50 épisodes

Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus

Europa Aktuell radio 100,7

    • Actualités

Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus

    Walcampagne an der EU: Ënnerschiddlech Theemen an Interêt

    Walcampagne an der EU: Ënnerschiddlech Theemen an Interêt

    E Sonndeg aacht Deeg si bei eis Europawalen - tëschent nächstem Donneschdeg an dem Sonndeg sinn a 27 EU-Länner ronn 400 Millioune Leit opgeruff déi 720 Europadeputéiert aus dem nächsten Europaparlament ze wielen. D’Walcampagnë sinn also iwwerall voll amgaangen - allerdéngs mierkt een dat op ville Plaze kaum, wat jo och fir Lëtzebuerg gëllt. Och d’Sujete variéiere staark vun engem Land op dat anert. D’Danièle Weber huet e puer Stëmme vu Journalisten a Journalistinnen aus dem Radios-Reseau Eurananet Plus zesummegestallt.

    • 4 min
    Ee Walowend mam Raphaël Glucksmann

    Ee Walowend mam Raphaël Glucksmann

    "Réveiller L’Europe” - ënner dësem Motto trëtt de Sozialist Raphaël Glucksmann bei den Europawalen a Frankräich un. An de Sondagë läit hie knapp ee Prozent hanner der Kandidatin vun der Regierungspartei, der Valérie Hayer, op Plaz dräi an ass sécherlech de groussen Iwwerraschungskandidat bei dëser Wal. Hie kéint d'Resultat vun de Sozialiste par rapport zu leschter Kéier bal verduebelen. Wat ass säin Erfollegsrezept, a wéi enge Punkte kann hie seng Wieler iwwerzeegen? De Max Tholl war gëschter Owend zu Paräis beim Meeting vun de Sozialisten, bei deem och hiren europäesche Spëtzekandidat, de Lëtzebuerger Nicolas Schmit, opgetrueden ass.

    • 3 min
    Walcampagne an der EU: Ënnerschiddlech Theemen an Interêt

    Walcampagne an der EU: Ënnerschiddlech Theemen an Interêt

    E Sonndeg aacht Deeg si bei eis Europawalen - tëschent nächstem Donneschdeg an dem Sonndeg sinn a 27 EU-Länner ronn 400 Millioune Leit opgeruff déi 720 Europadeputéiert aus dem nächsten Europaparlament ze wielen. D’Walcampagnë sinn also iwwerall voll amgaangen - allerdéngs mierkt een dat op ville Plaze kaum, wat jo och fir Lëtzebuerg gëllt. Och d’Sujete variéiere staark vun engem Land op dat anert. D’Danièle Weber huet e puer Stëmme vu Journalisten a Journalistinnen aus dem Radios-Reseau Eurananet Plus zesummegestallt.

    • 4 min
    Ungarn blockéiert Ukrain-Hëllef

    Ungarn blockéiert Ukrain-Hëllef

    D’EU huet wëlles, der Ukrain weider Militär- an Infrastrukturhëllef a Milliardenhéicht zoukommen ze loossen. Déi Fongen awer stieche fest, well ee Land blockéiert: Et ass Ungarn, wat permanent Nee seet. Déi aner 26 EU-Länner hunn net ganz vill Moyene fir dogéint virzegoen.

    • 3 min
    EU an Unerkennung vun engem palästinensesche Staat

    EU an Unerkennung vun engem palästinensesche Staat

    D’Situatioun am Noen Oste war op en Neits ee vun de Sujeten gëschter bei der Reunioun vun den Ausseministere vun de 27 EU-Länner.
    Wéi soll d’EU domat ëmgoen, datt den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag, de leschte Freideg ordonéiert hat, Israel misst seng Offensiv am Süde vun der Gazasträif stoppen? Dat war eng vun de Froen, iwwer déi diskutéiert gouf - eng eenheetlech Äntwert ass do vun de 27 net ze erwaarden - och net, wat d’Unerkenne vun engem onofhängege palästinensesche Staat ugeet. D’Danièle Weber huet déi Diskussioune fir eis suivéiert.

    • 3 min
    Frankräich: Wat mécht den Rassemblement National a Frankräich esou staark?

    Frankräich: Wat mécht den Rassemblement National a Frankräich esou staark?

    Zwou Woche virun den Europawale läit de rietspopulistesche Rassemblement National a Frankräich mat 31 Prozentpunkten an de Sondagë wäit vir an huet bal duebel souvill Support wéi d’Regierungspartei. Leschten Donneschdeg stounge sech den RN-Spëtzekandidat Jordan Bardella an de Premierminister Gabriel Attal an engem Televisiounsdebat géigeniwwer an hunn hir Visioune fir Europa verdeedegt. Wat mécht den RN esou staark, a wéi eng Sujete kéinte fir d’Wielerschaft a Frankräich entscheedend sinn? De Max Tholl mat enger Analys

    • 3 min

Classement des podcasts dans Actualités

LEGEND
Guillaume Pley
Les Grosses Têtes
RTL
Les actus du jour - Hugo Décrypte
Hugo Décrypte
L’Heure du Monde
Le Monde
Les Actus Pop - HugoDécrypte
HugoDécrypte
C dans l'air
France Télévisions

D’autres se sont aussi abonnés à…

Den Hallwer Néng
radio 100,7
Presserevue
radio 100,7
Invité:e vum Dag
radio 100,7
Panorama
radio 100,7
RTL - Invité vun der Redaktioun
RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Background
RTL Radio Lëtzebuerg