Invité:e vum Dag radio 100,7
-
- News
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
-
Markus Beyrer
Déi europäesch Wirtschaft erlieft de Moment keng ganz einfach Zäiten. D'Konkurrenten USA a China leien a Saache Wuesstem e gutt Stéck vir, gläichzäiteg suerge geopolitesch Tensioune fir Stress an d'Transitioun a Richtung gréng Zukunft erfuerdert vun enger Partie Entreprisë vill Efforten. D'Lobbyorganisatioun BusinessEurope fuerdert dofir, datt an der nächster Legislatur vun der EU-Kommissioun eng Rei Weiche nei gestallt ginn. Hire President, den Eisträicher Markus Beyrer ass dem Christiane Kleer säin Invité vum Dag.
-
Emile Eicher
Sinn d’Lëtzebuerger Gemenge gutt genuch géint Cyberattacke geschützt? Dat freet de Rick Mertens de President vum Gemengeverband Syvicol.
-
Anne Winter (Fokus), Peter Freitag (Mir d'Vollék) & Athanase Popov (d'Bréck)
Fir den 9. Juni ee vun de sechs Lëtzebuerger Sëtz ze kréie muss een op mannst op 10 Prozent vun de Stëmme kommen. Wéi geet et an de Walkampf wann ee weess, datt dat Zil net erreeche wäert sinn? Dat freet d'Christiane Kleer d'Ronn.
-
Stephan Gehmacher
Am Interview mam Maurice Molitor schwätzt de Generaldirekter vun der Philharmonie ë.a. iwwer de Concertsprogramm vun der Saison 2024/25, den Ausbau vum Gebai an d’Sich no engem neie Chefdirigent fir d’Lëtzebuerger Philharmoniker.
-
Patrick Dury
D’Sozialwale sinn eriwwer, mee d’Theme bleiwen: de Maurice Molitor schwätzt mam LCGB-President iwwer déi zentral Punkten aus senger 1. Mee-Ried.
-
Serge Kollwelter
Am Kontext vun der Portugal-Expo am Musée: Erënnerungen un d’Ufäng vun der portugisescher Immigratioun hei am Land. De Maurice Molitor schwätzt mam Serge Kollwelter, deen als Schoulmeeschter a Scoutechef direkt enk Liene mat där neier Communautéit opgebaut huet.