Europa Aktuell radio 100,7
-
- Actualités
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
-
China: Partner, Konkurrent a Rival fir Europa
Géintiwwer der presuméierter deloyaler Konkurrenz vu China versichen net nëmmen d'USA, mee och d'EU, sech ze wieren. Ob a wéi dat geléngt, kommentéiert den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF.
-
EIB kéint d'Dier opmaache fir de Finazement vun Atom-Projeten
Ee Strategiepabeier leet no, datt déi Europäesch Investitiounsbank d‘Entwécklung vu klengen Atomreakteren ënnerstëtze soll. E muss nach vun de Memberlänner guttgeheescht ginn. D‘Lëtzebuerger Positioun steet nach net fest, esou de Finanzministère.
-
Ëffentlech Konferenz iwwer den europäesche Sockel vun de soziale Rechter
An der Chambre des Salariés huet gëschter Owend de Ludovic Voet, e belsche Syndikalist vum Europäesche Gewerkschaftsbond, e Virtrag gehalen iwwer den europäesche Sockel vun de soziale Rechter. Ënner de Gäscht vun där gutt besichter Konferenz war z. B. d'Martine Deprez, Ministesch vun der Sécurité sociale.
-
Handyverbuet fir Kanner?
Vu wéini u solle Kanner een Handy oder eng Tablett hunn? A Frankräich hat de President Emmanuel Macron den Avis vun Experten gefrot. D’Recommandatioune vun där Kommissioun si streng: Kanner sollten eréicht vun 3 Joer un vrun engem Ecran dierfe setzen, Handyen sollten eréicht vun engem Alter vun 11 Joer un erlaabt sinn, an dat an den éischte Joeren och ouni Accès op den Internet. Déi franséisch Regierung ass am gaangen iwwert entsrpiechend Gesetzer nozedenken a géif och gären eng Diskussioun op EU-Niveau doriwwer ustoussen.
Lëtzebuerg awer wëll bis op Weideres net op dee Wee vu Verbueter goen. -
Europawalen: De Claude Meisch ass nach ëmmer fir d'Erofsetze vum Walalter op 16 Joer
Jugendorganisatiounen a ganz Europa fuerderen, den Alter iwwerall an der EU op 16 Joer erofzesetzen. D’Decisioun awer läit bei de Memberlänner. An do bleift d’Approche ënnerschiddlech.
Zu Lëtzebuerg ass keng Ännerung geplangt, obschonn den Educatiounsminister dofir wier, den Alter erofzesetzen. -
Walen a Katalounien: Separatiste verléiere fir d'éischte Kéier zanter 1980
A Spuenien gouf gëscht an der Regioun Katalounien gewielt - ee Vott, deen och als Virschau op d'Europawalen an engem Mount ugesi gouf. Et ass fir d'éischte Kéier zanter 1980 datt d'Separatiste verluer hunn - an d'Sozialisten haut la main haute als Gewënner aus deene Walen erfir ginn. Explikatiounen vun eiser Korrespondentin Aurélie Chamerois.