RTL - BicherLies

Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.

  1. 29/11/2025

    36. BicherLies Weltbibliothéik: En Ausfluch an d'Literatur vu Japan, 29/11/2025

    Nodeems de Jérôme an d'Bea viru kuerzem en Interview mat der Amélie Nothomb gefouert hunn, si si virwëtzeg ginn op d'Literatur vu Japan Japan ass e grousst Thema an de Bicher vun der Amélie Nothomb, si huet en Deel vun hirer Kandheet do verbruecht. Et ass e Land dat faszinéiert, wéi och de Lëtzebuerger Schrëftsteller Robert Weis bezeie kann. Mat "Retour à Kyoto" an "Yamabushi - la sagesse des montagnes" huet hie schonn zwee Bicher erausbruecht an deenen hie seng Reesen a Japan verschafft. Grond genuch fir de Jérôme an d'Bea fir sech an der neister Episod vun hirem Podcast "BicherLies" mam Land vun der opgoender Sonn ze beschäftegen! Nodeems si vun der Amélie Nothomb a vum Robert Weis haaptsächlech Klassiker aus der japanescher Literatur recommandéiert kruten, wollte si sech awer och iwwer déi rezent Publikatiounen aus Japan informéieren. Am Podcast erzielen si wéi eng Bicher si gelies hunn a wéi eng dovun hinnen am beschte gefall hunn.   Iwwer dës Bicher gëtt (ënner aneren) am Podcast geschwat: "Die Stadt und ihre ungewisse Mauer" Haruki Murakami (Dumont) “Schwindende Welt” Sayaka Murata (Aufbau Verlag) "Under the Eye of the Big Bird“ Hiromi Kawakami (Soft Skull Press) "Tokyo Sympathy Tower"  Rie Qudan (Hoffmann und Campe) "Das Gelbe Haus“ Mieko Kawakami (Dumont) "HEN NA E. Seltsame Bilder" Uketsu (Lübbe) "Hunchback" Saou Ichikawa (Ecco Verlag) "Der Hase im Mond" Milena Michiko Flasar (Verlag Klaus Wagenbach)

  2. 01/05/2025

    33. Weltbibliothéik: Zäitgenëssesch eedgenëssesch, 01/05/2025

    Nei Literatur aus der Schwäiz Max Frisch, Friedrich Dürrenmatt, Jean-Jacques Rousseau oder Madame de Staël, dat sinn déi Klassiker déi engem direkt an de Sënn kommen wann een un d'Schwäiz denkt. Mä et ginn och eng ganz Rëtsch zäitgenëssesch Auteuren déi een op kee Fall verpasse sollt! E Christian Kracht oder e Joël Dicker gehéiere ganz sécher dozou, de Jérôme an d'Bea hunn awer nach e puer aner eedgenëssesch Buchtipps fir Iech parat. Sozialkritesch, historesch oder léiwer skurril a witzeg? Dir hutt d'Wiel! Iwwer dës Bicher diskutéieren de Jérôme an d'Bea: Sarah Elena Müller – "Bild ohne Mädchen" (de 6te Mee 2025 zu Lëtzebuerg!)* Fabio Andina – "Sechzehn Monate" (Iwwersetzung aus dem Italieneeschen) Joël Dicker – "Un animal sauvage" (Ein ungezähmtes Tier) Joël Dicker -  "La très catastrophique visite du zoo" Christian Kracht – "Air" Joseph Incardona – "Stella et l’Amérique" Jonas Lüscher – "Kraft" Jonas Lüscher - "Verzauberte Vorbestimmung" Buchtipps fir méi iwwert d’Schwäiz an hir Literatur gewuer ze ginn "99 Beste Schweizer Bücher. Literarische Coups de Coeur". "20/21 Synchron –  Ein Lesebuch zur Literatur der mehrsprachigen Schweiz von 1920 bis 2020" Peter von Matt – "Das Kalb vor der Gotthardpost" / "Die tintenblauen Eidgenossen" *Schwäizer Literatur live erliewen, dat kënnt Dir en Dënschdeg 6te Mee 2025 an der Lëtzebuerg City Bibliothèque! Déi Schwäizer Schrëftstellerin Sarah Elena Müller diskutéiert am Kader vun der Veranstaltungsrei „Literatur über Kreuz – literarische Freundschaften zwischen der Schweiz und Luxemburg“ mam Lëtzebuerger Schrëftsteller Luc François. Den Entrée ass fräi, umelle kann een sech iwwer Telefon 4796-2732 oder per Mail: bibliotheque-events@vdl.lu

    46 min

Ratings & Reviews

5
out of 5
2 Ratings

About

Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.

More From RTL Radio Lëtzebuerg