Viva Vakanz - de Podcast RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Leisure
De Camille Ney stellt e bësse méi confidentiel Vakanzendestinatioune vir, am Gespréich mat Leit, déi schonn do waren, do liewen, do schaffen... Ganz objektiv ginn hei déi positiv, wéi och vläicht déi méi negativ Säite vun all Destinatioun beliicht – e prakteschen Audio-Reesguide fir Touristen, déi des Plaz wëllen entdecken...
-
Episod 13: Bordeaux
"Et kënnt ee fir de Wäin, et bleift ee wéinst der Stad!"
De Kevin Charpentier vu Bäerdref studéiert Droit op der Université de Bordeaux a stellt dem Camille Ney seng zweet Heemecht vir. Am Podcast kritt Dir och vill praktesch Informatiounen an Andréck aus der schéiner Stad un der Gironde... -
Episod 12: Gstaad
D'Christine Kaysen vu Fenteng, Schräinerin zu Gstaad
Déi geléiert Educatrice a Léierin lieft a schafft elo zanter bal 12 Joer am Schwäizer Berner Oberland. Duerch hir Léift zur Natur an zum Holz huet si de Beruff vum Schräiner geléiert a wëll elo all hir Skills matenee verbannen. De Camille Ney huet sech zu Gstaad mat hir ënnerhal... -
Episod 11: Langkawi
Den Thierry Phal a senger 2. Heemecht a Malaysia!
De fréiere Chef aus dem 2-Stäre-Michelin-Restaurant "La Bergerie" um Geyeschhaff bei Iechternach ass viru 17 Joer ausgewandert an huet op der Plage vun der malaysescher Insel Langkawi d'Yellow Beach-Bar opgemaach. Am Podcast stellt hien dem Camille Ney seng sonneg Destinatioun vir... -
Episod 10: Singapur
Déi wibbeleg asiatesch Mega-Metropol, beschriwwe vun 2 Lëtzebuerger!
Am Podcast zielen d'Isabel Galiano an de Kim-Kevin De Dood dem Camille Ney, wat si dohi verschloen huet, wéi et hinnen do gefält, wat een als Tourist muss gesinn hunn a gi praktësch Rotschléi fir Är Rees op Singapur ze plangen... -
Episod 9: Pescara an d'Abruzzen
Entdeckt déi nei, sonneg Luxair-Destinatioun un der Adria an dat schéint Hannerland!
Am Podcast zielen d'Lëtzebuerger Ginette Zeyen, Marcel De Bernardinis a Pascal Casel, déi an der Regioun liewen, dem Camille Ney, wat een alles an hirer zweeter Heemecht muss gesinn hunn an d'Nadia Hoegen aus dem Luxair-Marketing gëtt all praktesch Informatiounen, wéi ee komfortabel dohi kënnt... -
Episod 8: Kopenhagen
Entdeckt déi dänesch Haaptstad mat Demy Schandeler an der Luxair a gewannt hei eng Rees fir 2 Persounen!
Den Nico Pantaleoni, de Kai Thiry, d'Uschi Prümm-Sörensen, d'Véronique Clement, de Mathieu Van Mulders an d'Anne, d'Charlotte an de Pit Prüm zielen dem Camille Ney am Podcast wéi gutt et hinnen an hirer 2. Heemecht gefält a si ginn eis och Geheimtips, wat een zu Kopenhagen esou alles soll a muss maachen...