: Pescara an d'Abruzzen

    Entdeckt déi nei, sonneg Luxair-Destinatioun un der Adria an dat schéint Hannerland!



    Am Podcast zielen d'Lëtzebuerger Ginette Zeyen, Marcel De Bernardinis a Pascal Casel, déi an der Regioun liewen, dem Camille Ney, wat een alles an hirer zweeter Heemecht muss gesinn hunn an d'Nadia Hoegen aus dem Luxair-Marketing gëtt all praktesch Informatiounen, wéi ee komfortabel dohi kënnt...

Top Podcasts In Leisure

DaBaddest Radio
Dear Media
Critical Role
Critical Role
Duck Call Room
Si Robertson & Justin Martin
Simple Farmhouse Life
Lisa Bass
Tales from the Stinky Dragon
Stinky Dragon
ClutterBug - Organize, Clean and Transform your Home & Life
Clutterbug