RTL - Automag RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Sport
Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto
-
Mercedes-Benz CLE, 27/05/2024
Haut am Automag eppes aus der Kategorie Dramauto. E chice neie Cabriolet gouf bei summerlechen Temperaturen op Teneriffa presentéiert. Dat war de Mercedes-Benz CLE, an de Christian Schmit wosst dat ze genéissen.
-
Opel Frontera, 20/05/2024
D'Mark mam Blëtz am Logo, Opel feiert 2024 125 Joer, an erfreet sech am Moment grousser Beléiftheet. A fir dass dat och esou bleift kommme permanent nei Modeller an de Showroom.Elo ass et da geschwënn um Frontera. Wéi e Profil dee wuel huet a genee positionnéiert soll ginn?
Alles dat gouf de Christian Schmit op enger Avant-Première zu Rüsselsheim gewuer. -
Opel Grandland, 25/04/2024
Haut am Automag eng Avant Première. Dat mam Opel Grandland vun der zweeter Generatioun. Een aus der Kategorie SUV. Dat bleift esou, mee soss ass et dach e komplett neie Modell.Fir eis war de Christian Schmit dobäi wéi de Voile eng éischte Kéier gelëft gouf.
Salut Christian. -
Test Hyundai Kona EV, 18/04/2024
Zanter 2017 gëtt et an der Gamme vun Hyundai, de Kona. Relativ fréi hat de koreanesche Konstrukteur, nieft de reng thermesche Motoren och eng Hybrid- an och eng Elektroversioun, a sengem Portfolio. Am Automag vun haut schwätze mir iwwer deen neien Kona dee reng elektresch ënnerwee ass. De Rich Simon huet den Auto getest. Rich de Kona am elektreschen ass schonns een alen Hues...
-
Automag: VW Tiguan, 11/03/2024
7,6 Millioune mol huet en sech verkaf, de VW Tiguan! Zu Recht kann een do vun engem, grousse Succès schwätzen. Elo start déi drëtt Generatioun vum kompakten SUV an de Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun zu Nice dobäi.
-
Volvo C40 mat Range Extender, 29/02/2024
Elektro Autoen erbléckst e jo elo ëmmer méi dacks am deegleche Stroosse Verkéier.
Kann e sech och elo op d’Rees an d’Ausland mat hinnen trauen, a klappt dat mam Oplueden ënnerwee.
Dat fanne mir haut eraus, wëll de Christian Schmit war mam Testauto, dem Volvo C40, op den Tour.
Salut Christian. Wou goung d’Rees dann hin?