Invité:e vum Dag radio 100,7
-
- Actualités
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
-
Nicolas Schmit
An den éischte Woche vum Europawalkampf gouf de sozialistesche Spëtzekandidat als ze zam kritiséiert. De Rick Mertens freet hien, wéi zefridden hie selwer mat senger Campagne ass.
-
Danielle Filbig, Fernand Kartheiser, Athanase Popov a Joe Thein
Diskussiounsronn zum Theema Migratioun am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun LSAP, ADR, d’Bréck an déi Konservativ. Moderatioun: Maurice Molitor
-
Jerry Grbic
De Maurice Molitor schwätzt mam CEO vun der ABBL iwwer d’Clôture vu Konte bei der ING an iwwer déi nei SPV-Initiativ vum Bankesecteur fir dem Wunnengsbau nees op d’Been ze hëllefen.
-
Terry Reintke
D’Ëmfroe soen de Gréngen a ville Länner grouss Verloschter bei den Europawale viraus. Ass den Negativtrend nach ze stoppen? De Rick Mertens freet déi europawäit Spëtzekandidatin.
-
Pascal Peters
Mam neie Generaldirekter vun der Police schwätzt de Maurice Molitor ë. a. iwwer lokal Police-Unitéiten a massiv Rekrutementer, iwwer Equipementer an Digitalisatioun.
-
Conny Jaroni, Patrick Lamesch an Ali Ruckert
Am Virfeld vun den Europawalen: eng Ronn mat Vertrieder vun dräi klenge Parteien, déi keng Aussiicht op e Sëtz hunn: VOLT, déi Konservativ a KPL. Moderatioun: Maurice Molitor