71 episódios

All Mëttwoch Owend vun 20:00 bis 22:00 spille mir am Studio 6 zwou Stonne laang Lëtzebuerger Musek non stop.

Studio 6 Eldoradio

    • Música

All Mëttwoch Owend vun 20:00 bis 22:00 spille mir am Studio 6 zwou Stonne laang Lëtzebuerger Musek non stop.

    Replay Studio6 - Mean To You - 29.11.2023

    Replay Studio6 - Mean To You - 29.11.2023

    Mean To You huet 2013 als Band ugefaangen. Nodeems d'Museker am Gudden auserneegaange sinn, ass et mëttlerweil dem Mulles säi Solo-Projet. De 4. Dezember kënnt déi nei EP "What We Could Have Been" eraus a mir konnten am Studio6 schonn exklusiv eralauschteren!

    • 1h 13 min
    Replay Studio6 - Mæhila - 22.11.2023

    Replay Studio6 - Mæhila - 22.11.2023

    Déi lëtzebuergesch Kënschtlerin Mæhila ass aktuell baséiert zu Amsterdam. Nieft senger Karriär als Schauspillerin a Performerin, mécht hatt virun allem och Musek. Am Studio6 huet d'Mæhila eis seng Debut-EP "Emotional Trespass" presentéiert!

    • 1h 7 min
    Replay Studio6 - Don Piano - 15.11.2023

    Replay Studio6 - Don Piano - 15.11.2023

    Déi lëtzebuergesch Formatioun Don Piano ronderëm de Batteur a Sänger John Wolter bréngt de 17. November den Debut-Album "Oxytocin" eraus. Dëse presentéieren si um Release-Dag och live an der Escher Kulturfabrik!

    • 1h 22 min
    Replay Studio6 - The Cookie Jar Complot - 08.11.2023

    Replay Studio6 - The Cookie Jar Complot - 08.11.2023

    Déi lëtzebuergesch instrumental Post- bis Math-Rock-Band The Cookie Jar Complot huet huet hir nei EP "Lobster Knife Fight" erausbruecht. Den 10. November feiere si zesumme mat No Metal in This Battle eng grouss Release-Party an de Rotondes! E Mëttwoch waren de Sven an de Gilles op Besuch am Studio6.

    • 1h 28 min
    Replay Studio6 - Jambal - 25.10.2023

    Replay Studio6 - Jambal - 25.10.2023

    Déi jonk lëtzebuergesch Jazz-Band Jambal huet hiren neien Album "Enterprises of Great Pith and Moment" erausbruecht. D'Wierk ass an Zesummenaarbecht mam Komponist Tristan De Liege entstanen. E Mëttwoch am Studio6 waren de Ben an den David op Besuch am Studio6!

    • 1h 21 min
    Replay Studio6 - Fallen Lies - 18.10.2023

    Replay Studio6 - Fallen Lies - 18.10.2023

    Den 20. Oktober brénge Fallen Lies hiren zweete Studio-Album "Broken" eraus. Déi lëtzebuergesch Rock-Band feiert de Release mat enger Sold-Out-Show um Floor vun der Rockhal. E Mëttwoch am Studio6 konnte mir schonn exclusiv eralauschteren!

    • 1h 21 min

Top podcasts em Música

Do vinil ao streaming: 60 anos em 60 discos
Do Vinil Ao Streaming
Sambas Contados
Globoplay
Sabe Aquela Música?
Rádio Mix FM
Discoteca Básica Podcast
Discoteca Básica Podcast
CLUBLIFE
Tiësto
B3
B3 Podcast