37 min

24. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Jean Back, 24/10/2023 RTL - BicherLies

    • Books

Mat "Nuebelschnéier" huet de Jean Back e ganz perséinlechen Erzielband erausbruecht.

"Nuebelschnéier", dat sinn zwou Kuerzgeschichten an e Kapitel mat Textfragmenter déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn, déi awer all iergendwéi zesummenhänken.

"De Firmi" gëtt aus der Siicht vun engem klenge Jong erzielt, deen an enger Psychiatrie ass, well e vu senger Mamm mësshandelt gouf. Trotzdeem wënscht en sech näischt méi wéi nees bei si ze kommen.

"De wäissen Tiger" spillt an engem Altersheem. Den Enkel, dee seng Bom regelméisseg do besicht, fënnt no an no méi iwwert hier Jugendzäit eraus a léiert déi eeler Damm vun enger ganz anerer Säit kennen.

An "Ze déif a d'Gewan gekuckt - 20 Glieser an e puer Schierbelen" verschafft de Jean Back den Doud vu senger Mamm, déi viru kuerzem am Alter vun 93 Joer gestuerwen ass.

Am Interview mat de "BicherLieser" Jérôme Jaminet a Bea Kneip verréit de Jean Back wéi en duerch de Roger Manderscheid un d'Schreiwe komm ass, hien erzielt vun enger Schoulaufgab déi him, Joren duerno, e wichtege Literaturpräis abruecht huet an hie geet op dee schwierege Prozess vun der Trauer ëm seng Mamm an.

De Jean Back, Joergang 1953, schreift op Däitsch an op Lëtzebuergesch. Mat "Wollekestol" huet hien 2003 säin éischte Roman bei den Editions ultimomondo erausbruecht. Fir seng Novelle "Amateur" gouf hien 2010 mam European Prize for Literature ausgezeechent. Nieft der Literatur interesséiert sech de Jean Back och fir Molerei, Fotografie a Film. Vun 1989 bis 2015 war hien Direkter vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA) zu Diddeleng.

"Nuebelschnéier" vum Jean Back ass bei Kremart Edition erauskomm.