138 episodes

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

Méi wéi Sex Méi wéi Sex

    • Health & Fitness

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

    Ech wëll eppes vun dir an ech weess genee wat – queer netmonogam Frënd*innenschaften

    Ech wëll eppes vun dir an ech weess genee wat – queer netmonogam Frënd*innenschaften

    Frënd*inneschaften si fir déi allermeeschte Mënschen e wichtegen Deel vun hirem (soziale) Liewen. Leider leede verschidde Faktoren an enger hetero- a mononormativer Welt dorun, fir eis Frënd*inneschaften heinsdo ze vernoléissegen. De Joël an d*e Robin schwätzen an eiser Episod doriwwer, wéi si hir Frënd*inneschafte gesinn - a firwat si queer net-monogam Frënd*inneschaften pfleegen, a wéi hir Queerness a Net-Monogamie déi Frënd*inneschaften stäerkt.



    An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Spectatoring.



    Shownotes:



    Episod 57 iwwer Attraktioun

    • 50 min
    Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn

    Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn

    Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn.  Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wat fir verschiddenen Zorten et ginn.



    Interessant Links:
    MwS Episod #75 iwwert Dauer vu Sex
    MwS Episod #69 iwwert Asexualitéit
    MwS Episod #126 iwwert Demisexualitéit
    Come As You Are vum Emily Nagoski

    • 54 min
    Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral

    Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral

    D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhënnere soll an iwwer dem Robin seng Erfarungen mat dëser Verhütungsmethod.
    Dës Episod ass dann och Deel vun enger neier Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op sex@ara.lu oder kontaktéier eis iwwer social media. :)



    An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Selbstkritik a kulturelle Kontext.



    Shownotes:
    Infos iwwer d'Kofferspiral
    Kofferspiral fir jonk Mënschen
    Infos iwwer d'Kofferketten
    Infos iwwer de Kofferball
    Dem Kelly seng Rubrik iwwer thermesch Verhütung

    • 53 min
    Turnschlappen, Brëscht a Menopause - (kee) Sex am mëttleren Alter?

    Turnschlappen, Brëscht a Menopause - (kee) Sex am mëttleren Alter?

    De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt - a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass "déi gutt Zäiten" dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d'Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht a Sex moies fréih.



    An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer MDMA Koppel Therapie.



    Shownotes:
    Podcast „I Weigh“ with Jameela Jamil
    TED Talk: „The secret to mastering life's biggest transitions“ with Bruce Feiler
    Emily Nagoski „Come as you are“

    • 57 min
    FOMO, Konsum an d'Britney – Toxic Sex Positivity

    FOMO, Konsum an d'Britney – Toxic Sex Positivity

    Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d'Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin iwwert déi toxesch Säit vu Sex Positivity, iwwert déi esoteeresch an essentialistesch Weltbiller, déi sech dacks hannert engem sexpositiven Image verstoppen – an doriwwer, wéi mir selwer entscheede kënnen, wat mir net verpasse wëllen a wat schonn. A wann dir duerno nach net genuch entspaant sidd, schwätzt Kelly an der Rubrik iwwer Stress.

    • 39 min
    Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg

    Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg

    Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der lutte féministe am Land.



    Shownotes:
    Megaphone.lu (Website an op Instagram)
    Fraendag.lu
    Buch: Mit den Haien Streiten

    • 48 min

Top Podcasts In Health & Fitness

ALIGNÉ par Major Mouvement
Major Mouvement
Mens erger je niet
VRT WinWin
Zonder Zever. Over goe leven
Hana en Amber
Alles goed?
radio2
Spreekuur met Dokter Servaas
Dokter Servaas
Huberman Lab
Scicomm Media

You Might Also Like

Oh, Baby! ... für besseren Sex
Leo & Josi
REPORTER On the Record
Reporter.lu
Invité:e vum Dag
radio 100,7
Mädelsabende
funk – von ARD und ZDF
AURORA´s MISTRESS TALK
Aurora Nia Noxx
Beyond the Secret
Ace Fanning