Europa Aktuell radio 100,7
-
- Actualités
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
-
Frankräich: De President setzt op Risiko
A Frankräich setzt de Schock nach déif - zwee Deeg no der historescher Victoire vum franséische Rassemblement National bei der Europawal an den Neiwalen, déi de President Emmanuel Macron als Konsequenz annoncéiert huet. Wat ass d'Strategie vum Emmanuel Macron géint den RN a wat kann ee vun de Legislativwalen an dräi Wochen erwaarden? Doriwwer gëtt elo vill diskutéiert. De Max Tholl mat enger Aschätzung zur politescher Kris a Frankräich no dësen Europawalen.
-
Tendenz no riets
Bei den Europawalen huet sech an de groussen Tendenzen dat confirméiert, wat an de Sondagë virausgesot gouf. Nämlech ee Rietsruck. Am dramateschsten huet sech dat a Frankräich manifestéiert, wou de President Emmanuel Macron Neiwalen annoncéiert huet. Hei zu Lëtzebuerg huet déi rietskonservativ Partei ADR et fir d’éischte Kéier an d’Europaparlament gepackt.
-
D-Day an Europa
D'Europawale si méi wéi jee determinant fir d'Zukunft vun der EU - dovun ass den Olivier Hanrion vun der RTBF iwwerzeegt. De Grond: de Rietsruck, dee méiglecherweis bevirsteet. Grad déi jonk Wielerinnen a Wieler a Frankräich an an Däitschland wieren interesséiert un de Positioune vun de rietsextreeme Parteien. Firwat? De Journalist vum belsche Radio sicht no Äntwerten.
-
Europawalen: Wéi war d'Campagne, wat soen Sondagen, wéi geet et virun?
D'Walkampagne fir d'Europawale kënnt esou lues op en Enn. Wéi ass se verlaf? Wat soen déi neitste Sondagen - bleift et dobäi, datt mat staarke Gewënner op der rietser Säit ze rechnen ass? A wa jo - wat heescht dat fir d’Zesummesetzung vum nächsten Europaparlament? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
-
Spuenien: Rietsextreem dominéieren am Walkampf
A Spuenie soen d'Sondagë fir d'Europawalen een enkt Resultat tëschent de Konservative vum Parti Populaire an de Sozialiste viraus. Alle béid léichen deemno bei ëm déi 30 Prozent.
D'Resultat vun der Extrême Droite kéint iwwerdeems nach fir Iwwerraschunge suergen - den Ëmfroen no kéime si op 10 Prozent vun de Stëmmen, Iwwer si gouf am meeschten an dësem Walkampf geschwat. De Reportage vu Barcelona vun eiser Korrespondentin Aurélie Chamerois -
Portugal: Rietspartei Chega setzt Migratioun als Walkampftheema Nummer 1
A Portugal ass d’Migratioun ee vun den Haaptsujeten am Walkampf fir d’Europawalen. Bei de leschte Wale viru 5 Joer gouf zwar bal net doriwwer geschwat, mee elo huet déi rietsextreem Partei Chega hire politeschen Agenda imposéiert.